Search

You may also like

Chantier um Echangeur Helfenterbréck un dësem Weekend!
Kultur Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Helfenterbréck un dësem Weekend!

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt vu Samschdes, de 15 Juni 7:00

Eng op d‘Zukunft ausgeriichte FEDIL
Kultur Neiegkeeten

Eng op d‘Zukunft ausgeriichte FEDIL

De 24. Januar huet d‘FEDIL – de Verband vun den

E Bléck an eis Natur vun A-Z: 100 Joer natur&ëmwelt modern zesummegefaasst
Kultur Neiegkeeten

E Bléck an eis Natur vun A-Z: 100 Joer natur&ëmwelt modern zesummegefaasst

Voller Freed hunn all Persounen, déi um Natur- an Ëmweltschutz

Bicherwoch am Biodiversum -Esou gëtt d’Fuesvakanz spannend gestalt!

Bicherwoch am Biodiversum -Esou gëtt d’Fuesvakanz spannend gestalt!

Bei der 4. Editioun vun der Bicherwoch, déi vun natur&ëmwelt an dem Biodiversum Rëmerschen organiséiert gëtt, gi wärend enger ganzer Woch Liesungen a Presentatioune vu Bicher fir Kleng a Grouss, wéi och interessant Workshops a kuckenswäert Ausstellungen organiséiert. A wat gefält, dat kann een direkt op der Plaz kafen a mat Heem huelen!

An dësem Kader gëtt ee räichhaltege Programm gebueden, deen Dir an dësem Artikel fanne kënnt. D’Geleeënheet gëtt awer och fir een Opruff genotzt: Hutt Dir al Bestëmmungs- oder Naturbicher doheem, déi dir net méi braucht? Bréngt se mat, sou datt se ganzjähreg am Lieseck vu ville Visiteure genotzt kënne ginn.

De Programm vun der Bicherwoch 2020

  • D’Famill Bëmmelchen (LU)
    15. Februar um 10:30 Auer
    Liesung fir déi ganz Famill mam Auteur Arlette Schroeder-Hansen
    Präis: 5 €


  • Mat Fieder an Tëntefaass (LU, DE, FR, EN)
    15. Februar vun 14:00 bis 16:00 Auer
    Hei gëtt geléiert, wéi Tënt gekacht gëtt an mat Hëllef vun der Fieder extra schéi Buschtawe geschriwwe ginn. D’Aktivitéit ass geduecht fir Persounen ab 7 Joer, d’Umeldung ass obligatoresch
    Präis: 5 €


  • Ee Fräsch, deen danzt – e Bir, dee fäert – en Elefant, dee feiert an nach méi geckeg Geschichten (LU)
    De 16. Februar um 10:30 Auer
    Liesung fir déi ganz Famill mam Auteur Christiane Kremer vu Kremart Éditions. Umeldung erwënscht.
    Präis: 5 €


  • Sand-Mandalaen (LU, DE, FR) – Workshop fir Erwuessener
    De 16. Februar vun 14:30 bis 16:30 Auer
    Léiert zesumme mat der Artistin Mireille Dondlinger, wéi ee Sand-Mandala gemaach gëtt. D’Umeldung ass obligatoresch.
    Präis: 35 € (Material abegraff)


  • Erziel dach emol… (LU, DE)
    Den 19. Februar vun 10:30 bis 17:00 Auer
    Spilleresch a Schrëtt fir Schrëtt entdeckt Dir de Spaass um fräien Erzielen. Mat enger Schatzsich, eegene Kreatiounen a vill Spaass kënnen d’Geschichten um Enn vum Dag dem Publikum virgefouert ginn. D’Aktivitéit ass ab 8 Joer.
    Präis: 10 €


  • Lieszeechen (LU, DE, FR, EN)
    Den 21. Februar vu 14:00 bis 16:00 Auer
    Gestalt Äert eegent Lieszeechen, zesumme mat der Linolschnëttartistin Mea Batemann. D’Aktivitéit ass u keen Alter gebonnen, et herrscht fräit Kommen a Goen.


  • Bee Wrap (LU, DE, FR, EN)
    Den 22. Februar vu 14:00 bis 16:00 Auer
    Déi cool Alternativ zu Plastik: Apake mat de spezielle Beiewuess-Dicher. D’Aktivitéit riicht sech u Persounen iwwert 6 Joer, et herrscht fräit Kommen a Goen.
    Präis: 5 €


  • Minimaus (LU)
    Den 22. Februar vun 10:00 bis 12:00 Auer
    Liesung fir déi ganz Famill mat uschléissendem Bastelatelier mam Auteur Dany Gales. Umeldung erwënscht.
    Präis 5 € / 8 €


  • Mäi Bichi (LU, DE, FR, EN)
    Den 22. Februar vu 14:00 bis 17:00 Auer
    Erschaaft Äert eegent klengt Buch a fëllt et mat selwer kreéierte Biller a Geschichten. D’Aktivitéit ass u keen Alter gebonnen, et herrscht fräit Kommen a Goen.


  • Seed Bombs (LU, DE, FR, EN)
    Den 22. Februar vu 14:00 bis 17:00 Auer
    Bastelt selwer sougenannt „Sombommen“ mat Youth for Climate, fir esou méi Blummen an d’Welt ze setzen a Beien a Päiperleken eng Freed ze maachen. An engems kënnt Dir Är Froen zur Klimakris stellen. D’Aktivitéit ass u keen Alter gebonnen, et herrscht fräit Kommen a Goen.


Den Entrée zum Biodiversum a sengen Ausstellungen zum Thema Natur, Biodiversitéit an de Vullewelten ass gratis. Et ass all Dag op vun 10:00 bis 17:00 Auer (ausser Méindes).

Related topics Bee Wrap, Bicherwoch, Biodiversum Rëmerschen, Erziel dach emol, Fuesvakanz, Lieszeechen, Literatur, natur&ëmwelt, Programm, Sand-Mandala
Next post Previous post