Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Connecting Lives“ – Zwou Wochen nohalteg (er)liewen
Kultur Neiegkeeten

„Connecting Lives“ – Zwou Wochen nohalteg (er)liewen

Eecherfeld, den 18. September: Wei kenne mir an enger paralyséierter

Amerika an Trauer nom Dout vum Barbara Bush
Kultur Neiegkeeten

Amerika an Trauer nom Dout vum Barbara Bush

Si war d‘Fra vun engem US-President an d‘Mamm vun engem

Iwwert Ëffnungszäite legiferéieren, bedeit iwwert d‘Liewensqualitéit vum Salariat ze legiferéieren
Kultur Neiegkeeten

Iwwert Ëffnungszäite legiferéieren, bedeit iwwert d‘Liewensqualitéit vum Salariat ze legiferéieren

Eng Delegatioun vum OGBL, ugefouert vun hirem President André Roeltgen,

Bicherwoch am Biodiversum

Bicherwoch am Biodiversum

Vum 16. bis de 24. Februar gëtt zu Rëmerschen un der Musel eng Bicherwoch organiséiert, bei der Liesmaterial zum Thema Natur fir all Alter presentéiert gëtt.

Wärend der ganzer Vakanzewoch gi Liesungen an Aktivitéiten zu de verschiddene Bicher fir Kanner an Erwuessener offréiert. Natierlech kënnen d’Bicher och op der Plaz kaaft ginn.

Donieft kënne Kanner a Famille mat der Geschichtenerzielerin Melissa mat der Lanter trëppele goen, d’Geschichte vum Poli a Maisy oder Minimaus nolauschteren oder een perséinlecht an individuellt Lieszeechen drécken (fir dës Aktivitéite sollt ee sech am viraus umellen). Fir déi Erwuesse gëtt eng Signéierstonn fir d’Buch „Branded Nation“, sou wéi een Owend, de ganz am Zeeche vun de Villercher a Mammifère steet, ugebueden.

Bei der drëtter Editioun vun dëser Bicherwoch, déi vun natur&ëmwelt an dem Biodiversum zu Rëmerschen organiséiert gëtt, ass den Entrée fir an d’Ausstellungen zum Thema Natur, Biodiversitéit an d’Vullewelt vum Biodiversum fräi. Dobäi läit dësen Zentrum zu Rëmerschen, no bei Schengen un der Musel am Naturschutzgebitt „Haff Réimech“ (A8/A13, Ausfaart 13). Et ass all Dag op vun 10:00 bis 17:00 Auer, an dat ausnamsweis och Méindes fir dës Woch.

Weider Informatiounen an d’Umeldunge fënnt een op www.biodiversum.lu. Donieft hutt Dir d’Méiglechkeet um Nummer 23 60 90 61 24 unzeruffen oder via E-Mail biodiversum@anf.etat.lu.

De ganze Programm kënnt Dir Iech HEI ukucken.

Adress:
Centre nature et forêt Biodiversum
5, Bréicherwee
L-5441 Rëmerschen

Ähnlech Sujeten Bicherwoch, Biodiversum, Ëmwelt, Liesungen, Natur, natur&ëmwelt, Rëmerschen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel