Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

NATO warnt viru „gieler Gefor“
International Neiegkeeten

NATO warnt viru „gieler Gefor“

Datt den „Opstig“ vu China zu engem fundamentale Wandel vun

HAÏTI – Eng Ausstellung an der Belle Etoile
International Neiegkeeten

HAÏTI – Eng Ausstellung an der Belle Etoile

Am Kader vum 15 järege Bestoe vun der Asbl Action

Jidderengem säi Satellitt: Et gëtt vill Gedrécks un der Himmelsdier
International Neiegkeeten

Jidderengem säi Satellitt: Et gëtt vill Gedrécks un der Himmelsdier

E Freidegmoien um véierel vir sechs, start a Florida op

Fir méi Beweegungsfräiheet an der EU

Fir méi Beweegungsfräiheet an der EU

Bei enger Videokonferenz vun den europäeschen Ausseministeren vun den däitschen Nopeschlänner sollten Approchen beschwat ginn, fir esou d’Beweegungsfräiheet an der EU nees garantéieren ze kënnen. Fir d’Ministere war et d’Geleeënheet hir Siichtweis zu de verschidde Moossname vum Deconfinement ze deelen.

Deelgeholl hunn nieft dem Aussen- an Europaminister Jean Asselborn an dem däitschen Ausseminister Heiko Maas och nach d’Ausseministere vu Éisträich, der Belsch, Dänemark, Frankräich Holland, Polen, der Tschechescher Republik an der Schwäiz.

D’Beweegungsfräiheet ass ee Grondsteen vun der Europäescher Union. Mam Deconfinement geet et elo och dorëms den europäesche Bierger d’Méiglechkeet zeréck ze ginn, ouni Barrièren iwwert eng Grenz ze fueren. Bei der Videokonferenz hunn d’Ministeren d’Recommandatiounen zur Beweegungsfräiheet, déi um 13. Mee vun der Europäescher Kommissioun presentéiert gi sinn, immens begréisst.

Déi aktuell epidemiologesch Situatioun ännert vun engem Land zum Aneren. Ëmsou méi wichteg ass et, datt d’Ministeren enk zesummeschaffen. An dësem Kader huet de Minister Asselborn déi aktuell Situatioun zu Lëtzebuerg méi genee ënnert d’Lupp geholl an seng Strategie, fir aus der aktueller Krisesituatioun nees erauszekommen, virgestallt.

De Jean Asselborn freet sech, datt zënter geraumer Zäit d’Grenzen zu Däitschland nees op sinn. Dëst Beispill huet sech aktuell mat positiven Entwécklungen erausgestallt: „Fir d’Bierger aus eiser grenziwwerschreidender Regioun bedeit dëst ee wichtege Schrëtt no vir an een wichtegt Zeechen um europäeschen Niveau.“

De Schengenraum an de Bannemaart kënne just als ee Ganzt funktionéieren, sou de Minister Asselborn. D’Aschränkungen an d’Kontrollen vun de Grenzen sinn net nëmmen eng Affär tëscht zwee Memberstaaten, mee betreffen all Memberstaaten. Aus dësem Grond misst ee sech engagéieren, fir progressive d’Grenzen nees opzemaachen an de Bierger nees eng sécher Beweegungsfräiheet zeréck ze ginn.

Opmaacherbild: © MAEE

Ähnlech Sujeten Ausseminister, Beweegungsfräiheet, Deconfinement, Europa, Heiko Maas, Jean Asselborn, Oppe Grenzen, Videokonferenz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel