Search

You may also like

Orange Week: Diddeleng geet mam gudde Beispill vir
International Neiegkeeten

Orange Week: Diddeleng geet mam gudde Beispill vir

Wéi all Joer bedeelegt sech d‘Stad Diddeleng (wéi vill aner

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv am August
International Neiegkeeten

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv am August

Et ginn op mannst zum Deel gutt Noriichten um Aarbechtsmaart:

Giel Gileten Akt XIV: Keng Middegkeet virtäuschen
International Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XIV: Keng Middegkeet virtäuschen

Et war gëschter scho fir déi 14. Kéier, dat bei

Dem „Big Mike“ seng lescht Amtshandlungen

Dem „Big Mike“ seng lescht Amtshandlungen

Wann sech déi ganz Welt den Ament op d‘Zukunft vum 45. US-President konzentréiert, well dëse beméit ass de leschte Rescht vu politescher Kredibilitéit iwwer Bord ze geheien, esou dierf een net iwwersinn, datt hien net eleng mam Feier spillt.

Esou huet dës Nuecht den US-Ausseminister Mike Pompeo, decidéiert, datt déi traditionell Selbst-Beschränkung vun den US-Diplomate géintiwwer Taiwan opgehuewen ass. Déi hat Washington jo aus wirtschaftleche Grënn „agefouert“. China beusprocht Taiwan als „Provënz“ an zësst all Land, dat offiziell Bezéiunge mat der demokratescher Regierung ënnerhält. Bis ewell ganz erfollegräich.

Am Statement vum Mike Pompeo huet eppes wéi „Virsiicht“ mat geklongen. Esou sot de Big Mike: „D‘Regierung vun de Vereenegte Staaten ënnerhält Bezéiungen zu inoffizielle Partner op der ganzer Welt an Taiwan ass keng Ausnam. Mat der haiteger Erklärung gëtt unerkannt, datt d‘Bezéiungen tëscht den USA an Taiwan net duerch selwer operluechte Beschränkunge gefesselt dierfe ginn“.

Esou kuerz virum Regierungswiessel, ee klengen „Eclat“ un deem dem Joe Biden seng Verwaltung wäert ze knaen hunn. Woubäi ganz esou iwwerraschend – emol vum Timing ofgesinn – kënnt dës Stellungnam elo och net. Den Donald Trump huet als President de Rapprochement mat Taiwan jo selwer gefërdert. D‘USA sinn ënnert senger Leedung zum wichtegste Waffeliwwerant erugewuess.

Schonn déi nächst Woch soll US-Ambassadrice bei de Vereenten Natiounen, Kelly Craft, offiziell Taiwan besichen. Hei sinn Entrevue mat héichrangege Regierungsvertrieder geplangt. Zu Peking gëtt dat als Affront betruecht. Et ass allerdéngs elo och net esou, wéi wann d‘Demokraten eng aner Politik géintiwwer Taiwan féiere wéilten. Oppe Stellung ergräife war awer bis ewell keng Optioun.

mat indymedia/nyc

Illustratioun: D‘Rahoe-Strooss am Songshan Distrikt vun Taipeh, der Haaptstad vun Taiwan. Fir Peking ass Taiwan eng oftrënneg Provënz, déi wéi Hong Kong a Macao nees der Kontroll vu Peking muss ënnerworf ginn. Déi chinesesch Regierung geet zuweile mat deene Länner, déi mat Taiwan Handel bedreiwen oder diplomatesch Bezéiungen ënnerhalen, zimmlech Rabiat ëm. © Jaycee Mariano / unsplash

Related topics China, Mike Pompeo, Taipeh, Taiwan, USA
Next post Previous post