Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Joresbilan: Der „Post Lëtzebuerg“ geet et gutt
Kultur Stories

Joresbilan: Der „Post Lëtzebuerg“ geet et gutt

D‘Post, déi bekanntlech aus dräi Servicer besteet: Courrier, Finanz an

What the Fakt – Alles Guddes un de Jules Verne!
Kultur Stories

What the Fakt – Alles Guddes un de Jules Verne!

De franséische Schrëftsteller Jules Verne ass mat senge fantastesche Wierker

Berodungen zum „EU-Management“ erweisen sech als zéi
Kultur Stories

Berodungen zum „EU-Management“ erweisen sech als zéi

Nodeems e Sonndeg d‘EU-Wahlen zumindest fir d‘Bierger op en Enn

5 Serien, déi ee kucke kann, bis di nächst Staffel vu Better Call Saul kënnt

Eng kleng Auswahl

5 Serien, déi ee kucke kann, bis di nächst Staffel vu Better Call Saul kënnt

Better Call Saul ass eng groussaarteg Serie. An déi drëtt Staffel ass elo viru kuerzem zu Enn gaangen. Domadder stellt sech fir vill d’Fro: Wat elo? Mir bei moien.lu ginn eis d’Bescht, fir an dëser schwiereger Liewenssituatioun weider ze hëllefen.

Fargo

Vue datt ech bis elo nëmmen déi éischt Staffel gesinn hunn, muss ech mech op déi beschränken. Mee Fargo (d’Serie) lount sech, och wann se dem Original (dem Film) a sengen Hapt-Plotpunkte staark änelt. Seng Inzenéierung, inklusiv engem net grad konventionelle Stil mat ulkegen, awer mënschleche Figuren, hält ee bei der Staang. Och, datt dat ganzt an enger Provënz spillt, bréngt säin eegene Charme mat sech a betount nëmmen, datt et fir eng Serie net falsch ass, e bëssche komesch ze sinn. Am Mëttelpunkt vun der éischter Staffel steet e Mordfall, dee schnell ausser Kontroll geroden ass.

House of Cards

Foto: Melinda Sue Gordon/Netflix

Déi wuel bekanntste Netflix-Serie baut op Polit-Intrigen. Déi fonctionnéieren och wéinst dem Kevin Spacey, deen hei an enger fir hien ganz typescher Roll voll opgeet. Seng Rees duerch d’Zentrum vun der Muecht, gekoppelt mat dem entbléissende Bléck op d’politesch Welt zu Washington, léisst een sou schnell net lass. De Frank Underwood, Haptpersonnage vun der Serie, ass skrupellos, raffinéiert, intelligent a witzeg. An obwuel net all des Eegenschaften positiv sinn, fënnt een en awer faszinéierend. D’Serie ass spannend, ma geleeëntlech zimlech komplex. Kuckenswäert ass se allemol.

Grace and Frankie

Foto: Melissa Moseley/Netflix

Net nëmmen si mam Jane Fonda a mam Martin Scheen zwee absolut Schwéiergewiichter vun Acteuren hei ënnerwee. Och de Plot, huet et an sech: Zwou Famillje ginn duerch de Coming-Out vun de Familljepappe komplett op d’Kopp gedréint. De Clou: Déi zwee sinn och nach mateneen zesummen a wëllen sech bestueden. Eng absolut bemierkenswäert Serie, déi Comedy perfekt mat perséinlechem Drama kombinéiert. Och wann déi éischt Staffel nach schwächelt, hëlt se duerno akut u Fuert op.

Broadchurch

Ween dann éischter op en eeschten Drama aus ass, gëtt hei ganz gutt bedéngt. Nom Mord un engem Kand ass net nëmmen d’Communautéit vu Broadchurch komplett ausser sech, mee och fir d’Investigateure brécht deels eng Welt zesummen. D’Spannung an d’schauspilleresch Leeschtung vum David Tennant an Olivia Colman an dëser Serie kënnen sech mat deene Beschten aus der aktueller Teles-Zeen moossen. Och wann d’Serie selwer deels eng zimlech schwéier Kascht ass, muss een se gesinn hunn.

Arrested Development

Foto: Sam Urdank/Netflix

Dës Serie ass… speziell. Arrested Development huet e ganz eegenen Humor, deen een zwar net zum haarde Laache, mee konstant zum Schmunzelen aluet. Deels subtil, ma ëmmer staark absurd, konnt sech Arrested Development zu enger absoluter Kultserie mauseren. Si ass net fir jiddereen eppes, mee e klenge Krees weess sech iwwert se extrem ze freeën. D’Handlung dréint sech ronderëm d’Bluth Famill, déi no der Prioriséierung vum Patriarch e luesen an extrem komeschen Néiergang erlieft. All Familljemembergëtt beliicht an normal ass iergendwéi keen. Affaire de Goût, mee e Bléck wäert.

Bonus: Fresh Meat

Eng duerchaus bemierkenswäert kleng Serie aus Groussbritannien, déi d’Studenteliewen oppen leet. Déi jonk Acteuren packen et, hir Figuren, déi nëmmen op den éischte Bléck aus renge Klischeeë bestinn, zum Liewen ze erwecken. Et dréint sech alles em eng eenzeg WG an d’Serie bombardéiert een mat schwaarzem Humor a Figuren, déi Villschichteg sinn. E Geheimtipp.

Ähnlech Sujeten Better Call Saul, Entertainment, Kultur, Streaming, TV
Nächsten Artikel Virrechten Artikel