Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

20 Joer mam Euro: Der EU hire Bebe gëtt erwuessen
Kultur Neiegkeeten

20 Joer mam Euro: Der EU hire Bebe gëtt erwuessen

Um 1. Januar 2019 ass d’Wärung vun Europa, den Euro,

Stauséi: Wann d‘Bloalgen engem d‘Vakanz verdierwen
Kultur Neiegkeeten

Stauséi: Wann d‘Bloalgen engem d‘Vakanz verdierwen

Wéinst enger Bloalge-Pescht am Séi vun der Uewersauer, ass et

D’ULC an d’Banken – Veruerteelung vum Diktat
Kultur Neiegkeeten

D’ULC an d’Banken – Veruerteelung vum Diktat

Schonn nees maachen d’Banken an enger negativer Aart a Weis

D’Stater Bibliothéik fir Enseignement an Educatioun feiert seng Aweiung!

D’Stater Bibliothéik fir Enseignement an Educatioun feiert seng Aweiung!
(v.l.n.r) Patrick Goldschmidt, Verkéiersschäffen (DP); Madamm Kaiser; Lydie Polfer, Buergermeeschtech vun der Stad Lëtzebuerg; Colette Mart, Schoulschäffin; Simone Beissel, Vizepresidentin vun der Chamber © Laurent Mehlen/moien.lu
D’Stater Bibliothéik fir Enseignement an Educatioun feiert seng Aweiung!
D'Band gëtt duerchschnidden, d'Bibliothéik ass ab elo offiziell op! © Laurent Mehlen/moien.lu
D’Stater Bibliothéik fir Enseignement an Educatioun feiert seng Aweiung!
D'Madamm Kaiser an eis Buergermeeschtech, d'Madamm Lydie Polfer © Laurent Mehlen/moien.lu
D’Stater Bibliothéik fir Enseignement an Educatioun feiert seng Aweiung!
© Laurent Mehlen/moien.lu

Gëschter gouf d’Erweiderung an Erneierung vun der Bibliothèque du personel enseignement et éducatif vun der Stad Lëtzebuerg am Schwaarzen Haus um Cents ageweit. Wéi den Numm et scho seet, handelt et sech heibäi em eng spezialiséierte Bibliothéik fir Leit aus dem Bildungswiesen.

Insgesamt ginn et iwwer 10.000 Fachbicher mat verschiddensten Thematiken, fir Fachpersonal aus der Bildung an Erzéiung, aus den Schoulklassen, den Primärschoulen oder och den Spillschoulen.

Déi verschidden thematesch Beräicher leien also hei an der Pedagogik, Psychologie, Philosophie der Soziologie, der Civique oder der Literatur. Mee och Beräicher wéi Sport, Sproochen a Mathematik sinn hei ze fannen. Natierlech dierf do d’Kultur an d’Konscht, d’Biologie an d’Lëtzebuerger Geschicht net feelen. Donieft ginn et awer nach vill weider verschidden Themen. Hëlt een elo d’Beispill vum Verhalen an der Psychologie vu Kanner, kann een ganz vill zur Kierpersprooch, den Emotiounen Neurowëssenschaften, Stressbewältegung, an ähnlechen Theme gewuer ginn.

Wuessen duerch Wëssen

Duerch déi grouss Villfalt ass et méiglech, datt sech d’Fachpersonal ëmmer weider fortbilden, an seng Perspektiven erweidere kann. Dëst hëlleft also net nëmme bei der Bildung an Erzéiung mee och den Kanner, mat deenen d’Fachpersonal schafft. Problemer am Bezuch ob d’Verhalen an d’Verständnis kennen sou méi schnell geléist, an d’Kanner besser verstane ginn. Resultat ass eng Ënnerstëtzung an der nohalteger Bildung an Erzéiung.

Ugefaangen huet d’Aweiung mat eng klenger Ried, sou wéi och Erklärungen zur Bibliothéik. D’Madamm Kaiser huet hei nach emol preziséiert, wéi wichteg dëse Schrëtt vun der Bibliothéik ass. Ännerunge gouf et an der Erweiderung vum Zougrëff, spréch datt dat gesamte Fachpersonal aus dem Beräich Bildung an Education elo Accès ob d’Bibliothéik huet. Donieft ass och den Numm ob Bibliothèque du personel enseignement et éducatif de la ville de Luxembourg geännert ginn. Zousätzlech ginn och regelméisseg Newsletteren erausgeschéckt, déi d’Fachpersonal ëmmer um lafenden hale soll, wat nei Bicher betrëfft. Dëst ass net nëmmen den eenzege Projet den lancéiert ginn ass. Den Ament gëtt och un anere Projeten an dësem Beräich geschafft.

Leider huet d’Aweiung mat Verspéidung ugefaangen. Des weideren huet nawell eng wichteg Persoun gefeelt: d’Buergermeeschtesch Madame Polfer, déi op dëst Event invitéiert hat, huet et zäitlech net gepackt, bei der offizieller Aweiung, mat dem symboleschen duerchschneide vum Bändchen derbäi ze sinn. Uschléissend huet si et glécklecherweis nach gepackt, beim feierlechen Event laanscht ze kucken.

De Katalog mat der ganzer Dokumentatioun ass op folgendem Site ze fannen: www.edulibrary.lu.

(v.l.n.r) Patrick Goldschmidt, Verkéiersschäffen (DP); Madamm Kaiser; Lydie Polfer, Buergermeeschtech vun der Stad Lëtzebuerg; Colette Mart, Schoulschäffin; Simone Beissel, Vizepresidentin vun der Chamber  

Ähnlech Sujeten Bibliothèque du personel enseignement et éducatif, Bildungswiesen, Colette Mart, Educatioun, Lydie Polfer, Patrick Goldschmidt, Simone Beissel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel