Mat dësen 9 Verännerungen soll de Cyclisten a Foussgänger gehollef ginn
Haut huet de Minister fir Nohaltegkeet an Infrastrukturen, François Bausch
Haut huet de Minister fir Nohaltegkeet an Infrastrukturen, François Bausch
„Net emol wann s de dat zäitlecht geseent hues, bass
Nach bis e Méindeg kann een am Centre Wonerbatti zu
D‘Bierger vu Bierden maachen sech Suergen ëm déi geplangte Wandanlag, déi ganz no bei hiren Haiser soll opgeriicht ginn. An dës Suerge soll d‘Politik eescht huelen.
Fir d‘ADR Norden ass et net nozevollzéien, firwat esouwuel d‘Gemeng, wei och d‘Bierger net vun Ufank un an de geplangte Projet matagebonne goufen. Si goufe Joren duerno virun ofgeschlossen Tatsaache gestallt. Hei gouf Politik iwwer d‘Käpp vun de Leit gemaach an dat ass inakzeptabel!
Déi allermeeschte Wandmille goufe politesch gewollt am Norde vu Lëtzebuerg opgeriicht. Et géif ee mengen, datt am Zentrum an am Süde vum Land kee Wand bléist… Mee och soss gëtt et an den Ae vun der ADR-Norden nach eng ganz Rei Froen, déi bis ewell onbeäntwert bliwwe sinn:
Froen iwwer Froen, den ADR-Norddeputéierte Jeff Engele a senger parlamentarescher Fro vum 24. September opgeworf huet. D‘Bierger hunn e Recht op eng Äntwert, an zwar eng déi kloer ass. Och hisiichtlech dem Projet Nordstad stellen sech an dësem Zesummenhang Froen. Et wier Schued d‘Vertraue vun de Bierger duerch eng iwwerhieflech Wirtschafts- an Ëmweltpolitik ze verspillen.
D‘ADR Norde wäert dësen Dossier och weiderhi suivéieren.
Matgedeelt vun der ADR, Bezierk Norden – D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen
Illustratioun: © Matthew T Rader / unsplash