Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

laughing
D’Qual vun der Wahl gëtt ëmmer méi grouss zu Lëtzebuerg
Geek Kultur Meenung

D’Qual vun der Wahl gëtt ëmmer méi grouss zu Lëtzebuerg

Hei e klenge Gedächtnistest: Wéi huet nach emol déi Partei

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock
Geek Kultur Meenung

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock

Wéi amerikanesch Medie beriichten, steet den Donald Trump mëttlerweil an

cool
Galerie: Bacchusfescht zu Réimech
Geek Kultur Meenung

Galerie: Bacchusfescht zu Réimech

Op Léiffrawëschdag hat de Syndikat d‘Initiative vu Réimech op säin

geek

Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen

Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen

Wéi Breaking Bad ugelaf war, war dat de Start fir déi modern Teles-Serie. D’Landschaft huet sech nohalteg verännert, an d’Komplexitéit vu Serien ass an d’Luucht geschoss. De Spin-Off, Better Call Saul, leeft elo scho a senger drëtter Staffel. A wat hei geleescht gëtt kéint e wäitaus gréissere Cadeau un d’Populärkultur sinn: En Duerchootmen, nëmmen heiansdo duerchbrach vu Kaméidi.

Better Call Saul Season 3 Episode 303

Et fält engem ganz besonnesch an dëser drëtter Staffel op, datt d’Serie sech Zäit léisst. Et gi Szenen, an deene wéineg geschitt, kaum – wann iwwerhaapt – geschwat gëtt. A wat gewise gëtt, wéi an enger Aart dokumentarescher Zäitlupp, si Momentopnamen, déi eis d’Figure kenne léiere loossen. E Beispill aus der aktueller Folg: Den Nacho schafft grad bei sengem Papp a benotzt eng Bitzmaschinn, déi him schliisslech an d’Fleesch stécht.

Eigentlech belanglos – an en aneren Regisseur hätt déi Szen an e puer Sekonnen erof geschafft! Mee wat hei geschitt, ass eppes ganz aneres: Eis gëtt vermëttelt, wéi dee Personnage, deen net wierklech vun enger enormer Wichtegkeet ass, funktionéiert. Wéi staark e sech fir säi Papp asetzt. Doduercher gëtt seng Reaktioun méi fréi an der Folg, wann him proposéiert gëtt, säi Papp an d’Drogegeschäft mat an ze bannen, ëmsou méi plausibel. An d’Gefor, déi op en duer kënnt, gëtt duerch seng Wonn verdéift. Wuertwiertlech.

Michael McKean as Chuck McGill, Bob Odenkirk as Jimmy McGill- Better Call Saul _ Season 3, Episode 1 – Photo Credit: Michele K. Short/AMC/Sony Pictures Television

Et ass an dëse Momenter, wou een sech wonnere muss, wéi vill Zäit a Méi d’Schreiwere vun dëser Serie an esou Momenter stiechen. Et gi genuch Serien, déi an endlosen an deels gekënschtelt Dialoge probéieren, hir Figure lieweg wierken ze loossen. Nëmme, fir hinnen dann eng Kënschtlechkeet ze vermëttelen, déi der Serie schued.

Ma et sinn des Aspillungen, déi Better Call Saul esou bemierkenswäert maachen. A Better Call Saul kann et sech virun allem aus engem Grond eraus erlaben: De Schluss ass bekannt. Jiddereen, dee Breaking Bad gesinn huet, weess, wou déi meeschte Figuren herno ukommen. Bei all de Prequelen, déi dorunner scheiteren, datt se grad aus dem dote Grond keen anstännege Spannungsbou kënnen opbauen, hunn d’Schreiwere realiséiert, datt sech hinnen eng eenzegaarteg Geleeënheet bitt: Si kënnen eng Charakterstudie no der anerer hei verschaffen.

An dat mécht Better Call Saul besonnesch, a kuckeswäert.

Opmaacherfoto: Michele K. Short

Ähnlech Sujeten Better Call Saul, Kultur, Netlix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    3

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0