Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iechternach: Feierlaun beim Séi.
Sport

Iechternach: Feierlaun beim Séi.

Fir déi mëttlerweil 35. Kéier, konnt een och erëm leschte

crying
De Joresbericht vun Doktere vun der Welt ass bedréckend
Sport

De Joresbericht vun Doktere vun der Welt ass bedréckend

Um Dënschdeg huet d‘ONG Doktere vun der Welt (MdM) de

Wéi steet ëm d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra?
Sport

Wéi steet ëm d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra?

D‘Ministesch fir Chancëgläichheet, Lydia Mutsch (LSAP) huet kierzlech de Bilan

Biergcourse zu Eschduerf – Timeline European Hill Race

Biergcourse zu Eschduerf – Timeline European Hill Race

Schluss, fäerdeg, aus, eriwwer… No dräi fir d‘Piloten erausfuerderend Montéeë beim European Hill Race Eschduerf, stinn d‘Gewënner fest. En éischte Fazit ass erlaabt: Ausser zwee zolidd Ausrutscher bei deenen et awer just zu Blechschued komm ass, kann een am allgemenge soen, datt d‘Course „roueg“ awer spannend verlaf ass.

De Public huet dann och erëm glécklech de Heemwee ugetrueden, an vill vun hinne wäerten sech och 2019 nees zu Eschduerf weisen. Dat gëllt selbstverständlech och fir déi meeschte Piloten, déi eis kuerz awer usprochsvoll Streck an Häerz geschloss hunn. Wat och dorunner ka leien, datt si am Duerf wëllkomm sinn, an hinne kaum e Wonsch versot gëtt.

Eschduerf

De Jörg Davidovich (Klass 41 / NSU) aus Däitschland huet seng Konkurrenten op d‘Plaze verwisen, a gewënnt mat 1 Minutt 7 Sekonnen a 86 Honnertstel an senger Klass. © Martine de Lagardère/moien.lu

Mee zum eigentlechen, natierlech gëtt et och e Palmarès. Hei gëtt ganz detailléiert all d‘Resultater. Mir hoffen datt mir mat eiser Timeline konnten ee puer Andréck vun der Course vermëttelen, a géifen eis freeën och 2019 op e neits live mat derbäi dierfen ze sinn. Den Organisateuren an alle leit déi matgehollef d‘Biergcourse erneit zum Erfolleg ze féieren, vun eiser Säit aus Merci.

High Noon zu Eschduerf: d‘Jubiläum-Course vum European Hill Race huet seng éischt Manche hannert sech an de Streckerekord – esou wier mir dat ugekënnegt haten – ass dann och gefall. Domatter war nach virun 12 Auer, pünktlech zum Apero den éischten Highlight an der Këscht.

An et ass dann och keen anere wéi de franséische Pilot Sebastien Petit, deen sech, an domatter och dem Public, eng grouss Freed bereet huet. Mat 48 Sekonnen an 260 Dausendstel, huet de Sebastien bal 1 Sekonn Virsprong op den zweetséiersten, den Patrick Zajelsnik (49 Sekonnen an 232 Dausendstel).

De Gewënner vum leschte Joer, de Jelle de Coninck (B), läit no der éischter Manche op der véierter Plaz (50 Sekonnen an 646 Dausendstel) nach hannert dem Marcel Steiner (CH) dee 45 Dausendstel méi séier war. D‘Ambiance ass dann och bei schéinem Wieder esou gutt wéi d‘Resultater am Allgemengen: Beschtens!

Eschduerf

Mir haten eisen Interview scho Gëschter, an et war kloer, datt et um haidege Sonndeg nëmmen ee Géigner fir de Sebastien Petit konnt ginn: dat war d‘Auer. Hien duerft dann haut och houfreg de Kollege vun RTL erkläre firwat et esou komm ass wéi mir dat virausgesinn hunn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et sinn dann och honnerte Leit ronderëm d‘Streck vun 1850 Meter verdeelt. Ganz flott festzestellen, vill Famillje mat Kanner hunn de Wee op Eschduerf fonnt. An dat ass och de Verdéngscht vum Organisateur; der Union des Pilotes de Luxembourg. An wëll den Dag nach wäit dovunner ewech eriwwer ze sinn, sollt een sech op weider spannend Resultater freeën dierfen.

Vergiesse mir dann awer op dëser Plaz net de Guy Demuth op sengem Norma Judd M20 FC V8, dee mat 51 Sekonnen an 476 Dausendstel, sech als séierste Lëtzebuerger op der Montée konnt behaapten. An och de Leon Linden, op sengem Opel Dallara F304, ass ënnert de Minutt bliwwen (59 Sekonnen an 733 Dausendstel).

Sondegmueren 7:30 Auer, Eschduerf erwächt, déi éischt Pilote sëtze scho beim Kaffi, eenzel gesäit ee Mecanicienen un de Auto schaffen. D‘Sonn ass längst eraus, an et versprécht e ganz summerlechen Dag ze ginn. Zäit eng Ronn duerch en Duerf ze dréinen, datt „seng“ Biergcourse bei sech doheem opgeholl huet.

Beim Tour duerch d‘Duerf, konnt een deels d‘Rennmaschinnen an der Garage vun de Awunner gesinn. Esouvill Begeeschterung verdäitlecht engem, firwat d‘Union des Pilotes de Luxembourg, dëse 6. Mee den 30. Jubiläum vum European Hill Race Eschduerf, zelebréiere kann.

Eschduerf

Scho ganz zäiteg um Dill: d‘Corinne Pflug aus der Schwäiz. Si fiert an der Klass 22c (1400 bis 1600 ccm) op engem Toyota Corolla GT-i. Si huet sech haut virgeholl de Männer et net einfach ze maachen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Grouss Freed hate mir och dem Corinne Pflug aus der Schwäiz um fréie Mueren ze begéinen. D‘Pilotin, déi mat engem Toyota Corolla GT-i ënnerwee ass, begréisst déi gutt Stëmmung an d‘Akzeptanz déi allen Teams entgéintbruecht gëtt.

Zu senge Chancen sech an senger Klass duerchzesetzen, seet et: „Ech hunn een vun de klengsten Autoen an dëser Klass, mee liicht gemaach kréien d‘Männer et net. meng Zäit (1 Minutt 14 Sekonnen an 457 Dausendstel) ass fir den Auto ganz an der Rei, an eng Course kann ëmmer eng Iwwerraschung bereet halen“.

20:00 Auer: Alles huet en Enn, esou och den Training. Bis heihinner war et bis op kleng technesch Problemer fir deen een oder anere Pilot, en zefriddestellenden Dag. Och den Organisateur, d‘Union des Pilotes de Luxembourg, ass ganz zefridde mam Oflaf, a konnt sech fir den Training, och net bekloe wat d‘Zuel vun den Zuschauer ugeet.

An fir muer versprécht et dann och Spannend ze ginn. An de Kinneksklass, geet de franséische Pilot Sebastien Petit als Favorit un de Start. Hien huet sech dann och ganz zefridde gewisen, ass awer iwwerzeegt, datt seng Konkurrente reagéiere wäerten.

Eschduerf

De franséische Champion vun 2017 op sengem Norma-Mugen Honda M20 FC V8. De Sebastien Petit huet enger Beschtzäit am Training vun 49 Sekonnen an 256 Dausendstel der Konkurrenz gewise wou d‘Lat läit. © Martine de Lagardère/moien.lu

„8 Zéngtel Virsprong op de Jelle de Coninck, dat ass awer gutt fir d‘Moral, och wann um Renndag d‘Kaarten nei gemëscht ginn“, esou de Sebastien. Mir wollten natierlech wëssen, wann een dann am Training mat enger Zäit vun 49 Sekonnen 256 Dausendstel ënnerwee war, op do net vläicht e Streckerekord méiglech wier?

„Also den Training war formidabel. Op et mir elo gelénge kann d‘Beschtzäit ze ënnerbidden, dat wéi an eng Kristallkugel kucken. Mee et sollt een dervun ausgoen, datt wann d‘Konditioune gutt beienee kommen, eng Zäit vun 48 Sekonne plus X absolut realistesch ass“, esou de franséische Champion vun 2017.

16:00 Auer: den zweet Trainingsronn ass esou gutt wéi absolvéiert an d‘Zäite gi verständlecherweis besser. No de Grondastellung geet elo un de „fine-tuning“ iert da bei drëtten a leschten Trainingslaf ëm d‘Startpositioun gefuer gëtt. Ze bemierken ass dann awer, datt deen een oder aneren mat liichte technesche Problemer ze kämpfen hat.

Mir hunn op eiser Ronn duerch d‘Duerf d‘Geleeënheet genotzt, fir dem Jubilar vum European Hill Race zu Eschduerf e puer Froen ze Stellen. 30 Joer Biergcourse Eschduerf, sinn och 30 Participatioune vum „Doyen“ Leon Linden. Hie gëtt an ee puer Wochen 80 Joer jonk, an et gesäit nach net duerno aus, wéi wann hien de Helm wéilt un de Nol hänken.

Eschduerf

De Leon Linden mat geschwënn 80 Joer participéiert säit dem éischten Dag um European Hill Race Eschduerf. Hien ass domatter de Doyen am Fahrerlager, an et gesäit och net aus wéi wann hie wéilt ophalen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hie begréisst dann och datt sech dësen traditionelle Motorsportevent iwwert dräi Joerzéngte gehalen huet. Eng Course déi, esou de Leon Linden nieft engem impressionnante Palmarès, och eng grouss Renommée genéisst. An all de Joren hätt hie vill léif an interessant Leit kennegeléiert.

Op d‘Fro wei hien de Samschdeg ugeet, bestätegt eis de Leon Linden, datt déi éischt Montée geduecht war fir ze kucke wéi den Auto läit. Mat enger Zäit vun 1 Minutt 1 Sekonn an 986 Dausendstel (an Klass 35 – Monoplace – 1600 bis 2000 ccm) war hien dann awer gutt ënnerwee, och wann, wéi hie seet, haut näischt riskéiert gëtt.

„Elo ginn nach e puer Astellunge virgeholl, an d‘Pneuen agefuer, datt de Silikon erofkënnt“, sot hie mat engem Bléck op seng „Assistenten“. Wat d‘Streck selwer ubelaangt, esou freet hien sech iwwert de gudde Gripp, wier awer net rose wann se e puer Meter méi laang wier. Dat gesot huet hien sech nees an den Overall gestierzt, an op drop gewaart datt et nees lass geet

13:30 Auer: Den éischten Trainingslaf hunn d‘Piloten elo absolvéiert. Elo scho vun „Zäiten“ ze schwätze wier verfréit, wéi eis e puer Pilote matgedeelt hunn. Et ass wéi gesot an éischter Linn drëms gaangen ze kucken, wéi den Auto agestallt ass.

Nom éischten Essai si mir bis bei de Steve Büchler (Startnummer 270 / BMW M3 E30) laanscht gaangen. Fir hien ass d‘Jubiläum-Course zu Eschduerf seng éischt Participatioun un enger Biergcourse zu Lëtzebuerg. Bis heihinner ass de Steve an der Belsch gefuer, an hien ass dann och ganz houfreg hei um European Hill Race Deel ze huelen.

Mir wollten dann och wësse wéi dozou komm ass. Ma 2008 ass de Steve eng éischte Kéier am „Doublon“ mat engem Kolleg op engem Opel Kadett C matgefuer. Eng flott Erfarung, déi hien animéiert huet mat engem eegenen Auto deel ze huelen. Hien huet sech dunn e VW Scirocco GT2 16V zougeluecht. A scho konnt et viru goen.

Eschduerf

De Steve Büchler a säi Frënd de Eric Bettel. Fir de Steve ass d‘Jubiläum-Course vum European Hill Race, och seng éischt Participatioun un enger Biergcourse zu Lëtzebuerg. Hei dierfe mat derbäi ze sinn, erfëllt dem sympatheschen a lëschtege Gesell e Wonsch. © Martine de Lagardère/moien.lu

Laang huet d‘Léift zum VW net gehalen. A wéi d‘Méiglechkeet bestanen huet, huet de Steve zougegraff an esou koum hien zum BMW mat deem hien dëse Weekend un der Biergcourse deel hëlt. A hien huet eis verroden, datt hien domatter eigentlech net geduecht hat Biergcourse ze fueren. Mee wann ee Kollegen huet wéi den Eric Bettel, Marcel Weber oder Claude Klein, jo dann…

A wëll d‘FIA-Reglement et esou virschreift, huet de Steve dann 2018 och eng Lëtzebuerger Lizenz gemaach. Hien fiert dëse Weekend an der Klasse: 24 2 bis 3 Liter Ween. Beim sengem éischten Essai kënnt hien a senger Klass op Plaz 10, mat 1 Minutt 15 Sekonnen a 50 Dausendstel. Dat si ronn 12 Sekonnen op den éischten aus der Klass, mee et ass jo och emol en Ufank.

Pünktlech um 8:30 Auer sinn déi éischt Pilote fir den éischten Training op Streck gelooss ginn. Bei schéinstem Wieder kann dann och mat gudden Zäite gerechent ginn. Op a ronderëm d‘Streck suergen d’Streckeposte vum „Marshals Club Nürnburgring e.V“ fir Uerdnung a Sécherheet.

Eschduerf

D‘Streckeposte vum „Marshals Club Nürnburgring e.V“. Si sinn zur hirer 50 Mann ugetrueden, a suerge fir d‘Sécherheet vun de Piloten op a ronderëm d‘Streck. Profien déi hiert Handwierk verstinn.

Ab 9:00 Auer konnt een dann och scho vill Leit ronderëm d‘Streck gesinn. Hei dann och elo éischt Impressiounen iert mir eis dann och op bei d‘Streck beginn, fir en éischten Androck vum Training ze erhalen. Direkt um Uschloss, dozou, hoffe mer éischt interessant Interviewen ze verëffentlechen.

Ähnlech Sujeten Biergcourse, Eschduerf, European Hill Race, Motorsport, Union des Pilotes Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel