Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
EU: d’Reform vun den Autorerechter
International Neiegkeeten WTF

EU: d’Reform vun den Autorerechter

D’EU vun den 28 ass um Freideg, trotz der Oppositioun

secret
Ass dëse fuerchtbaren Trend och zu Lëtzebuerg ukomm?
International Neiegkeeten WTF

Ass dëse fuerchtbaren Trend och zu Lëtzebuerg ukomm?

Nëmmen di mannsten hunn dovunner héieren, mee mëttlerweil zitt se

Wéi gutt kenns du Gréiwemaacher?
International Neiegkeeten WTF

Wéi gutt kenns du Gréiwemaacher?

Gréiwemaacher gehéiert zu den zwielef Stied hei am Land. D’Muselstad

surprise

Wéinst de Spannunge mam Iran: De Macron besicht Saudiarabien

Wéinst de Spannunge mam Iran: De Macron besicht Saudiarabien

De franséische President ass um Donneschdegowend zu Riad ukomm. En Visite déi zimlech iwwerraschend komm ass, a virun allem geduecht fir de Spannungen déi tëscht Saudiarabien an dem Iran bestinn, den Drock ze huelen.

Am fréien Owend hat den Emmanuel Macron zu Dubai ugekënnegt, fir „zwou Stonnen“ op Riad ze fléien. Eng kuerz Visite fir en Entretien mam Ierfprënz Mohammed ben Salmane, deen als de neie staarke Mann vu Saudiarabien betruecht gëtt.

Bei de Gespréicher sinn den Ierfprënz an de franséische President op déi rezent Entwécklungen am Noen Osten agaangen. Och déi gemeinsam Ustrengung fir Sécherheet a Stabilitéit an der Géigend ass ugeschwat ginn. An dësem Kader natierlech d‘Koordinatioun am Kampf géint den Terrorismus, wéi et vun der saudescher Presseagentur SPA weidergeleet ginn ass.

D‘Entscheedung esou kuerzfristeg eng Entrevue mam Ierfprënz Mohammed ben Salmane anzebauen, wier am fréien Donneschdegmuere geholl ginn. De Macron huet do erkläert „datt et wichteg ass mat jidderengem ze schwätzen“ an datt Frankräich eng Roll hätt „fir de Fridden ze schafen“.

Hien huet dann och séier kloer gemaach, datt hie mam Ierfprënz iwwert d‘Situatioun, notamment mam Iran, dem Yemen an dem Libanon – wou de Premierminister Saad Hariri um Samschdeg d‘Handduch gehäit huet – wéilt schwätzen. Och d‘Tatsaach, datt säit dem leschte Weekend den Toun tëscht Saudiarabien an dem Iran alt nach eppes méi haart ginn ass, huet d‘Entrevue néideg gemaach.

Iwwerzeegen

Am Häerz vun de Gespréicher, sécher och d‘Zukunft vum Libanon, mee virun allem de Konflikt am Yemen, wou sech déi zwee „Schwéiergewiichter“ vum Noen Osten, géinteniwwer stinn. Eng Ausenanersetzung tëscht Saudiarabien an dem Iran, déi am Yemen zur aktuell gréisster humanitärer Kris gefouert huet. Dat ass zumindest d‘Positioun vun de Vereenten Natiounen.

An dësem Dossier huet „de franséische President den Ugrëff mat enger Rakéit op Riad, duerch d‘Huthi (Rebellen déi vum Iran ënnerstëtzt ginn) veruerteelt an déi franséisch Solidaritéit mam Kinnekräich ënnerstrach“, betount déi Saudesch Presseagentur SPA.

„Ech hu ganz haart Positiounen héieren“ déi vu Saudiarabien „géintiwwer dem Iran zum Ausdrock komm sinn, an sech net mat menge Virstellungen decken“ hat den Emmanuel Macron bei enger Pressekonferenz virum sengem Depart no Riad deklaréiert. Allerdéngs, esou de Macron weider „ass et eng Viraussetzung mat Saudiarabien zesummenzeschaffe fir d‘Erhale vun der regionaler Stabilitéit ze garantéieren. Dat och am Zesummenhang mat de bilaterale Bezéiungen déi mir ënnerhalen“.

De franséische President wëll awer och d‘Nuklearofkommes mam Iran aus dem Joer 2015 net opginn. En Accord mat deem sech den Iran verflicht huet, op Atomwaffen ze verzichten. Am Géigenzuch ass dem Iran zougesot ginn, déi wirtschaftlech Sanktioune progressiv opzehiewen. Mee den Accord gëtt ewell scho vum Donald Trump a Fro gestallt, deen och dem saudesche Kinnekshaus verbonnen ass.

Esou soll, datt ass de Wonsch vum Emmanuel Macron, dësen Accord onbedéngt erhale bleiwen a respektéiert ginn. De franséische President gesäit dann awer och an, datt den Accord sollt vun zwee Piliere gefestegt ginn. Esou schéngt eng Verhandlung ubruecht déi sech der ballistescher Aktivitéit vum Iran unhëlt, wa néideg ënnerstëtzt vu Sanktiounen. Als zweet, sollt et dann e strategeschen Debat zur iranescher Virherrschaft an der ganzer Regioun ginn.

Den Emmanuel Macron huet dann och kloergestallt, datt hien nach ëmmer decidéiert sech 2018 an de Libanon ze beginn. „Ech wäert dann och opweisen, wéi wichteg d‘Stabilitéit an d‘Integritéit vum Libanon ass“, esou de Macron, deen drop higewisen huet, datt et „informell Kontakter“ mam Saad Hariri gëtt. Deen hätt dann iwwregens och net nogefrot fir dierfen a Frankräich ze kommen,m och wann et hei entspriechend Rumeure ginn huet.

Gutt zesummeschaffen

Dem Macron seng Visite an den Emirater wier dann och gewënnbréngend gewiescht. Bei senger éischter Rees an de Noen Oste säit Amtsuntrëtt wier bis dohinner alles ganz positiv verlaf. Eng Feststellung, déi ee notamment och un der Aweiung vum „Louvre“ vun Abu Dhabi, dem éischten „universelle Musée“ an der arabescher Welt ka festmaachen.

Fir de franséische President sinn d‘Emirater verständlecherweis e ganz wichtege Partner, dat wéinst hirem Engagement am Kampf géint den islamesche Staat (IS), mee ganz kloer och als „Client“ am Beräich vun der Verdeedegung. (D‘Emirater hunn sech kierzlech entscheet zwou Korvetten bei de Fransousen ze kafen)

Bei seng Rees an d‘Emirater huet den Emmanuel Macron och déi 700 franséisch Zaldote besicht, déi an den Emirater stationéiert sinn an un den Operatiounen am Irak an a Syrien bedeelegt sinn. Hien hinne Merci fir hiren Asaz gesot an drop higewisen, datt de Kampf och dann nach net wäert um Enn, sinn wann den IS „offiziell“ geschloen ass. D‘Stabiliséierung vun der Regioun an de Kampf géint d‘„Iwwerreschter“ vum Kalifat wäerten et néideg maachen, nach laang an der Regioun present ze sinn.

mam Anuj Chopra/AFP

Foto: De franséische President op Besuch um Marinestëtzpunkt zu Abu Dhabi dëse 9. November. © Ludovic Marin/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Emirater, Emmanuel Macron, Iran, Libanon, Saudiarabien, Yemen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel