Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SC Beetebuerg: Mir hu bei den Dammen de Bols gefillt
usa hookup sites

SC Beetebuerg: Mir hu bei den Dammen de Bols gefillt

Um Freidegowend, no enger flotter Fussball-Woch – Dir konnt bei

https://moien.lu/harsh-dating-in-the-dark/
usa hookup sites

EU-Ausseministersommet zu Iran a Libyen

Beim Sommet vun den Ausseminister stoung eng grouss Fro am

Floristen a Gäertner besser ënnerstëtzen
usa hookup sites

Floristen a Gäertner besser ënnerstëtzen

Am Virfeld vum Vältesdag besichen d‘Floristen a Gäertner d‘Entscheedungsdréier a

Bettel-Macron-Michel: dat ass net eise Gesellschaftsmodell

Bettel-Macron-Michel: dat ass net eise Gesellschaftsmodell

„Grouss Biergerconsultatioun“: esou gëtt d‘Houmass tëscht dem President vun der franséischer Republik, Emmanuel Macron, an dem Premierminister vu Lëtzebuerg, Xavier Bettel bezeechent.

Ofgesi vun der Tatsaach, datt dës sougenannte Consultatioun de Bierger ernimmt, esou déngt se an éischter Linn dozou, béid Protagonisten an Zeen ze setzen. Schlëmmer nach, se gëtt nëmmen e puer Woche virun de Chamberwahlen ofgehalen.

Et dierf een bezweiwelen, datt d‘Ënnerstëtzung vum Emmanuel Macron, deen am eegene Land net iwwerméissegem Zousproch ausgesat ass, engem Premier, deem seng Regierungszäit op en Enn geet, eng „Hëllef“ ass.

Dat awer ass net den eigentleche Problem: d‘Politik déi den Emmanuel Macron an de Xavier Bettel vertrieden, ass genee déi Politik déi vun de Vëlker vum europäesche Kontinent ofleenen. Et geet ëm d‘Ënnerstëtzung vun de Räichen, ëm d‘Juegd op d‘Chômeuren, d‘Veronglëmpfung vum Salariat an deenen Aarme Leit. Et geet och ëm den Ofbau vun de sozialen Errongenschaften, an d‘Affere vun der Ëmwelt um Alter vum Profit.

Esou muss et een net verwonneren, datt virun dëser sougenannter „Biergerconsultatioun“, béid Staatsmänner sech mam Charles Michel, belsche Premierminister a Chef vun enger asozialer Regierung – déi Juegd op Refugiéeë mécht – getraff hunn.

déi lénk seet dem Macron, Bettel a Michel: mir wëllen äre Gesellschaftsmodell net!

Op Ëmweltniveau, ass dëse Sommet dee vun de Hypokritten. Obwuel si sech besuergt soen, stelle weder de Macron nach de Michel d‘Atomkraaft a fro. Si bougéiere kee Millimeter bei de Fuerderungen zur Schléissung vun de problemateschen Atomzentralen, déi och nach ganz no u Lëtzebuerg geleeë sinn, wéi Cattenom (Frankräich) oder Tihange (Belsch).

Wat d‘Regierung vum Xavier Bettel betrëfft, esou ass et hinnen net gelongen, d‘Frënn dovunner ze iwwerzeegen, dës Atomzentralen zouzemaachen an eng Katastroph vum Land ewech ze halen. Nee d‘Regierung importéiert lëschteg weider Atomstroum, an dat ass net kredibel.

Dozou kënnt, datt d‘Politik vun dësen dräi Regierungen net méi kredibel ass: während déi franséisch a belsch Regierungen d‘Rechter vum Salariat beschneiden, bidden déi hir gënschteg Aarbechtskraaft an den zu Lëtzebuerg installéierten Entreprisen un, déi och nëmmen aus fiskale Grënn hire Sëtz hei am Land hunn.

Wéi soll een eng franséisch Regierung dovunner iwwerzeege Cattenom zouzemaachen, wann een op där aner Säit vun der Grenz eng „Fiskalniche-Politik“ bedreift?

Mee et gëtt och Alternativen: déi sozial Mobiliséierung vun de Leit am Alldag, fir hir Rechter, déi sozial wéi déi demokratesch. Fir d‘Opdeelung an déi demokratesch Kontroll vum Räichtum, fir eng ekosozialistesch Ëmweltpolitik. Also genee de Géigendeel vun deem, wat sech Bettel, Macron a Michel fir hir Länner an Europa virstellen.

matgedeelt vun déi lénk

(iwwersat aus dem franséische vum Laure Schlesser)

Ähnlech Sujeten Biergerdialog, Charles Michel, déi lénk, Emmanuel Macron, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel