Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Digital oder Pabeier: E Buch ass e Buch!
jamie lynn spears dating Neiegkeeten dating revealed

dating a widower reddit

Déi lescht Woch huet den ECOFIN-Rot der Propose vun der

free match making horoscope online
jamie lynn spears dating Neiegkeeten dating revealed

D‘Aretha Franklin, Queen of Soul, ass vergaangen

Déi amerikanesch Soul-Legend Aretha Franklin, Sängerin an onermiddlech Militantin fir

Autoe mat Séil – Den 33. American Car Festival zu Stadbriedemes!
jamie lynn spears dating Neiegkeeten dating revealed

Autoe mat Séil – Den 33. American Car Festival zu Stadbriedemes!

Um vergaangene Weekend war de begierten traditionellen Treffpunkt fir all

Big Business mam Grondwaasser

Wéinst Nestlé kéint et passéieren, datt d‘Awunner vu Vittel deemnächst um Dréchene sëtzen

Big Business mam Grondwaasser

D‘Mineralwaasser aus de Bierger vum franséischen Osten ass bekannt op der ganzer Welt a fir de Schwäizer Nestlé-Konzern mat dat profitabelst Geschäft. Iwwerhaapt verdéngt sech Nestlé, dee Konzern dee Waasser als Wirtschaftsressource an net als e Mënscherecht betruecht, mam Offëlle vu Quellewaasser wäit méi wéi nëmmen eng gëllen Nues.

Elo huet d‘Privatiséierung vum Quellewaasser allerdéngs och Konsequenzen: den Awunner vu der Kur-Stad Vittel geet d‘Waasser aus, si sëtze geschwënn um Dréchenen. Grond ass déi industriell Ausbeutung vun de Quellen, wat derzou gefouert huet, datt de Grondwaasserspigel an d‘Gette gaangen ass. Gutt fir Nestlé, hinne gehéieren net nëmmen d‘Quelle mee och nach de Buedem.

Wat dat bedeit, déi Erfarung mécht derzäit de Bio Bauer Benoît Gille, deen op enger Uebstwiss seng Schof weede léist. Am Bongert awer sinn d‘Äppelbeem verdréchent, de Buedem kaum nach bewuess. An eigentlech gëllt Schoofszuucht an Uebstubau an der biologescher Landwirtschaft als nohalteg an zukunftsfäeg. Et sief dann, d‘Felder gehéieren engem Schwäizer Konzern…

Säit Jore kämpft de Landwirt enger Säit géint déi ëmmer länger Drécheperioden an géint Nestlé Waters deem de Buedem gehéiert. Laut dem Landwirt géif Nestlé de Piechter de Zougang zum Waasser verwiere fir seng Quellen ze schützen. Fir de Mann mat de Schof heescht et also all Dag Waasser aus engem Duerf bei d‘Béischten ze schleefen. Dat ass net nëmmen Zäitopwänneg.

Wann ëm vill Geld geet

Et ass virun allem, grad wann ee bedenkt datt dat de Benoît Gille eigentlech op engem vun de gréissten europäesche Waasserspäicher sëtzt, absolut verréckt mee virun allem absolut legal. Säit Enn de 60er Jore gehéieren dem Schwäizer Konzern d‘Quelle vu Vittel. Hei ginn aus der Quell „Bonne Source“ all Dag 2 Millioune Fäsche Waasser ofgefëllt. Haaptsächlech fir den Export.

Am Joer entsprécht dat enger Waasserentnam vun op mannst 750.000 Kubikmeter, wat laut den Experten däitlech ze vill ass. De Geolog Bernard Schmitt erkläert: „Wéinst geologesche Splécken ass de grondwaasserhaltege Sandsteeblock ënner Vittel isoléiert. A well vill ze vill Waasser entzu gëtt, kann sech de Späicher net méi regeneréieren“. Hei ass de Grondwaasserspigel ëm 10M gefall.

Elo kann een engem esou risege „global Player“ wéi Nestlé natierlech kaum – fir net ze soe „keng“ – Virschrëfte maachen. D‘Autoritéite wëssen, datt am Joer 3 Milliarde Liter gepompelt ginn, der awer nëmmen 2 Milliarden nofléissen. Dat och net eréischt zanter gëschter, mee säit iwwer 40 Joer. Dat sollt ee schonn dierfen e Verbriechen nennen, wëll och Nestlé weess ganz genee wat lass ass.

Der Wirtschaft verflicht

Mee eis Noperen hunn d‘Pech et a 4 Joerzéngten net fäerdeg bruecht ze hunn, sech eng Regierung ze ginn, déi och géintiwwer der Natur an der Nohaltegkeet Verantwortung iwwerhëlt. D‘Regierung zu Paräis, wou d‘Mineralwaasser vu Nestlé an all Ministère a Verwaltungen ze fannen ass, erlaabt dem Schwäizer Konzern alles a méi, d‘Awunner dogéint gi massiv ugehale Waasser ze spueren.

D‘Waasser awer ass fir Vittel, datt zanter 1854 gutt vum Waasser aus de Vogesen liewe kann, net nëmme wirtschaftlech relevant. Och d‘Therme vu Vittel, wou sech déi schéin an déi Räich hir Kur leeschten, brauch Waasser. Mee och déi huet sech Nestlé 1992 averleift. Hinne gehéiert souzesoen alles, wat hinne Muecht gëtt, déi de Konzern bis op déi lescht Drëps ausnotzt an zwar konsequent.

Mee als Wirtschaftsacteur daacht Nestlé och éischter wéineg. Gesäit een emol dovunner of, datt déi Schwäizer kaum – fir net ze soe guer keng – Steiere bezilt, dann dierf een nach ervirhiewen, datt vun de 4.500 Aarbechtsplazen déi et gouf, der haut nach esou just 900 iwwreg sinn. Paräis an déi lokal Waasserkommissioun, sinn awer esou mat Nestlé verstréckt, dat hir Muecht ongebrach ass.

Keen Interessekonflikt noweisbar

Anescht léisst sech beim beschte Wëllen net erklären, datt dës Waasserkommissioun et tatsächlech an Erwägung gezunn huet eng Pipeline ze bauen, fir d‘Lokalitéit Vittel mat Drénkwaasser aus dem Nopeschduerf ze versuergen. Dat heescht datt d‘Autoritéiten den Awunner behandelt „Rouer-Waasser“ opzwénge wollt, während Nestlé dat „gutt Waasser“ de Leit fir deiert Geld verkafe kann.

De Buerger war sengerzäit fierchterlech aus der Haut gefuer, wat ufangs wéineg genotzt huet. Gutt datt dann awer opgefall ass, datt hei zolidd gefuddelt a gelu gouf. Offiziell heescht et, datt et bei de Berechnungen zu Feeler komm ass, an de Projet esou net wirtschaftlech ass. Och dat ass gelunn, mee d‘Autoritéiten hu jo misse versichen, zumindest den Uschäin ze beworen si wieren éierlech.

Interessant och, elo wou dës Geschicht bei zaarte Gemidder fir Onmutt an zolitte Protest suergt, datt Nestlé Waters sech eng nei Marketingstrategie zougeluecht huet. Aus der Schwäiz heescht et dann och, datt schonn ugefaange ginn ass, d‘Waasserentnam aus den déifste Schichten ze reduzéieren an ee sech drop astellt, d‘Notzung de Bedierfnesser vun den Awunner an der Regioun unzepassen.

Vun der Märei zu Vittel gëtt et dozou kee Kommentar an déi ominéis lokal Waasserkommissioun wollt sech dozou och net äusseren. Et gëtt schliisslech zu Vittel keng aner Aarbechtsplazen an neier ze schafen ass net d‘Missioun vun der Stad oder der Kommissioun. Dofir kritt Nestlé Waters och keng Virschrëfte gemaach, firwat all Moossnamen ausschliisslech op fräiwëlleger Basis geholl ginn.

mat indymedia/sxb/brn

Illustratioun: © i-boycott.org

Ähnlech Sujeten Grondwaasser, Nestlé, Nestlé Waters, Vittel, Vogesen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel