Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Elo sollen och d‘Britten nees dierfen e Patt huele goen
International Neiegkeeten

Elo sollen och d‘Britten nees dierfen e Patt huele goen

Virun zimlech genee dräi Méint ass dem briteschen Horesca- an

SIPRI-Rapport: Waffenhandel nach ëmmer e profitabelt Geschäftsmodell
International Neiegkeeten

SIPRI-Rapport: Waffenhandel nach ëmmer e profitabelt Geschäftsmodell

D‘Friddensfuerschungsinstitut SIPRI, huet haut säi Bericht iwwert d‘Waffenexporter fir den

exit RACISM: Eng rassismuskritesch Rees fir ze lauschteren
International Neiegkeeten

exit RACISM: Eng rassismuskritesch Rees fir ze lauschteren

Nodeems 2017 dem Tupoka Ogette säi Buch exit RACISM: rassismuskritisch denken

Juncker: „Wien an d‘EU areest muss erfaasst ginn“

Juncker: „Wien an d‘EU areest muss erfaasst ginn“

Datt de Bierger net ëmmer gutt op d‘EU-Kommissioun ze spriechen ass, an et och wéinst de wirtschaftlechen a sozial Krisen zu enger Identitéitskris komm ass, war et un der Zäit sech de Bierger ze stellen. Eng Aufgab déi de Jean-Claude Juncker erkannt an ugeholl huet.

Kommunikatioun, am beschten an der Form vum Dialog, ass de Wee deen de Kommissiounspresident gewielt huet, fir dat Vertrauen dat Europa verdéngt huet, nees hierzestellen. D‘Bierger sollen am Kader vum „Biergerdialog“ d‘Méiglechkeet kréien hir Froen ze stellen. Net all Äntwert wäert zefriddestellend sinn, mee et huet wéinstens de Virdeel, dat ee se aus kompetenter Quell erhalen huet.

Dat war dann och de Fall um Mëttwochowend am Konferenzzenter „Triangel“ zu St. Vith. Hei haten sech nieft dem Jean-Claude Juncker, och den Oliver Paasch (Ministerpresident vun der däitschsproocheger Communautéit vun der Belsch), de Karl-Heinz Lambertz (President vum Comité vun de Regiounen) an de Pascal Arimont (Member vum EU-Parlament) de Froen a Meenunge vun e puer honnert Leit gestallt.

Vu Suergen an Ängschten

Besuergt ass een nach ëmmer am Bezuch op d‘Visafräiheet, an op dat et net den Terroristen ze einfach géif maachen an Europa anzereesen. Och wéi ee gedenkt mat de Flüchtlingen ëmzegoen a viru wéi ee se kann ënner Dach bréngen. Hei huet de Kommissiounspresident dann och e klore Standpunkt: d‘Visafräiheet gëtt duerch international Verträg gereegelt an dorunner soll och net gefréckelt ginn.

Wat muss gemaach ginn, ass de System vun der Erfaassung méi sécher ze maachen. „Wien an d‘EU areest muss erfaasst ginn. Dofir gëtt et wéi d‘Entwécklungen et gewisen hunn och gutt Grënn. Mir hunn e Recht drop ze wësse wien bei eis kënnt a wou e sech ophält“, esou de Jean-Claude Juncker.

Zu de Flüchtlingen erënnert de Jean-Claude Juncker drun, datt d‘Kommissioun hei konkret Virschléi gemaach huet. Hien ass dann och alles anescht wéi glécklech musse festzestellen, datt et Länner gëtt déi wéineg Solidaritéit weisen.

Fir hien an d‘Kommissioun ass et awer wichteg, datt Europa e Kontinent bleift, wou Mënschen déi virum Krich musse flüchten, och Schutz kënne fannen. Zudeem sollt een uecht doen d‘Flüchtlingen net ënner Generalverdacht ze stellen, mee sech der Saach mat Verstand, mee och mam Häerz unzehuelen.

Sozial Kohäsioun

Ugeschwat op de Sozial-Sommet vu Göteborg huet de Kommissiounspresident gemengt: „Ech hoffen datt d‘Minister datt maache wat ech hinne soen. Wann d‘Mënsche musse fäerten, datt mir géint se sinn, komme mir net weider“. Wichteg ass, datt d‘Entsendegesetz erneiert muss ginn, de Pappen och Elterecongé zougesprach kréien, et Méiglech muss gi fir d‘Fleeg fräigestallt ze ginn an et a ganz Europa e Mindestloun muss ginn.

De Jean-Claude Juncker ass sech dann awer bewosst datt muenches net iwwerall direkt wäert méiglech, dat awer en Zil ass dat erreecht muss ginn. An hei geet et och ëm näischt méi Natierleches wéi d‘sozial Kohäsioun an den Zesummenhalt an Europa.

Zu der Fro firwat et bei verschidde Concoursen déi vun der EU gemaach ginn Zougangsviraussetzunge gëtt, wéi beispillsweis beim „Präis géint de Populismus“ wou ee misst e „Master“ hunn, och eng kloer Äntwert: „… zu Göteborg wäert och iwwert déi restriktiv Zougangsbestëmmunge geschwat ginn“. Do dierf ee gespaant sinn, mee och zouversiichtlech, well do sollt schonn de Verstand dofir suergen, datt sech eppes ännert.

Gläiche Loun fir gläich Aarbecht

Datt duerch d‘Entsendegesetz Mënschen engersäits ausgebeut ginn, an de Loundumping lokal Betriber kloer ausgrenzt, muss sech änneren. An zwar Zäitno, wann een d‘Riedner op der Bühn richteg verstanen huet. Et bréicht méi Gerechtegkeet an iwwerhaapt wier et nëmme gerecht, wann den Aarbechter – egal wou en hir ass – dee Loun géif erhalen, deen do wou e Schafft och üblech ass.

Iwwerhaapt war ee sech eens doriwwer, datt ee vu sengem Loun muss kënne liewen an och seng Famill ernieren. Datt gëtt net einfach an der Ëmsetzung, ass awer néideg, well grad d‘EU d‘Bierger virun der sozialer Ongerechtegkeet schütze muss. Un den EU-Ausschreiwungen awer gëtt weider festgehalen an et dierft och e Sujet zu Göteborg sinn, wéi een sech dem Abus wëll entgéintstellen.

An dësem Sënn ass et dann och wichteg eppes géint de fiskalen Dumping ze ënnerhuelen. De Jean-Claude Juncker huet drop higewisen, datt hien déi éischt Kommissioun presidéiert, déi sech engagéiert huet hei duerchzegräifen. D‘Iddi ass datt et eng „Grondsteier“ soll ginn, an da jidderengem fräi soll bleiwe méi ze froen.

De Brexit a Katalounien

Zu der Fro wéi d‘EU mat Groussbritannien nom Brexit wëll ëmgoen, huet de Kommissiounspresident och kloer Wieder fonnt. „Mir wëlle Groussbritannien fair behandelen an erwaarden dat och fir eis. Mee ier et ka mat de Verhandlunge weidergoen, muss d‘Rechnung fir d‘Scheedung festgeluecht, an d‘Rechter vun de Bierger verankert ginn. (…) Mir respektéieren d‘Entscheedung vun de Brite mee weisen awer drop hin, datt et net d‘EU ass déi aus Groussbritannien austrëtt“.

Zu Katalounien huet de Karl-Heinz Lambertz gemengt, datt se eng problematesch Entscheedung getraff hätten, déi zudeem net am Aklang mat der spuenescher Verfassung steet. Mee wann een elo de Referendum als solches och net kann unerkennen, esou dierf een awer Bedauere wéi Madrid mat der Situatioun ëmgeet. Den Oliver Paasch weist dann nach drop hin, datt eng Gesellschaft vu senge Gesetzer zesummegehale gëtt an et en Ënnerscheet mécht op ee méi Autonomie fuerdert oder d‘Onofhängegkeet proklaméiert.

De Jean-Claude Juncker, dee wéi hien en ausgedréckt huet, e Frënd vum Premierminister Mariano Rajoy ass, soll dësem empfuelen hunn sech dach un der Belsch ze orientéieren. Deen hätt dann de Kommissiounspresident gebueden, him d‘Belsch ze erklären.

Fazit

Et war elo sécherlech hei net méiglech déi vill ënnerschiddlech Sujeten, Froen an Interventiounen opzehuelen. De Choix ass wuel och net ganz objektiv gemaach, mee soll eigentlech just weisen, datt en Dialog méiglech ass an d‘EU-Kommissioun beim Bierger wëll sinn.

Heiansdo kënnt dat net eriwwer an et ass da sécherlech och noutwenneg, datt bei der Kommunikatioun grousse Wäert drop geluecht gëtt, Entscheedungen a Pläng fir d‘Zukunft esou ze erklären, datt och jiddereen d‘Chance huet et ze verstoen. Mam Biergerdialog huet de Jean-Claude Juncker emol e grousse Schratt op de Bierger zou gemaach. Op dat méi Vertraue bréngt muss een ofwaarden, et ass awer emol de richtege Wee. Zudeem sollten d‘Bierger an der EU wëssen, datt et Informatiounsbüroe gëtt, wou se och hir Froen dierfen hindroen.

Foto: (v.l.n.r.) Pascal Arimont, Oliver Paasch, Jean-Claude Juncker, Karl-Heinz Lambertz © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Biergerdialog, EU-Kommissiounspresident, Europa, Jean-Claude Juncker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel