Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jumanji: Welcome to the Jungle hätt kënnen e richteg faule Film ginn. Zum Gléck goufen di richteg Decisioune getraff
International Kultur Neiegkeeten

Jumanji: Welcome to the Jungle hätt kënnen e richteg faule Film ginn. Zum Gléck goufen di richteg Decisioune getraff

Se waren net sou faul, wéi se sech et hätte

Ungarn fält nees aus der Roll
International Kultur Neiegkeeten

Ungarn fält nees aus der Roll

Europa muss de Viktor Orban wéinst enger anti-Awanderungscampagne an dem

D’Vertrauen an d’EU klëmmt. Mee d’Suerge bleiwe weider grouss!
International Kultur Neiegkeeten

D’Vertrauen an d’EU klëmmt. Mee d’Suerge bleiwe weider grouss!

Bei aller Euroskepsis, déi een online héiert, schloen dës Zuelen

D’Bicherdeeg 2019: Mat alle Sënner liesen!

D’Bicherdeeg 2019: Mat alle Sënner liesen!

Den offizielle Programm vun der Editioun 2019 vun de „Journées du Livre et du Droit d’Auteur“ ass vergaangene Méindeg an der Stater Bibliotheik vum Edukatiounsminister Claude Meisch presentéiert ginn. Dëst Joer stinn d’Bicherdeeg ënnert dem Motto „Mat alle Sënner liesen“!

Et ass den Doudesdag vu zwee ganz grousse Schrëftsteller: dem William Shakespeare an dem Miguel de Cervantes. Esou huet ee sech 1995 bei der Generalkonferenz vun der UNESCO den 23. Abrëll al symboleschen Datum erausgesicht, fir esou de Bicher an hiren Auteuren e eng grouss Éier ze erweisen.

Dobäi muss ee virun allem d’Wichtegkeet vum Buch als eelst Kommunikatiounsmëttel an de Virdergrond setzen. Scho säit Joerdausende gëtt unhand vun der Literatur Wëssen a Kultur verbreet. Trotz digitalem Zäitalter solle Bicher weiderhi geschat ginn, wouduerch ee virun allem Jonker encouragéiere sollt, d’Freed um Liesen nees ze fannen, de Prozess zur Kreatioun vun Texter a Bicher ze verstoen, sou wéi och d’Auteursrechter opzegräifen.

Esou seet d’Audrey Azoulay, Generaldirektesch vun UNESCO: „Bicher sinn den Iwwergang zur mënschlecher Fräiheet, virun allem zur Expressiounsfräiheet an der Fräiheet zu Verëffentlechung. Dëst sinn zerbriechlech Fräiheeten.“

„Mat alle Sënner liesen“

All Joer setzen sech verschidden Acteuren aus dem Beräich vun der Lecture zesummen, fir esou d’Literatur ze fërderen an de Bicherdeeg déi néideg Siichtbarkeet ze ginn. Dëst Joer steet d’Evenement ganz am Zeeche vun de Sënner. Esou kënne mir mat den Aen, den Oueren, der Nues, dem Mond an den Hänn d’Welt vun de Bicher interpretéieren. Als éischt kuckt ee sech schliisslech d’Buch un, ier een et dann upäckt a säi Geroch ophëlt. Viru geet et mam héieren, spieren a virstelle vun der Geschicht, déi sech vu Säit zu Säit weider entfalt.

Vum 23. bis den 28. Abrëll 2019 invitéieren d’Organisateure vun de „ Journées du livre et du droit d’auteur“ mat diversen Aktivitéiten a véier Länner der Bicherwelt nees méi no ze kommen. De komplette Programm fannt dir um Site www.liesen.lu oder och HEI.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Claude Meisch, Educatiounsminister; Monique Kieffer, Direktesch vun der Nationalbibliothéik (BnL); Josée Kirps, Direktesch vum Nationalarchiv (Anlux) © BnL

Ähnlech Sujeten Bicherdeeg, Buch, Claude Meisch, Journées du Livre et du Droit d'Auteur, Literatur, Mat alle Sënner liesen, UNESCO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel