Romain Schneider an natur&ëmwelt: een Echange fir d’Natur
Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a
Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a
De Lëtzebuerger Justizminister Felix Braz huet am Kader vun der
De Stephen Colbert kann sech net grad iwwert e Mangel
Déi Cinéphil zu Lëtzebuerg kënnen opootmen: Dëse Freiden, den 20. Abrëll geet d’Cinemathéik erëm op. Gewise gëtt als éischt Virstellung um 18:30 dem Billy Wilder säin “One, Two, Three” aus dem Joer 1961. Dëst confirméiert d’Stad Lëtzebuerg an engem Communiqué un d’Press.
Zur Erënnerung: D’Cinemathéik huet den 20. Mäerz missen zougemaach ginn, nodeems Bettwanzen a gewëssen Deeler vum Sall detektéiert gi sinn. De ganze Sall gouf enger thermescher Behandlung ausgesat, bäi där eng dréchen Hëtzt vu 60°C ugewannt ginn ass. Dëst soll eng Eliminéierung vun dësen Insekte garantéieren – ganz ouni Asaz vu Persitziden! Mat spezialiséierte Sichhënn gouf uschléissend kontrolléiert, op dëst och gelonge war.
Déi virgesinne Programmatioun fir den Abrëll gëtt erëm opgeholl. Speziell Seancen, wéi zum Beispill déi vun der Univeristé Populaire du Cinéma kéinten nogeholl ginn, esou wäit wéi dëst méiglech ass. Déi Interesséiert kënnen sech ënner dësem Link informéieren.
Opmaacherfoto: Vum Cayambe – Eegent Wierk, CC BY-SA 3.0.