Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Rees ënnert engem grousse Schied
International Neiegkeeten

Eng Rees ënnert engem grousse Schied

Aktuell dänzelt eise Premier, de Xavier Bettel, duerch San Francisco

Kongress déi lénk: Bereet de Wahlkampf unzegoen
International Neiegkeeten

Kongress déi lénk: Bereet de Wahlkampf unzegoen

Op hirem Nationalkongress zu Rolleng huet déi lénk de Bilan

Während dëser Zäit…
International Neiegkeeten

Während dëser Zäit…

Während de Finanzminister Pierre Gramegna vum 17. op den 20.

Trump dreet diplomatesch Bezéiung zu China anzestellen

Trump dreet diplomatesch Bezéiung zu China anzestellen

An Amerika gëtt et elo offiziell iwwer 36 Millioune Chômeuren, mee de „bewaffente Protest“ fir nees alles opzemaachen, dee vum US-President initiéiert ginn ass, dréit éischt Friichten. D‘Zuele vun den Entloossunge sinn nees réckleefeg. Dës Woch hunn „nëmmen“ 3 Millioune Leit den Job verluer. Un de Folge vun der exzellenter Krisegestioun si bis ewell iwwer 86.000 Leit gestuerwen.

Datt elo ronn 27 Milliounen Amerikaner keng Krankeversécherung hunn, ass net weider schlëmm, wéi den Donald Trump gëschter an engem längeren Interview mat Fox-Business erkläert huet. Et géif elo séier besser ginn an d‘US-Wirtschaft géif sech erhuelen. Déi verlueren Aarbechtsplaze géifen nees erëmkommen. „2021 gëtt ee fantastescht Joer“, esou den US-President zouversiichtlech.

ChinaHei ass et dann nees wichteg drop hinzeweisen, datt virun der Covid19-Pandemie, de Chômagetaux an den USA bei 3,5% geleeën huet an am Abrëll op 14,7 geklommen ass. Déi zoustänneg Autoritéit huet awer ageraumt, datt et eng gewëssen Diskrepanz bei der Datenerhiewung ginn huet, an et wuel éischter 20% dierfte sinn. Hei wollt ee sech dann och net der trumpscher Zouversiicht uschléissen.

En Interview mam President ouni d‘Relatioune mat China unzeschwätzen, geet natierlech net. Am Interview ass den Donald Trump gefrot ginn, wéi hie gedenkt Peking – déi hu laut dem Milliardär dat ganzt an Zesummenaarbecht mat der WHO verschëllt – zur Rechenschaft ze zéien. An den US-President, en diplomatesche Profi mat enger ausgefeilter Rhetorik hat eng „elegant“ Äntwert parat.

Do gëtt et villes wat mir maache kënnen. Mir kënne Saache maachen. Mir kënnen déi ganz Bezéiung ofbriechen“, esou den Donald Trump, deem seng Kapen, Fändelen a soss Wahlkampf-Gadgeten aus China importéiert ginn. Hien ass iwwerzeegt, datt d‘USA 500 Billiounen US-Dollar spuere wann ee China „kal“ astellt. Dat et wuel eppes méi komplizéiert ass, spillt do keng Roll.

ChinaStatt dann ze erkläre wéi dat alles soll ausgesinn a virun allem wéi et sech soll opgoen, gëtt nees verkläert. „Si hätten dat alles (d‘Pandemie) stoppe kënnen“, esou de mächtegste Mann vun der Welt, „Si hätten et a China stoppe kënnen, wou et hir kënnt. Mee dat ass net geschitt“. Op hien da mam chinesesche President scho geschwat hätt, wollt den Interviewpartner vu Fox wëssen.

Ech hunn en exzellenten Drot zum Xi, mee grad elo hunn ech keng Loscht mech mat him ze ënnerhalen. Ech si schwéier vu China enttäuscht, An dat soen ech iech elo ouni e Blat virun de Mond ze huelen“, esou den US-President. Datt sech d‘US-Wirtschaft vu China eppes ofhängeg gemaach huet, well si op déi bëlleg a wëlleg Aarbechtskraaft ugewisen ass, sot hien awer net.

mat indymedia/nyc

Foto: Den Donald Trump am Interview mat Fox-Business „Anchorwomen“ Maria Bartiromo © Newman S.Randy (via Twitter)

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, Fox-Business, Interview, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel