Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

tongue
Hawaii: Explosioun um Vulkan Kilauea, d‘Awunner opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen
LOL Love Meenung

Hawaii: Explosioun um Vulkan Kilauea, d‘Awunner opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen

Um Donneschdeg ass no un der Kopp vum Vulkan Kilauea

cooltongue
CHEM: Am Déngscht vum Patient
LOL Love Meenung

CHEM: Am Déngscht vum Patient

Gëschter gouf zu Esch/Uelzecht de Bilan vum CHEM (Centre Hospitalier

De Logement ass e Problem, deen all d’Parteie beschäftegt
LOL Love Meenung

De Logement ass e Problem, deen all d’Parteie beschäftegt

Et kann een zanter dem neie Millenium, d‘Zuel vun den

laughinglove

Bei Uruff Bettel

E Kommentar

Bei Uruff Bettel

An engem Wahlkampf geet et entgéint gutt gemengten Interpretatioune virun allem ëm eng Saach: Opfalen. Pluspunkte ginn et dann, wann ee méi laang wéi eng Woch an der Memoire bleift. Den Highscore erreechteen dann, wann een och nach Inhalter vermëttelt kritt. Mat “Better Call Bettel” mécht d’DP an dësem Wahlkampf en éischte Versuch, fir sech ze behaapten.

A frot net wat fir ee Versuch!

D’DP probéiert mat hirer Videoserie, esou hipp a cool ze sinn, datt et wéi deet. Éischten Indiz ass den Titel, déi op Better Call Saul referéiert, ouni sech bewosst ze sinn, datt Referenzen schonn eng Ausso u sech sinn. Jo, d’Serie ass bekannt. Dommerweis geet et do ëm en Affekot, deen d’Leit iwwert den Dësch zitt, beduckst an hinnen eppes op d’An dréckt. Keng besonnesch vertrauenswierdeg Persoun also, un déi hei Allusioun gemaach gëtt. Eppes, wat sou zimlech all menge Journalistekollegen an de Redaktiounen uechter d’Land zimlech direkt misst opgefall sinn. Wat deene mannste Leit opfält: Den Numm ass schlecht gewielt, well et jo de Premier ass, deen urifft.

Better Call Bettel (Zeen nogestallt)

An et kënnt, wéi et komme muss: Et probéiert een, e mi jonke Publikum unzeschwätzen an appropriéiert eppes, wat een net ganz versteet, fir hipp an trendy a schmock (seet een dat nach?) eriwwer ze kommen. Den Effekt léisst sech mat der GIF hei uewe vergläichen: Et kënnt een depasséiert an ëmsou mi veraalt eriwwer.

An ech ameséiere mech immens dobäi.

Dat mécht mer Angscht, well domat stinn d’Chance gutt, datt ech bis den Oktober dat doten am Kapp ronderëm turnen hunn. Woumatter d’Campagne och d’Pluspunkte vu mengem ufängleche Verglach kritt. Mee wat ass mam Highscore? Dee bleift leider aus.

No hannen, awer net no vir gekuckt

Den Haaptproblem vun der Serie ass wuel, datt keng Inhalter fir d’Zukunft vermëttelt ginn. Et ass eng komplett op d’Vergaangenheet vun dëser Regierung fixéiert Campagne, déi virun allem zwou Saachen un d’Wieler vermëttele soll:

  1.  De Xavier Bettel ass hipp, cool an no um Vollek.
  2. Dës Regierung – virun allem d’DP – huet vill gutt Saache gemaach an huet et dowéinst verdéngt, deng Stëmm ze kréien.

An aus enger mënschlecher Perspektiv punkten déi Clips ganz gutt. Mee well et zesumme geschnidden ass, kommen dobäi nëmmen Luef a knackeg Spréch eraus. E Beispill gefälleg? “Et ass jo kee Concours wou ech jidderengem wëll gefalen.” Ze schwaach? Wéi ass et mat dësem, op den RMG gemënzte Sproch: “Ech sinn net do fir de Leit eng Matrass ze gi fir drop ze pennen. Ech sinn do fir de Leit en Trampolin ze gi fir besser ze sprangen”? Tja, wiem fält dat net einfach esou spontan an?

Kritik sicht een hei iwwregens bal keng. Wann se ze héieren ass, ass se extrem héiflech formuléiert. Dat kléngt immens komesch, wann een sech un den Toun an de soziale Netzwierker gewinnt huet. An ech froe mech, wéi vill do zesummegeschnidde ginn ass, pro Episod?

Ech si versicht, ze empfeelen e Beroder ze huele, wann een eng Campagne gestalt. Ech fäerte grad dat ass hei geschitt, dowéinst recommandéieren ech, de Beroder einfach ze wiesselen. Mee villäicht si meng Uspréch ze héich. Wie brauch scho vill Inhalter, wann en e bloen Telefon huet?

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, DP, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    1

  • Cool

    1

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    1