Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Dylan Pereira gewënnt éischt Laangstreckerennen
International Neiegkeeten

Dylan Pereira gewënnt éischt Laangstreckerennen

Et war déi lescht vun de fënnef Manche vum „Intercontinental

Stock-Car: Tornado-Hamm gëtt der Favoritteroll gerecht
International Neiegkeeten

Stock-Car: Tornado-Hamm gëtt der Favoritteroll gerecht

Et war wuel kee „summerlecht“ Wieder de leschte Sonndeg, mee

Lëtzebuerg exportéiert all Joer tonneweis Offäll
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg exportéiert all Joer tonneweis Offäll

Et kléngt e bëssche bosseg: All Joer exportéiert Lëtzebuerg Knascht

Demokrate gewanne Bezierkswahlen zu Hong Kong

Demokrate gewanne Bezierkswahlen zu Hong Kong

Rekordbedeelegung a massiv Zoustëmmung fir déi demokratesch Kandidaten, huet zu Hong Kong der Protestbeweegung nei Hoffnung bruecht. Laut Wahlkommissioun hunn sech 71,2% vun den zu Hong Kong Wahlberechtegten un de Wahlen deel geholl. Viru véier Joer waren et grad emol 47%.

No der Schléissung vun de Wahllokaler ass direkt mam Auszielen ugefaange ginn, a laut der „South China Morning Post“ entfalen nach während gezielt gëtt, 278 vun de Bezierksrotmandater op demokratesch Kandidaten. Fir déi „Regierungstrei“ Kandidaten, déi bei de Wahle vun 2015 nach gutt dräivéierel vun de Mandater op sech gezunn haten, sinn dës Bezierkswahlen en Debakel.

Hong KongAktuell kréien déi „Regierungstrei“ 42 Mandater zougestanen. No éischten Héichrechnunge wier et méiglech, dat sech déi pro-demokratesch Kandidate mat iwwer 300 vun den 452 verfügbare Sëtzer eng bequem Majoritéit séchere géifen. Dat géif zugläich bedeiten, datt dat pro-demokratescht Lager 12 vun 18 Bezierksréit kontrolléiert. Bis dohinner sinn déi vu regimetreie Kandidate gefouert ginn.

Et war dann och deen éischte Weekend zanter Méint, op deem et zu Hong Kong net zu gewinnten Demonstratiounen an Ausenanersetzunge komm ass. Et war e kontrasträicht Bild, déi laang Schlaange virun de Wahlbüroen ze gesinn. Mat dëser iwwerraschend héijer Wahlbedeelegung hunn d‘Awunner vun Hong Kong hire Wonsch no Demokratie a Selbstbestëmmung enterinéiert.

Vill ze vill Symbolik

Den Ausgang vun de Wahlen ass dann och en däitleche Message u Peking an eng fatzeg Néierlag fir déi vun der kommunistescher Partei protegéiert Regierungscheffin, Carrie Lam. Dës Wahle kann een dann och als „Referendum“ betruechten, mat deem sech iwwerpréiwe léisst, op d‘Awunner vun Hong Kong nach hannert der Protestbeweegung steet. Dat schéngt dann och de Fall ze sinn.

Hong Kong

Woubäi een elo dës Wahlen net iwwerbewäerten dierf. Bezierksréit verfügen net wierklech iwwer politesch Muecht. Si kënne keng Gesetzer oder soss nennenswäert Entscheedungen treffen. Dës Bezierksréit beroden d‘Regierung a maache Proposen zur Verbesserung vun de Liewensqualitéit an de Quartieren. D‘Victoire bei de Bezierkswahlen ass also éischte vu symbolescher Natur.

Elo erhält dat dominéierend Lager awer och ee puer Mandater am Wahlcomité, datt aus 1.200 Membere besteet an all fënnef Joer de Regierungschef vun Hong Kong bestëmmt. Ob a wéi si an dësem Comité Afloss ausübe kënnen ass schwéier ze soen. An dësem Wahlcomité war bis ewell séchergestallt, datt ëmmer dee vu Peking gewielte Kandidat och zum Regierungschef gewielt gëtt.

mat indymedia/tpe

Foto: © Yat Siu

Ähnlech Sujeten Bezierkswahlen, China, Demokraten, Hong Kong, Peking, prodemokratesch Bewegung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel