Search

You may also like

Lëtzebuerger Ausseminister vun eisen amerikanesche Frënn enttäuscht
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Ausseminister vun eisen amerikanesche Frënn enttäuscht

Nodeems den US-Ausseminister Mike Pompeo e Méindeg däitlech Stellung zu

Spuenien: Wahlgewënner ouni Majoritéit
Neiegkeeten

Spuenien: Wahlgewënner ouni Majoritéit

Ganz den Erwaardungen entspriechend, huet déi sozialistesch Partei (PSOE) vum

Solidaritéitserklärung vun der KPL mat de Gewerkschaften aus dem edukativen a psycho-soziale Beräich
Neiegkeeten

Solidaritéitserklärung vun der KPL mat de Gewerkschaften aus dem edukativen a psycho-soziale Beräich

D’KPL begréisst d’Solidaritéit ënnert de Gewerkschaften (CGFP /SEW-OGBL) an hiren

Bezuelbare Wunnraum fir jiddereen!

Bezuelbare Wunnraum fir jiddereen!

D‘Maniff um Parvis vum Geriicht zu Esch-Uelzecht, déi ënnert dem Motto „En Daach ass ee Recht“ stattfonnt huet, hat ee Samschdeg nieft den Organisateuren „Mieterschutz LU“ an „Conscious and Cultural Student Association“ och d‘Parteien: déi lénk, Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) an d‘Piratepartei zu enger klorer Stellungnam animéiert.

WunnraumMéiglecherweis ass de Motto „Een Haus fir jiddereen“ eppes utopesch, mee et léisst sech net méi verschweigen, datt de Logementsproblem nëmmen enger Zort Leit an d‘Hänn spillt, an déi ginn dann och nach grousszügeg vun der Regierung iwwert den Ëmwee, vun enger quasi inexistenter Steier massiv encouragéiert weider ze maachen. © KPL

D‘Regierungsparteien (DP/LSAP/déi gréng) mee och déi gréissten Oppositiounspartei CSV an d‘Kregéiler vun der ADR, hunn et vir gutt gehalen, sech net zum „Recht op Wunnen“ auszedrécken. Vläicht ass dorunner geleeën, datt si de Logementsproblem just rhetoresch thematiséieren, sech awer soss net wëlle mam Problem befaassen. Méiglech ass och, datt si et längst opginn hunn…

Et ass dann och keen Zoufall, datt dës Manifestatioun zu Esch-Uelzecht organiséiert ginn ass, wou de Buergermeeschter an de Kolléisch vum Schäfferot sech droleg Reglementer am Bezuch op Wunngemeinschaften afale gelooss huet. Och doriwwer gouf sech op der Maniff geiergert, well keen d‘Absicht huet sech bei enger kommunaler Verwaltung iwwert seng Aart a Weis vum Zesummeliewe wëll musse justifiéieren.

WunnraumD‘Piratepartei setzt sech schon zanter Jore fir ee gedeckelte Loyer (10 Euro pro Quadratmeter) an. © Libor Chmelik / Piratepartei

Nieft dësem zimmlech kontrovers diskutéierten Thema stoung awer de Logement a sengem vollen Ëmfang a Fokus vun der Demonstratioun. Et ass – an dat wäert eis wuel nach ganz laang an Otem halen – ëm den Accès zum Logement zu Lëtzebuerg gaangen. Ee Problem deem eigentlech de Logementsminister Henri Kox ze léisen hätt, mee och dësem sinn d‘Hänn anscheinend gebonnen.

Wunnen zu Lëtzebuerg ass net nëmmen ee Luxus deen de Menagen d‘Kafkraaft entzitt an esou och d‘Wirtschaft am Land ënner Drock setzt – besonnesch wou d‘Wirtschaftskris sech ëmmer méi weist – mee fir vill Finanzinstituter eng profitabel Quell duerstellt. Vill Immobilien an/oder Bauplazen si Spekulatiounsobjeten, wat mat engem Zëns tëscht 11% bis 14% net weider muss erkläert ginn. An och déi sougenannt FIS spillen hei eng Roll.

WunnraumD‘Gewerkschaft OGBL setzt sech esouwuel fir d‘Recht op „En Daach iwwert dem Kapp“, wéi och fir moderat a bezuelbar Loyeren an. Déi vun der Escher Gemeng decidéiert Reegele fir en „Zesummewunnen“ passen der Gewerkschaft och net an d‘Konzept. © KPL

Op déi an der Chamber vertruede Parteien – déi lénk & d‘Piraten – mat der ausserparlamentarescher Oppositioun (KPL) awer genuch politeschen Drock opbaue kënne fir d‘Blat ze wennen, oder déi organiséierend Verbänn et dank gutt besichte Manifestatiounen zu engem Ëmdenken um Niveau vun der Regierung hikréien, ass den Ament nach net ersiichtlech. Hei bréicht et méi Zousproch

Foto: Piraten, Kommunisten an déi lénk hunn zesumme mat den Organisateure vun der Maniff an dem OGBL ee Recht op Wunne gefuerdert. © KPL

Related topics Bezuelbare Wunnraum, Conscious an Cultural Student Association, déi lénk, Esch-Uelzecht, KPL, Logementskris, Logementsminister, Mieterschutz LU, OGBL, Piratepartei
Next post Previous post