Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spärung am Rondpoint Irgäertchen ab e Freideg
logout asian dating https://moien.lu/i-am-dating-someone-better-than-you-reply/

free dating sites in jamshedpur

Am Kader vun den Erneierungsaarbechten am Rondpoint Irgäertche gëtt vu

example of profile online dating
logout asian dating https://moien.lu/i-am-dating-someone-better-than-you-reply/

Brasilien: Bandekrich am Prisong

Zum Gewaltausbroch am Prisong vun Altamira (Bundesstaat Pará) wier et

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel
logout asian dating https://moien.lu/i-am-dating-someone-better-than-you-reply/

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel

Et gi wéineg Nimm, déi so grouss an nohalteg kléngen

money

Bezuelen „ouni Kontakt“ ass „hipp“

Bezuelen „ouni Kontakt“ ass „hipp“

Laut enger Etüd vu Mastercard, ginn hei zu Lëtzebuerg 37% vun den Transaktioune mat enger Kreditkaart „ouni Kontakt“ erleedegt. Déi meescht vun dësen Operatioune ginn am Supermarché an/oder dem Eenzelhandel enregistréiert. Ass dat elo gutt? Dëser Fro si mir nogaangen.

Bezuelen „ouni Kontakt“ woumatter gemengt ass, datt een net méi bei all Transaktioun mat senger Kreditkaart, dat Plastiksdéngens muss an ee Schlitz aféieren, gëtt et zu Lëtzebuerg zanter 2016, an et schéngt wéi wann de Konsument um Lëtzebuerger Territoire gefalen un dësem jo anscheinend ganz bequeme Bezuelvirgank fonnt hätt. Dat huet dëser Deeg den Direkter vu Mastercard-Belux, Henri Dewaerheijd, unhand den Transaktioune vu sengem Finanzinstitut esou duergestallt.

Interessant och – an dat nach ëmmer bezunn op d‘Aussoe vum Henri Dewaerheijd – ze wëssen, datt 100% vun de Kreditkaarten zu Lëtzebuerg an 93% vun de „Liesmaschinnen“ mat dëser NFC-Technologie (Near Field Communicatioun) ausstafféiert sinn. Fir Mastercard ergëtt sech aus deenen Zuelen, datt iwwer en Drëttel vun den Transaktiounen iwwert dëse System getätegt ginn. Dat bedeit och, datt dräimol esouvill Konsumenten zu Lëtzebuerg, géintiwwer der Belsch, dat benotzen.

Wat de Flamänner eis virenthalen huet

Zwee Elementer awer gëtt et, iwwert déi de „Country Manager“ vu Mastercard net geschwat huet. Zum enge geet den Trend beim kontaktlose bezuelen a Richtung Smartphone. Mastercard huet ganz vill Geld a säi Programm „Androïd-Pay“ gestach, sech dofir och (zumindest an der Belsch) mat Google, BNP Parisbas, Fortis Hello Bank, Fintro an der KBC zesummegedoen. En däitlecht Zeechen datt d‘NFC-Technologie (déi et schonn zanter 20 Joer gëtt) zimlech obsolet ginn ass.

Dat zweet Element op dat de Flamänner net wollt agoen, ass d‘Sécherheet. Bezuelen ouni Kontakt betrëfft eigentlech (mee dat ass reng Theorie wéi et am Video bewise gëtt) nëmme kleng Beträg a soll „sécher“ sinn. Wa gewosst ass wéi einfach een scho beim Internetbanking ofgezockt gëtt, da sollt een op dat wat hei als „Bequem a Praktesch“ gelueft gëtt verzichten. D‘Kollege vu Marktcheck (SWR) hunn sech dat ganz professionell ugekuckt. Mee dir kënnt awer maache wéi dir wëllt…

Ähnlech Sujeten Bezuelen ouni Kontakt, Henri Dewaerheijd, Kreditkaart, Mastercard, NFC-Technologie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel