Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Dëse Kantons-Quiz entféiert dech an den déiwe Süden!
Neiegkeeten

Dëse Kantons-Quiz entféiert dech an den déiwe Süden!

De Kanton Esch-Uelzecht ass vun der Populatioun hier dee gréissten.

Romain Schneider an natur&ëmwelt: een Echange fir d’Natur
Neiegkeeten

Romain Schneider an natur&ëmwelt: een Echange fir d’Natur

Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a

Frankräich: Ee Joer Protest an et ass net besser ginn
Neiegkeeten

Frankräich: Ee Joer Protest an et ass net besser ginn

Wann de Schwong eppes verluer gaangen ass, esou sinn d‘Grief

Biergerdialog a Wahlkampf: „fléissend“ Grenzen

Biergerdialog a Wahlkampf: „fléissend“ Grenzen

Steierflucht, Ekologie a Migratioun: dat waren e puer vun de grousse Sujeten deenen sech de Xavier Bettel an den Emmanuel Macron, beim grousse Biergerdialog an der Philharmonie ugeholl haten. E Meeting dee matten an de Lëtzebuerger Wahlkampf fält, deen awer net beaflosse soll.

Den Dialog huet mat engem laange Statement vum Premier ugefaangen. Deen huet e grousse Réckbléck op déi eege Geschicht gewot, an esou konnt ee gewuer, ginn, datt seng Grousselteren aus dem „Osten“ stamen, et jiddesch, kathoulesch an atheistesch „Wuerzele“ an der Famill Bettel gëtt. Eise Premier huet dank Erasmus a Griicheland studéiert an ass haut mat engem Belsch bestuet.

Firwat hien dat erzielt huet? Ma fir drop opmierksam ze maachen, datt zu enger anerer Zäit, op enger anerer Plaz, hien hätt zum Dout veruerteelt ginn, fir dat wat hien ass. An hei stellt dann och de franséische President fest, datt vill Leit hautdesdaags vergiess hunn, wat Europa eis eigentlech bruecht huet, an datt d‘Geschicht vum Xavier Bettel, och d‘Geschicht vu Milliounen Europäer ass.

De Xavier Bettel huet kloer gemaach, dat am aktuelle Kontext vum Dissens tëscht den EU-Länner, den Dram vun engem federalen Europa geplatzt ass. Vill international Themen, wéi d‘Tierkei, d‘USA an d‘Migratioun, mee och europäesch Sujeten, wéi de Brexit, d‘Ofschafe vum Rechtsstaat a Polen, de Populismus an Ungarn an Italien, behënneren déi ugestrieften Entwécklung.

An hei deelen sech den Emmanuel Macron an de Xavier Bettel eng Usiicht. Engersäits fuerderen se, datt vereent iwwert dës Theme muss geschwat ginn, ëm de Rescht kann e sech duerno këmmeren. Si sinn sech allerdéngs och doriwwer eens, datt sollt et net méiglech sinn zu 28 virunzekommen, ee sech muss iwwerleeën, op verschidde Fortschrëtter net a klenger „Gruppen“ erreecht kënne ginn.

Populismus, dat ass Europa am „Imparfait“

Den Emmanuel Macron huet esou an der Philharmonie festgestallt, datt de militäresche Schutz e vun de Pouvoiren ass, deen als Fundament fir e politesche Raum ze betruechten ass. An hei mécht sech de franséische President och näischt vir. Hie wëll erkannt hunn, datt de Populismus sech och doduerch breet ka maachen, well Europa keng oder wéineg Resultater virzeweisen huet.

Fir besser „Resultater“ ze erreechen, schléit den Emmanuel Macron vir, en Europa ze schafen, dat d‘Leit schützt, an den europäesche Fonds fir d‘Verdeedegung fir hei en éischte Schratt an déi richteg Richtung. Wann sech nordesch a baltesch Staaten der NATO zouwennen, well si sech duerch Russland bedreet fillen, bedeit dat, datt et an Europa och bei der Verdeedegung u Solidaritéit feelt.

Aus dem Sall gëtt de Staatsmänner de Virworf entgéint bruecht, datt et jo grad hir Politik wier, déi dem Populismus neie Wand an d‘Segel geblosen hätt. De franséische President stellt dorops dréche fest, datt hien alles, mee bestëmmt keen ultraliberalen ass. Et wier richteg, datt hien sech fir de Produktivismus asetzt, ëmmerhi misst ee jo dee Räichtum emol erschafen, dee e verdeele wéilt.

Vum „Räichtum“ deen et ëmzeverdeele gëllt ass et net wäit zur Steierflucht. Woubäi d‘Wuert falsch gewielt ass, an et hei eigentlech ëm legal Prozeduren zur Steierminiméierung geet. Lëtzebuerg gëtt dann och regelméisseg als Steierparadäis bezeechent. De Xavier Bettel stellt hei awer fest, datt een enger europäescher Léisung, wann et dann zu esou sollt kommen, net ofgeneigt ass.

Wou de Lëtzebuerger Premier dann awer d‘Grenze gesäit, ass d‘Kompetitivitéit. Déi vun Europa, an de Memberlänner. Dat kéint an dierft een op d‘Spill setzen, besonnesch dann net, wann d‘Welt ronderëm eis sech en anere Rhythmus zougeluecht huet. Global Léisungen si leider och elo net ze erwaarden, zumindest net am engem politesche Kontext dee vum Donald Trump beherrscht gëtt.

Ëmweltschutz: „Hein? Vous dites?“

Datt e gudden Ëmweltschutz och derzou ka bäidroen dem Klimawandel eppes entgéintzesetzen, dat gëtt nach just vu Negationiste bestridden. Aus dem Sall huet sech den Duo Bettel/Macron awer eng zoutreffend Remark missen unhéieren. Lëtzebuerg mat senge 5% erneierbar Energie, a Frankräich wou den Ëmweltminister Nicolas Hulot sech verfuusst huet, loosse wéineg Wëllen erkennen.

Eise Premier mécht e Versuch, an trëfft mat „Wann ech iwwerall Wandmillen opstellen, och an der Péitruss, wou sollen d‘Leit da liewen?“ de Witz awer net. Hie kritt dann d‘Kéier, an deem hien drop hiweise kann, datt Lëtzebuerg an „propper“ Projeten am Ausland investéiert. Et gouf zudeem nach emol betount, datt Lëtzebuerg nimools net an Atomkraaft wäert investéieren.

De liberale Spëtzekandidat geséich et dann och nach gären, wann een et zu Mechanissem kéint bréngen, wou Länner déi ekologeschen Dumping bedreiwen, bestrooft ginn. De Leader vun der „La Republique en Marche“ geet en anere Wee, an erkläert sech bereet vu Kuel an thermescher Energie Ofstand ze huelen, well déi ze vill CO² ausstoussen. Un der Atomkraaft wëll hie festhalen.

Atomkraaft wier laut dem Macron CO² neutral, a géif déi energetesch Souveränitéit sécherstellen. Hien ass der Usiicht, datt een eréischt dann d‘Atomzentralen ofschalte sollt, wann een an der Lag ass déi sougenannten „gréng“ Energie ze stockéieren. Bis dohinner wier et nach ee wäite Wee, an esoulaang géif et keng valabel Alternativ zur Atomkraaft.

Ass e solidarescht Europa méiglech

Beim Biergerdialog konnt de Sujet „Migratioun“ net ausgelooss ginn, besonnesch nodeems Italien mat e puer „Aktiounen“ fir nei Opreegung gesuergt huet. Datt et Italien op d‘Spëtzt gedriwwen huet wier dem Mangel u Solidaritéit an Europa geschëlt, heescht et bei enger Interventioun aus dem Sall. Schold dorunner, déi ënnerschiddlech Usiichte wat eis „europäesch“ Wäerter betrëfft.

Fir den Emmanuel Macron stinn sech hei zwee Effete géinteniwwer. D‘Verantwortung vun de Länner déi hir Häfe mussen opmaachen, an déi europäesch Solidaritéit, mat där eng gerecht Verdeelung vun de Refugiéeën a Migrante soll erméiglecht ginn. Datt dat net gelénge wëll, hätt och domatter ze dinn, datt d‘EU-Politik vun de leschten 30 Joer op de Bannemaart ausgeriicht war.

De Xavier Bettel stellt sengersäits fest, datt d‘Migratiounskris „hannert eis läit“, an hie stellt sech d‘Fro: „Wie sinn déi Leit déi mir mussen ophuelen?“. D‘Äntwert huet hien och: „Et sinn déi Mënschen déi eng Stonn hunn fir hiert Land ze verloossen, viru Krich an Intoleranz flüchten“. De Premier betount, datt d‘Syrer net komme „vir besser ze liewen, mee just fir ze liewen“.

Kritik aus dem Sall gouf et och am Kontext vun der internationaler Politik. Eng Damm huet sech doriwwer opgereegt, datt ee „normaliséiert“ Bezéiunge mat Länner ënnerhält, an deenen d‘Rechter vun de Fraen a „sexuelle Minoritéiten“ mat Féiss getrëppelt ginn. Hei gouf dann och däitlech mam Fanger op Saudiarabien gewisen, wou nach kierzlech eng Aktivistin ëffentlech higeriicht ginn ass.

Hei gëtt den Emmanuel Macron der Intervenantin Recht. Hie verdeedegt déi politesch Haltung awer domatter, datt et hire Rôle ass, déi reformatoresch Beweegungen ënnerstëtzt, ouni dem konservativ-fundamentalistesche Regimm an d‘Handwierk ze fuschen. Europa géif awer a senge Bezéiungen zu esou „schwierege“ Länner, ëmmer nees op positiv Signaler drängen.

Foto: Beim Biergerdialog an der Philharmonie hunn de franséische President Emmanuel Macron an de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel vill Zousproch erhalen. Et huet wuel kritesch Froe ginn, an och den Timing vum „Besuch“, am Kontext vun de Chamberwahle vum 14. Oktober, huet dierfen a Fro gestallt ginn. © Ludovic Marin/AFP

Ähnlech Sujeten Biergerdialog, Emmanuel Macron, EU, Europa, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel