Search

You may also like

Wou ass de Brexit drun?
Kultur Neiegkeeten

Wou ass de Brexit drun?

Vu lauter Covid19-Gedeessems, engem sat(elitären) Skandal an der Ongewëssheet op

LCGB: Fusioun Telindus-Tango
Kultur Neiegkeeten

LCGB: Fusioun Telindus-Tango

Nodeems de Grupp Proximus ugekënnegt huet zolidd Personal a senge

Greenpeace nëmme partiell begeeschtert
Kultur Neiegkeeten

Greenpeace nëmme partiell begeeschtert

Wéi Greenpeace Lëtzebuerg et haut erkläert huet, géif déi Europäesch

Bicher an Netflix

Bicher an Netflix

Mat der Zäit kann engem d’Liesen op de Geescht goen, ech als Bichergeck si vun Netflix begeeschtert! Ech hu vill Serien a Filmer fir mech entdeckt, déi sech u Bicher orientéieren. Hei si meng Favoritten:

The Sinner

Netflix

Déi däitsch Autorin Petra Hammesfahr huet d’Buch Die Sünderin geschriwwen. D’ Schauspillerin Jessica Biel huet d’Roll vum Cora gutt ëmgesat, ech hu mir eng Folleg no där anerer eragezunn – an déi zweet Staffel direkt och! Hei komme Fans vu Psychothriller op hier Käschten. Garantéiert! Et wëll e keng Minutt verpassen. D’Follegen si komplex, d’Opléisung ass iwwerrascht an zefriddestellend. An awer, et verstéiert ze gesinn zu wat de Mënsch fäeg ass.

All die verdammt perfekten Tage

Netflix

Schonn eleng vum Trailer kucken si mir d’Tréinen an d’A geschoss. Ech war emotional direkt am Buch. D’Verfilmung ass gelongen a baséiert op engem Jugendroman. D’Biller vum Film hunn mech u meng Grenze bruecht(mä et geet awer näischt iwwert e gudde Kappkino)! Am beschten ass, sech e Pak Nuesschnappecher prett ze leeën – nee, zwee. Gitt léiwer op Nummer sécher. D’Thematik si psychesch Problemer kombinéiert mam Erwuesse ginn.

Die Stille des Todes

Netflix

O, wat war ech frou de Kraken a Faarf z‘erliewen, en ass méi attraktiv, ewéi ech mer e virgestallt hunn. An dësem Film léisst hie mat senger Partnerin den éischte Fall, d’Atmosphär vum Baskenland gouf gutt agefaangen. Do wëll ech eemol an d’Vakanz goen!

Ich schweige für dich

Netflix

Ech kommen net laanscht dem Harlan Coben seng Bicher, se si psychologesch gutt opgebaut. A raffinéiert. D’Serie Ich schweige für dich ass d’selwecht. Intrigant, spannend a voller Geheimnisser – bis zur leschter Minutt. Loscht dem Adam op senger Sich no der Wourecht Gesellschaft ze leeschten?

Shadowhunters

Netflix

Mam Clary Fairchild begi mir eis an eng Welt voller Magie, Vampiren, Hexemeeschter an aner mystesch Kreaturen. D’Cassandra Clare huet d’Bicher geschriwwen – hei gefält mir d’Serie besser. Et ass de stännege Kampf tëscht Gutt a Béis, ma et ass net schwaarz oder wäiss. En ass faarweg.

You /Du wirst mich lieben

Netflix

Léiert den Joe kenne – hie schafft an engem Bicherbuttek, säin Hobby ass Stalking. En ass e Psychopat ewéi en am Buch steet. Fir seng Léift Beck gräift de charmante Kärel zu alle Mëttel a geet noutfalls och iwwer Läichen. Bad Boys hunn nawell Succès, eng drëtt Staffel ass geplangt! Wat e wuel nach alles erlieft?

Bird Box

Netflix

Maach deng Aen nëmmen net op – soss kënnt den Dout dech huelen! Op der Sich no Sécherheet fir seng zwee Kanner begëtt eng Mamm sech op eng geféierlech Rees. Firwat lauert dat Béist iwwerall? De Film huet mech genee esou gefesselt, ewéi d’Sandra Bullock am Speed Gaass ginn huet.

Tote Mädchen lügen nicht

Netflix

D’Serie kéint sensibel Mënschen triggeren, se handelt vum Fräidoud, Drogen a Mëssbrauch. Den Jay Asher huet d’Jugendbuch geschriwwen, d’Verfilmung geet ënnert Haut a verstéiert nach méi ewéi dat geschriwwent Wuert. Fënnt de Clay eraus firwat seng Klassekomerodin sech d’Liewe geholl huet?

Dumplin’

Netflix

D’Willowdean ass e Virbild fir Meedercher – trotz Iwwergewiicht wëll hatt un engem Schéinheetsconcours deelhuelen. Kann hatt sech géint seng Mamm behaapten? Et ass nämlech de Charakter deen zielt, ma déi Lektioun muss se nach léieren. De Film stëmmt nostalgesch, d’Dolly Parton ass iwwerall present.

Ready Player One

Netflix

Dëse Film bestécht duerch seng spezial Effekter, d’Buch huet mir besser gefall. Do fënnt e méi Uspillungen – sougenannten Ouschtereeër, déi an engem virtuelle Spill verstoppt sinn. Wien d’Rätsel léisst gewënnt e grousse Schatz, all Dier steet ëm op. E kann d’Welt veränneren! Mä wéi, dat hänkt vum Spiller of. Zu wéi engem Team gehéiert en?

Wéi eng Serien a Filmer kuckt Dir da gären?

Titelbild: © Dawid Łabno / unsplash

Related topics Bicher, Bleift Doheem, Confinement, Kultur, Netflix
Next post Previous post