Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Den Dracula gëtt bësseg!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den Dracula gëtt bësseg!

Um 14. Februar 1931 ass den Horrorfilm „Dracula“ vum Regisseur

Déi Lénk 2019: Mat der aktueller Politik briechen
International Neiegkeeten

Déi Lénk 2019: Mat der aktueller Politik briechen

Gëschter Owend war et un déi Lénk, fir op d’Joer

Naasst Gemupps: De Beeforter Aqua Park huet d’Hënn glécklech gemaach
International Neiegkeeten

Naasst Gemupps: De Beeforter Aqua Park huet d’Hënn glécklech gemaach

D’Buedduch war placéiert, d’Schwammbox souz a mat engem gewiifte Sprong

Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?

Virum Besuch vum russesche Premierminister zu Lëtzebuerg hieft Washington den Toun

Ass de Bettel dem Trump säi Kniecht?

Nom US-Ambassadeur zu Berlin, Richard Grenell, ass et elo deen zu Lëtzebuerg, dee sech ganz entscheet a massiv an intern politesch Ugeleeënheeten amëscht. De Randy Evans, deen e fervente Supporter vum „America First“ Programm ass, gëtt dem Xavier Bettel (DP) Uweisungen am Ëmgang mat dem russesche Premierminister, Dmitri Medvedev. Awer soss geet et mam Geliits?

Russland, dat um internationale Plang politesch zimlech isoléiert ass, wat net zu gudder Lescht op d‘Annexioun vun der Krim, an dem politesche Positionnement a Syrien geschëlt ass, bleift awer fir Europa e „privilegiéierten“ Handelspartner fir Europa. Haut kënnt de Dmitri Medvedev op offiziell Visite, an nach iert de Xavier Bettel sengem Homolog d‘Hand gereecht huet, gëtt getrommelt.

Dobäi sollt een eise Premier net ënnerschätzen. Hien huet sech ëmmer um Prinzip vun den oppenen diplomatesche Kanäl orientéiert. Wann ee Problemer enger Léisung wëll zouféieren, notzt et séier wéineg „iwwert“ een ze schwätzen, et muss ee mat de concernéierten Acteure konstruktiv an Ziilféierend Gespréicher an/oder Verhandlungen ophuelen. Alles anescht verstäerkt den Dissens.

Washington verlaangt Konzertatioun

Esou gesäit een dat zu Washington net, an och dem Premier seng Reesen a Russland (2015 an 2017) haten den Amerikaner net gefall. Hätt een als Lëtzebuerg do vläicht missen ëm Erlaabnes froen? Dat kéint ee schonn esou unhuelen, wann ee sech d‘Schreiwes vum Randy Evans zu Gemitt féiert. Hei gëtt kloer gefuerdert, datt mir vu Russland de Réckzuch aus der Krim verlaange sollen.

Wiertlech: „Lëtzebuerg a seng Regierung hunn hei eng eenzegaarteg Geleeënheet fir d‘Recht vun alle Vëlker a Länner op Selbstbestëmmung ze fërderen“, esou dem US-Ambassadeur seng geblimmelt Aart a Weis de Xavier Bettel drun ze erënneren, wéi engem Här hien ze déngen huet. Well dat mat der Selbstbestëmmung behandelen d‘USA – Bsp. Venezuela – zimlech selektiv…

Et kann een et zudeem als zimlech „krätzeg“ empfannen, wann en Amerikaner dee vun Europa wéineg a vu Lëtzebuerg guer keng Ahnung huet, sech op eisen nationale Slogan „Mir wëlle bleiwe wat mir sinn“ bezitt, an domatter drop uspillt, datt Lëtzebuerg a senger Geschicht schonn zweemol am Fall vun der Krim war. Esouvill Dommheet a Gestalt vun engem Diplomat gesäit ee seelen…

Op amerikanesche Populismus kann ee verzichten

„Elo kéint ee gesinn op déi Lëtzebuerger Autoritéiten et akzeptéieren, datt d‘Mënschen op der Krim eng differenzéiert Zukunft hunn (…) oder op se et virzéien ewechzekucken“, esou d‘Schreiwes weider. Bei esou engem Toun, freet ee sech op et net ubruecht wier, wann de Randy Evans sech mam russesche Premierminister géif ënnerhalen, net datt de Xavier Bettel nach eppes falsch mécht.

Just der Kloerheet halber: Lëtzebuerg hat sech sengerzäit och géint Annexioun vun der Krim duerch Russland ausgeschwat. D‘Positioun ass onverännert, an eis Regierung besteet och weiderhin op d‘Onofhängegkeet an déi territorial Integritéit vun der Ukrain. Wann ee sech allerdéngs d‘Käpp aschléit, ass eng diplomatesch Léisung ganz schwéier. All d‘Konflikter sinn dofir e gudde Beweis.

Dofir kann ee begréissen, datt den Dan Kersch (LSAP) nach gëschter op Facebook, dem Randy Evans de Punkt op den I gesat huet: „Lëtzebuerg huet keng Lektioune vun engem anere Land (oder Ambassade) ze erhale fir seng Aussepolitik ze definéieren“. Dat ass esou kuerz wéi inzisiv, an trëfft de Nol op de Kapp. Lëtzebuerg ass keng „Filial“ vun der Trump-Administratioun. Basta!

Ähnlech Sujeten America First, Dimitri Medvev, Donald Trump, Randy Evans, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel