Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini
Meenung Neiegkeeten

Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini

De populäre Patron vun der rietsextremer Lega Nord an elo

D‘Police huet d’Campagne „#CyberScams“ lancéiert
Meenung Neiegkeeten

D‘Police huet d’Campagne „#CyberScams“ lancéiert

Internet, eng Plaz déi vill als „rechtsfräie“ Raum betruechten, ass

Meng Landwirtschaft: De Bioaktiounsplang an elo?
Meenung Neiegkeeten

Meng Landwirtschaft: De Bioaktiounsplang an elo?

Meng Landwirtschaft begréisst, datt mam Bioaktiounsplang an der Ernennung vun

Et geet ëm d‘Glafwierdegkeet vum Parlament (Carte Blanche)

Et geet ëm d‘Glafwierdegkeet vum Parlament (Carte Blanche)

Zur Erëffnung vun der parlamentarescher Sessioun 2020/2021 wëll d‘Biergerinitiativ Gemeng Suessem (BIGS) op hiert Schreiwes vum 24. Juni 2020 zeréckkommen.

Mir haten deemools opgedeckt, datt d‘Gesetz zum Bau vu Contournement vu Käerjeng duerch en nationaalt an europäescht Naturschutzgebitt, opgrond falscher Tatsaache (Nox-Wäerter) an zudeem nach offensichtleche Lige virum Parlament gestëmmt ginn ass.

Mir haten nogewisen, datt déi zur gesetzlecher Begrënnung vun der 4 Kilometer laanger Strooss erbäigezunne Wäerter vun der Loftverschmotzung op enger Plaz an der Lëtzebuerger Avenue zu Käerjeng (op Héicht vun der Brauerei) net wéi deemools virun den Deputéierte behaapt, dat duebelt (80 μg/M³) vum europäesche Grenzwäert bedroen hunn, mee a Wierklechkeet säit de reegelkonform duerchgefouerte Miessungen, ab dem Joer 2016 dës Grenzwäerter bis haut nëmmen eng Kéier geréngfügeg iwwerschratt hunn (42 μg/M³ – 2018).

Déi ganz Etüd zanter dem summaresche Stroossebau-Virprojet vun 2016, huet op veraaltem Zoufallsmiessunge berout aus dem Joer 2012 (57 μg/M³), obschonns 2015 (wann och nach onvollstänneg) weider Zoufallsmiessungen op staark reduzéiert Wäerter (48 μg/M³) higedeit haten, déi awer an der ëffentlecher Prozedur ënnerschloe goufen.

Dee ganze Projet huet vun Ufank un op falsche Fakte baséiert. An eng „Raison d‘Interêt Public Majeur“, déi eng Netbeuechtung vun enger europäescher Schutzzon hätt rechtfäerdege kënnen, huet zu kengem Amant virgeleeën.

Dës Faktelag gouf dem Legislateur vun der Regierung net nëmme verschwigen, jo déi tatsächlech gemoosse Wäerter goufen nach emol willkürlech virun den Deputéierte verduebelt, fir de Projet ze rechtfäerdegen. Den Deputéierten hunn déi aktuell Moosswäerter zum Zäitpunkt vun der Ofstëmmung net schrëftlech virgeleeën, esou datt eng Prüfung vun de mëndlechen (falschen) Aussoen zu dësem Moment net méiglech war.

Dozou kënnt nach, datt nodréiglech Argumenter derzou gedicht goufen (Belästegung duerch Kaméidi, Entwécklung vun der Uertschaft Käerjeng), déi net nëmme virdrun ni ëffentlech benotzt goufen, mee och nach sachlech falsch sinn an nimools als „raison impérative d’intérêt public majeur“ hierhale kënnen: d‘Belästegung duerch de Kaméidi, betrëfft déi ganz Géigend a gëtt mam Contournement net manner. An d‘Uertschaft Käerjeng entwéckelt sech och ouni Contournement rasant.

Et geet an dësem Dossier ëm d‘Glafwierdegkeet vun der Regierung a vum Parlament!

Muss ee Gesetz, dat offensichtlech op Grond vu falsche Fakte gestëmmt ginn ass, net zréckgezunn an enger neier Betruechtung ënnerzu ginn? D‘Iirféierung vun de Volleksvertrieder (ob mat Absicht oder ouni) betruechte mir als en Ugrëff op de Rechtsstaat. Et geet ëm d‘Glafwierdegkeet an d‘Rechtméissegkeet vun den demokratesche Prozeduren an dem Respekt géintiwwer den Institutiounen.

Mir hunn de Chamberpresident Fernand Etgen zousätzlech drëms gebueden ze préifen, ob net déi Deputéiert Josée Lorsché (Rapportrice), den Deputéierte Michel Wolter (Deputé-Maire vu Käerjeng), wéi och den Transportminister François Bausch géint folgend op si Zoutreffend deontologesch Bestëmmunge verstouss hunn:

1) De Code de Conduite vun den Deputéierten, dee vun hinne fuerdert: den Desinteressement, d‘Integritéit, d‘Transparenz, d‘Suergfalt, d‘Éierlechkeet, d‘Verantwortung an de Respekt vun der Reputatioun vun der Chamber;

2) Den Deontologie Code fir d‘Regierungsmemberen, dee vun de Minister fuerdert: „musse prezis a wourechtsgetrei Informéieren an bei der éischter Geleeënheet all eventuelle Feeler deen onabsichtlech passéiert ass korrigéieren“.

Matgedeelt vun der Biergerinitiativ Gemeng Suessem (BIGS), fräi aus däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Elke Karin Lugert / unsplash

Ähnlech Sujeten Biergerinitiativ Gemeng Suessem, BIGS, Contournement, Käerjeng, Ligen, Naturschutzgebitt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel