Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nationale Sécherheetsberoder brauch en neie Job
International Money Neiegkeeten

Nationale Sécherheetsberoder brauch en neie Job

A Bezuch op den Ëmgang mat sengem „Personal“ ass ee

Kenns du däi Land gutt genuch, fir hei 9 Richteger ze kréien?
International Money Neiegkeeten

Kenns du däi Land gutt genuch, fir hei 9 Richteger ze kréien?

Et seet een (zu Recht!) datt Lëtzebuerg e schéint Land

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop
International Money Neiegkeeten

Frankräich: De Superman iwwerflitt eng Atomzentral a fält drop

Greenpeace wéist reegelméisseg drop hin, datt Atomzentrale schonn aus Prinzip

money

Bettel a Macron mat ënnerschiddlech digitalen Usiichten

Bettel a Macron mat ënnerschiddlech digitalen Usiichten

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker hat schonn annoncéiert, datt Bréissel 2018 nei Reegelen zur Besteierung am „Digitale-Secteur“ soll virleeën. Dat eng vun den Demanden déi vum franséische President Emmanuel Macron am Kader vu senger europäescher Reform geäussert ginn ass.

Eng Iddi déi awer um „digitale“ Sommet zu Tallin net vill Zousproch fonnt huet. A well et bei Steierfroen nëmmen Eestëmmeg zu enger Ëmsetzung ka kommen, dierfe wuel Virschléi gemaach ginn, mee ouni Lëtzebuerg an Irland dierft et dobäi bleiwen. Den iresche Ministerpresident Leo Varadkar betount: „Wa mir wëllen, datt Europa digital gëtt an et an Europa an dësem Beräich Champione soll ginn, da läit d‘Léisung net an zousätzleche Steieren a Reguléierungen. Dat géif d‘Géigendeel bewierken“.

Eng europäesch Léisung kann et net sinn

De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet sech och positionéiert: „Ech si mat ronn 90% vum Emmanuel Macron senge Virschléi averstanen, mee de Virschlag vun enger Besteierung vum Digitalen ass problematesch. Hei handelt et sech net ëm en europäesche Problem, mee e Weltwäiten“.

„Lëtzebuerg ass grondsätzlech op fir eng Diskussioun, wa mir awer an Europa esou eng Steier aféieren, dann ass Europa am globale Kader manner konkurrenzfäeg. Mir sollten eng Léisung am Kader vun der OECD sichen. Mir sollten och de Benefice besteieren an net den Ëmsaz“, esou de Xavier Bettel weider.

De Bettel an de Varadkar sinn dann och net déi eenzeg déi der franséisch-däitscher „Léisung“ den Zousproch verweigeren. Och Malta an Zypern gesinn an deem „Virschlag“ näischt Positives. De Grond ass einfach: déi niddreg Steieren déi an dëse Länner erhuewe ginn. Ginn dach am Frankräich Entreprise mat 33,3% besteiert, esou sinn dat der zu Lëtzebuerg aktuell 19, an 2018 nach just 18%. (Insgesamt leien se, wann déi lokal Steiere matrechent, awer nach iwwer 20%).

Holland mat gläicher Argumentatioun

Fir Holland, wou de Virschlag aus Lëtzebuerg, eng Léisung um Niveau vun der OECD ze siche gutt ukomm ass, steet de franséische Virschlag op juristesch wackelege Been. E wier net mam Geschäftsmodell vun den digitale Konzerner an Aklang ze bréngen. Och bei der OECD wier et am Moment schwéier Fortschrëtter ze erzielen, dat allerdéngs an éischter Linn, well d‘USA all Diskussioun blockéieren.

Domatter huet den Emmanuel Macron schonn déi zweet Nidderlag kasséiert. Och seng Iddien am Bezuch op Entsenderichtlinn komme bei de Memberlänner net un. Ze ënnerschiddlech och hei d‘Virstellunge bannent der Unioun. De franséische President huet et sech awer an de Kapp gesat seng Meenung duerchzesetzen. Hie géif dann och begréissen, wann ee bei dëse Froen déi selwecht Dynamik kéint fannen, wéi dat sengerzäit bei der Zinnriichtlinn an dem Bankgeheimnis de Fall war.

mat AFP

Foto: De Xavier Bettel (m) am Gespréich mam estnesche Premierminister Juri Ratas (l) an dem Emmanuel Mactron (r). Wann de Lëtzebuerger Premier och zu 90% mam franséische President iwwerenee stëmmt, esou gëtt et Theme wou d‘Meenunge wäit ausernaner ginn © Janek Skarzynski/AFP

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Europa, Jean-Claude Juncker, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel