Search

You may also like

Inklusioun duerch Sport: Optakt vum Pilotprojet „I’mPOSSIBLE“!
International Neiegkeeten

Inklusioun duerch Sport: Optakt vum Pilotprojet „I’mPOSSIBLE“!

De Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, de Ministère fir

BD-Festival Contern: „E schéine Jubiläum!“
International Neiegkeeten

BD-Festival Contern: „E schéine Jubiläum!“

Längst eng Traditioun an net méi aus dem Kulturkalenner ze

Commemoratioun vun der Befreiung vu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Commemoratioun vun der Befreiung vu Lëtzebuerg

Och an der Minettemetropol Esch-Uelzecht ass gëschter un d‘Befreiung vu

Ee Staatsstreech am Biergerkrichsland Libyen?

Ee Staatsstreech am Biergerkrichsland Libyen?

An enger laanger Usprooch op der Tëlee, huet de Generol Chalifa Haftar erkläert, datt hien d‘UN-Ofkommes vun Enn 2015 net méi länger unerkenne wëll. An dësem Accord war eng Spléckung vun der Muecht a Libyen vereenbaart ginn, déi Libyen zerstéiert hätt, esou de Generol, dee betount huet „dat ass eng Saach vun der Vergaangenheet“. Tripolis huet d‘Annonce als Staatsstreech bezeechent.

Vun der international unerkannter Regierung zu Tripolis an dem Presidentschaftsrot, gouf et als Äntwert ob dem Chalifa Haftar seng „Interventioun“ eng kuerz Notiz. An dëser heescht et, datt de „Putsch“ géint d‘Ofkommes an déi politesch Institutioune keng Iwwerraschung sinn, et sech hei ëm Niwwelkäerzen handelt, déi d‘Néierlag vum Generol senge Milizen a Söldner verdecke sollen.

Béid Lager, déi „offiziell“ Regierungstruppe mat hiren alliéierte Milizen, an dem Generol seng vu russesche Söldner ënnerstëtzen Truppen, stinn sech zanter iwwert engem Joer un der Stadgrenz vun der Haaptstad géinteniwwer. Keng vun de Krichsparteie konnt ee bis ewell notabelen Avantage aus der Situatioun zéien. Dorunner huet och déi vun Ankara entsandt Militärhëllef näischt geännert.

Réckbléck

Nodeems de fréiere Leader, Muammar al-Gaddafi vun enger westlecher Militärallianz de Revolt ausgeliwwert ginn ass, wat 2011 zu sengem Stuerz a senger Liquidatioun gefouert huet, ass d‘Land iwwert den Ëmwee vun Anarchie direkt an d‘Chaos gestierzt ginn. Milize bekämpfen sech fir d‘Muecht ze ergräifen, woubäi et streng geholl nëmmen ëm d‘Kontroll vu Pëtrol a Gas geet.

Zu dëser Zäit huet dëse „Secteur“ nach sat Profitter ofgeworf, an 2014 huet dat Ganzt gedreet esou ze eskaléieren, datt déi westlech Allianz – déi u sech an éischter Linn vun dëse fossille Ressource wëlle profitéieren an zudeem mat alle Mëttel wëllen de Migratiounstransit ënnerbannen – d‘UNO ugeruff hunn. D‘Vereenten Natiounen hunn doropshin hiert Méiglechst gemaach ze vermëttelen.

De 17. Dezember 2015 koum et dann och zum sougenannte „Libyan Political Agreement“ (LPA), enger Aart Friddensvertrag tëscht de rivaliséierende Lager aus Tripolis an Tobruk. Hei war vereenbart ginn, datt et bis 2018 sollt zum Opbau vun engem neie libesche Staat an zur Opstellung vun enger Eenheetsregierung, ënnert der Leedung vum Fayez al-Sarraj hätt komme sollen.

Alles Makulatur

A wärend de Fayez al-Sarraj, dee vun de westleche Muechten „agesat“ ginn ass, huet d‘Regierung säi Sëtz zu Tripolis installéiert. D‘Parlament dogéint huet hiert Lager zu Tobruk opgeschloen an déi vun de Vereenten Natiounen ënnerstëtzt Regierung ni unerkannt a sech selwer als déi eenzeg legitim politesch Vertriedung erkläert. Dëser huet sech de Generol Chalifa Haftar „ugeschloss“.

Libyen

Zanterhier hunn sech ëmmer méi Acteure mat entspriechend differenzéierten Absichten an de Konflikt agelueden. Déi sécherlech wichtegst Allianz konnt de Fayez al-Sarraj mat den Tierke schmidden. De Sultan a säin Dram vun engem neien osmanesche Räich, wéi och d‘Gier no Pëtrol a Gas, wéi och d‘Méiglechkeet ee strategesche Coup am Mëttelmier ze landen hunn dat erméiglecht.

Mee och d‘Russen, Wäissrussland a Saudiarabien si schaarf op d‘Ressourcen, an ënnerstëtzen hirersäits dem Generol Chalifa Haftar seng „Libyan National Army“. Vill Versich d‘Haaptstad anzehuelen huet et wuel ginn, mee déi decisiv Schluecht huet nach net ginn, wat zudeem, duerch déi tierkesch Militärhëllef bis ewell erfollegräich konnt verhënnert ginn. Et bleift also spannend…

mat indymedia/tlv/mok

Foto: Op der Tëlee huet de Generol Chalifa Haftar d‘UN-Ofkommes opgekënnegt. Domatter dierft kloer sinn, datt eng politesch Léisung fir d‘Biergerkrichsland esoubal net wäert méiglech sinn. Seng Chance, déi soss esou begierte Ressource duerch d‘Covid19-Pandemie si fir vill Acteuren um Terrain zur Niewesaach ginn. Si sinn eigentlech alleguerte mat sech beschäftegt, wat dem Generol gewëssen Optiounen araumt. (archiv)

Related topics Chalifa Haftar, Fayez al-Sarraj, Friddensverhandlungen, Libyen, UN-Ofkommes
Next post Previous post