Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den 11. Februar mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg nees op
Neiegkeeten

Den 11. Februar mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg nees op

No enger duerch Parasitten organiséiert „Zwangspaus“ mécht d‘Cinemathéik vun der

Nordsyrien: Flucht an d‘Ongewëssheet
Neiegkeeten

Nordsyrien: Flucht an d‘Ongewëssheet

Säit Ankara seng offensiv géint d‘Kurden an Nordsyrien ageleet huet,

EXPO 4 KIDS zu Dikrech: De verwonschene Bësch
Neiegkeeten

EXPO 4 KIDS zu Dikrech: De verwonschene Bësch

Vum 8. September bis den 30. September erwaarden Iech 6 Kënschtler an der

Bieder vum Park: Zu Esch ass de Summer fir d‘Waasserrate gerett

Bieder vum Park: Zu Esch ass de Summer fir d‘Waasserrate gerett

Fir d‘Escher Bierger an d‘Awunner aus der Ëmgéigend déi sech ee Summer ouni „Waasser“ einfach net virstelle kënnen, huet et gutt Nouvellen. D‘Schwämm „Bieder vum Park“ (gutt offiziell gëtt et hei nëmmen eng franséisch Bezeechnung „Les Bains du Parc“) mécht ab dem 1. Juli seng Dieren nees op.

An dat bescht, dës wierklech flott Schwämm, mat Rutschbunn a Baussenareal, esou wéi enger flotter Brasserie, déi och de Gurmangen ënnert eis d‘Häerz héije schloe léist, ass dann duerchgoend op. Et heescht sech wuel enger Rei Obligatiounen unzehuelen, mee dat kenne mir jo elo an do dierft kee Problem entstoen. Mat eppes Disziplin gëtt engem de Spaass net versalzt.

Wien sech elo freet, firwat dann nach bal ee Mount gewaart gëtt, muss sech kee Kapp maachen, et huet eng esou einfach wéi absolut verständlech Erklärung. Normalerweis, also esou zumindest ass et all déi Jore virdrun esou gehandhaabt ginn, ass ëmmer am Summer den Entretien vun der Anlag gemaach ginn. Dat gëtt elo an den nächsten dräi Woche gemaach.

Säitens de Gemeng, wou vill Ustrengungen ënnerholl goufe fir dat alles méiglech ze maachen, heescht et, datt D‘Reouverture sech nëmmen am Respekt mat de sanitäre Mesure – déi vun der Regierung festgeluecht ginn – realiséiere léist. Well d‘Situatioun awer weiderhin „evolutiv“ ass, wäert et punktuell zu Upassunge kommen.

Iwwert all dës Virgaben, déi anzehale sinn, ginn d‘Visiteuren ëmmer zäitno informéiert. D‘Reegele ginn dann och op der Plaz verständlech ausgehaangen. D‘Gemeng wier frou, wann déi am Sënn vum Zesummenhalt géife respektéiert ginn. Wann sech d‘Waasserraten an d‘Frënn vun der Sonn anstänneg behuelen, dann ass dëse Summer gerett.

Iluustratioun: © Les Bains du Parc / Gemeng Esch-Uelzecht

Ähnlech Sujeten Bieder vum Park, Esch-Uelzecht, Les Bains du Parc, Schwämm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel