taxx.lu – Esou ass d’Steiererklärung easy gemaach
Esou einfach a schnell war d’Steiererklärung nach ni erleedegt. Mam
Esou einfach a schnell war d’Steiererklärung nach ni erleedegt. Mam
Am Espace H20 zu Déifferdeng, war um Donneschdeg de Vernissage
Am Kontext vun den Europawahlen Enn Mee, organiséiert d‘ASTI (Associatioun
Aktuell dänzelt eise Premier, de Xavier Bettel, duerch San Francisco a Los Angeles, fir Kontakter zur IT-Welt opzebauen. Amazon, Google a sou weider, dir kennt déi grouss Nimm, si ginn all genannt an hoféiert. Dobäi geet et net eleng em Prestige, mee och ëm Aarbechtsplazen. Amazon huet der 2.000 hei am Land an all IT-Boite, déi am Schlepptau kënnt, bréngt der méi an.
Also alles schéin, alles gutt? Leider net, de laange Schied vu Luxleaks léisst gréissen. Egal wéi vill een sech beméiht, et dout ze schweigen, a punkto Steieren spillt Lëtzebuerg ëmmer nach net mat oppene Kaarten. Wou mer och erëm beim Image wieren. Well wann een sech d’international Press ukuckt, huet sech näischt geännert. Schlëmmer nach, Lëtzebuerg gëtt virgeworf, nach méi esou Deals ze maache, wéi virdrun. Dat freet bestëmmt déi Entreprisen, déi grad vum Premier besicht ginn.
Gläichzäiteg pompele mer vill Geld an eng Image-Kampagn, fir grad dëse Ruff lass ze ginn. Et gëtt sech verstoppt hannert dem Argument „alles war legal“. Den Echo vun de Leit bleift dann awer och ëmme dee selwechten: War et dann och gerecht? A wou mer bei Gerechtegkeet sinn: Firwat ginn eigentleche d‘Whistlebloweren, déi dat ganz ëffentlech gemaach hunn, geriichtlech verfollegt? A firwat huet Lëtzebuerg ëmmer nach kee Whistleblower Schutzgesetz.
Luxembourg – Let‘s make it happen ass wuel de Versuch, souwuel doheem wéi och dobaussen alles dat hannert sech ze loossen. Et ass mol kee schlechte Gedanken, an dach muss een esou enger Image-Kampagn méi virausschécken. Virun allem méi Substanz, an dorunner feelt et massiv. Wann dann nach Leaks dobäi kommen, déi weisen, datt Lëtzebuerger, dorënner och de Jean-Claude Juncker, probéieren, all Effort fir méi Steiergerechtegkeet an der EU ze blockéieren.
Dës Onéierlechkeet mat sech selwer ass zugläich e schlechte Witz an absolut ondrobar. En iwweroptimistesche Premier a méi IT-Boiten kënnen dëst einfach net wett maachen.