Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Politik als Familljenugeleeënheet: Portugal ass keng Ausnam
dating site lavaplace

Politik als Familljenugeleeënheet: Portugal ass keng Ausnam

Et gëtt vill Grënn firwat d‘Mënschen es der Politik iwwerdrësseg

dating site lavaplace

https://moien.lu/online-dating-first-message-questions/

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Elo sollten d‘Chrëschtmäert esou lues all hir Dieren opgemaach hunn
dating site lavaplace

Elo sollten d‘Chrëschtmäert esou lues all hir Dieren opgemaach hunn

Et gëtt Wanter an d‘Feierdeeg weisen hir kal Nues, firwat

Biergcourse Eschduerf: Guy Demuth beschte Letzebuerger

Biergcourse Eschduerf: Guy Demuth beschte Letzebuerger

Et war een elle groen Dag deen déi Motorsportpassionéiert zu Eschduerf empfaangen huet. Moies nach liichte Reen deen sech awer iwwert d’Mëttegstonn verzunn huet. Esou war et dann och sécherlech ze erklären dat déi éischt Manche keng iwwerzeegend Zäite konnte gefuer ginn. Trotz allem konnten d’Favoritten hirer Roll gerecht ginn an hunn uerdentlech Gas ginn.

Wéi all Joer waren der vill ugereest an de Public war international. Dësen hat sech primär ronderëm déi lescht Kéier virun der Arrivée opgestallt well dat ongemittlecht Wieder den Trëppelwee laanscht de Streckeverlaf béis opgeweecht hat. Et waren dann och déi méi couragéiert, déi sech op de Wee gemaach hate fir eng vun deene beschte Plazen an der éischter an zweeter Kéier nom Depart ze ergatteren.

An der leschter Kéier virun der Arrivée as et enk mat der Plaz gewiecht (© moien.lu/MdL)

Och am „Park Fermé“, dee sech wéi gewinnt iwwer ganz Eschduerf verdeelt hat, war villes ze gesi wat een soss bei esou internationale Course seele vun esou no gebuede kritt. Ganz erfreelech dann nach d’Feststellung dat et op deene sëlleche Stänn, déi fir Iessen a Gedrenks gesuergt hunn, net nëmmen héich hir gaangen ass, mee d’Präisser ganz raisonnabel waren. Dofir huet den Entréespräiss mat 40 Euro fir en Erwuessene schonn ee klengt Lach an de Budget geschloen.

„Hillrace“… ee Männersport?

Leider jo, mee grad dowéinst war et schéin ze gesinn dat d’Tania Flammang (L) mat engem Peugeot 206RC an d’Sandra Becker (L) op engem Renault Clio II Cup, béid an der Classe 23 (1600 bis 2000 Kubik) ënner Beweis gestallt hunn, datt och eng Dame zolidd op der rietser Pedall ka stoen. Natierlech ass et just eng Placéierung am hënneschte Feld vum Generalklassement ginn an trotzdeem hunn se allebéid ganz hire Mann gestanen.

Am grousse ganze verhält et sech jo esou dat de Generalklassement vun den Rennautoen dominéiert gëtt. Hei ass dann och zimlech spannend bliwwen an zwar bis zum Schluss. De Marcel Steiner (CH) op engem LobArt-Mugen LA01 hat schonns an der éischter Manche seng Uspréch däitlech gemaach, genee wéi den Ludovic Cholley (F) op engem Dallara-Mercedes F306 an den Jacques Marschal (B) um Norma-BMW M20F.

Eppes fir Nostalgiker (© moien.lu/MdL)

Fir eis Letzebuerger, Guy Demuth op sengem G-Force Mugen F3000/Nippon (Titelbild), Léon Linden mat engem Dallara-Opel F304, Daniel Donkels um Tatuus-Renault FR2.0 an dem Frank Maas mam Osellla-BMW PA20S ass et virrangeg dorëms gaangen sech méiglechst ënnert den 20 Beschten eng Plaz ze sécheren. Eng Rechnung déi just fir de Pilot vum „Roude Léiw“ also dem Guy Demuth opgaangen ass. Hien huet sech, obschonns en nëmmen ee Laf absolvéiert huet, mat 57 Sekonnen an 348 Dausendstel déi 16.Plaz  am Generalklassement gekroopt an war domadder de beschte Lëtzebuerger.

Duerchgesat an zwee vun dräi ugesate Leef huet sech d’Elite. De Jelle De Conninck (B) op engem Norma-Honda M20FC Turbo konnt sech beim zweeten Ulaf ëm 15 Sekonne verbesseren. Dat waren dann um Enn 50 Sekonnen an 536 Dausendstel, déi net méi sollten ze schloe sinn. Op déi zweet Plaz kënnt den Eric Berguerand (CH) op dem Lola-Cosworth FA99 mat 51 Sekonnen an 30 Dausendstel. Dobäi muss gewosst sinn dat hien am éischte Laf mat enger Minutt an 30 Dausendstel op fiichter Streck eng absolut Beschtzäit virgeluecht hat. De Cyrille Frantz (F) mam Norma-BMW M20FC V8 huet mat 51 Sekonnen an 673 Dausendstel de leschten Träpplek um Podium erreecht. De Marcel Steiner (CH) op dem LobArt-Mugen LA01 war mat 52 Sekonnen an 980 Dausendstel den éischte Verléierer. Dobäi hat sech den Gewënner vun 2013 méi virgeholl an en dierft ferm motivéiert sinn fir 2018.

Kleng awer “oho” (© moien.lu/MdL)

Dräi Manchen ugesat, nëmmen zwou gefuer

Dat ee wann een de Portmonnien eppes mäi wäit muss opmaache fir sech eng Biergcourse kënnen unzekucken, dat kann ee schonn eppes enttäuscht sinn wann een nëmmen zwou vun den dräi ugemellte Manche gebuede Kritt. Dat huet dann och direkt op Facebook fir Gebraddels gesuergt an dofir op dëser Plaz déi wuel néideg Erklärung.

Wéi gesot et wor moies seriö naass a wéinst engem schroe Kontakt mat der Leitplank vum Marcel Gapp (D) um BMW M3 E36, woubäi de Pilot awer nach mat engem Schreck dervu komm ass, den Auto allerdéngs eppes méi wäert musse gepléischtert ginn an Ueleg op der Streck war, huet et ee Retard vu gutt zwou Stonne ginn. Wann en da bedenkt datt eng Manche ronn dräi Stonnen dauert, ass et verständlech dat et no der Arrivée vun der zweeter Manche um 17 Auer net méi méiglech war den drëtte Laf unzesetzen. Esou ass de Motorsport an et dierf ee jo unhuelen dat et jidderengem wichteg ass, datt d’Sécherheet vun de Piloten net diskutabel ass.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel