Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kanns du eis soen, wéi een dës Wierder richteg schreift?
Kultur Stories

is a 22 year old dating a 18 year

All Woch gesi mer nei Lëtzebuergesch Wierder, wou mer eis

https://moien.lu/kleinanzeigen-dating/
Kultur Stories

Vu Brigangen an anere Gesellen

D‘Chrëschtdeeg si fir d‘Police keng roueg Zäit, an esou dierften

„de Konsument“ vum Abrëll: Europa stäerkt d‘Rechter vun de Konsumenten
Kultur Stories

„de Konsument“ vum Abrëll: Europa stäerkt d‘Rechter vun de Konsumenten

Déi nei Ausgab vum „de Konsument“ vum Konsumenteschutz (ULC) ass

Big Mouth weist, wéi rëffeg Pubertéit ka sinn – an ass grad dowéinst erfrëschend

... a léisst zimlech déif blécken

Einfach nëmme krass si geet am Beräich vun der Animatioun scho laang net méi duer. South Park graast dee Beräich scho säit iwwer 20 Joer of. An huet dobäi sou zimlech all Limitt vum gudde Geschmaach fonnt, déi et gëtt – an neier erfonnt! Big Mouth probéiert deem Klassiker awer keng Konkurrenz ze maachen. Nee, och wa Big Mouth deels rëffeg a krass ass, sou ass dat nëmmen eng Reflexioun vu sengem Haaptthema: Pubertéit an all senge Facetten.

Big Mouth ass net krass als Selbstzweck mee aus Kalkül: Et ass eng iwwerzunnen Demonstratioun vum kierperlech geeschtege Gewulls, deen d‘Pubertéit nu emol ass!

Am Mëttelpunkt vun der Geschicht steet eng Grupp vu jonke Schüler: Dem Nick Birch, Andrew Glouberman an dem Jessi Glaser, déi grad duerch verschidde Phase vun der Pubertéit ginn. Den Andrew ass an där Hisiicht schonn am wäitsten, well hien d’Hormon Monster (brilliant vum Nick Kroll vertount) gesäit an och mat him schwätze kann. Dësen zur Realitéit erhuewenen Freudsche Lapsus vun engem Monster kënnt net drëm erëm, fir alles ze pervertéieren, wat en upäckt. En ass och de perfekte komödiantesche Partner fir den Andrew, deen en a sengen pubertéierenden Iddien ënnerstëtzt. A nach méi schlëmmer dobäi setzt!

Foto: Netflix

Den Nick Birch dogéint ass nach net ganz an der Pubertéit ukomm. Dofir ass en allerdéngs schonn um beschte Wee, fir sämtlech emotional Hindernisleef déi éischt Romanzen mat sech bréngen, kennen ze léieren. Hien ass den emotionalen Anker vun der Serie, déi et iwwerraschenderweis packt, e groussen Akzent op dat Tëschemënschlecht ze leeën. Ëmsou besser, krassen Humor géing kaum als qualitatiivt Mierkmol hierhalen.

Den Trio komplettéiert d‘Jessi Glaser, wat eis mat enger weiblecher Perspektiv begléckt. Vue datt et spéider säin eegent Hormon Monster huet (eng weiblech Versioun, wuelverstane) spillt et en exzellent Géigestéck zum Andrew, ouni dobäi op déi tëschemënschlech Konflikter missen ze verzichten. Dowéinst packt et Serie, sech ni op senge Plattitüden auszerouen, mee am Plaz dovunner och Themen ze setzen, déi duerchaus onbequem sinn.

Big Mouth vergësst bei all de katastrophalen Erliefnesser vun der Pubertéit ee wichtegt Element net: D‘Famill. Well d‘Eltere an d‘Geschwëster sinn op mannst grad sou mëll wéi Hormon-Monster a co.!

Do hätte mer beispillsweis zum engen eng Episod, wou den Andrew mengt, e wier homosexuell. Et ass absolut bemierkenswäert, wéi nuancéiert a verstänneg d‘Serie mat deem Thema ëmgeet, ouni op Humor missen ze verzichten. Wou vill aner Serie sech an Klischeeën a Platituden verhaaspele, verschafft Big Mouth dësen Aspekt vun der sexueller Selbstfannung mat der néideger Räift. Gläiches léisst sech och iwwert den Thema „Sexual Consent“ soen. An iwwert Familljen a ganz direkt och Eltere weess d‘Serie vill ze soen. Dobäi spillt natierlech den diverse Casting vun den Elteren eng wichteg Roll: Anstatt se schablounehaft ze ëmräisse, gi verschidde widderspréchlech Typpen opgebaut, déi duerch hir Relatioun mat hire Kanner eréischt glafwierdeg ginn.

Netflix huet an de vergaangene Jore mat Serie wéi Bojack Horseman an F is for Family e puer mol bewisen, datt se wësse, wéi Animatiounsserie fir erwuessener ze fonctionnéieren hunn. Big Mouth ass do keng Ausnam: Witzeg, ënnerhalsam a charmant, ouni dobäi säi spatzen Humor ze verléieren hëlt et een mat op eng Rees duerch d‘Geeschterbunn vun der Pubertéit.

Big Mouth ass op Netflix ze gesinn.

Ähnlech Sujeten Big Mouth, Netflix, Streaming
Nächsten Artikel Virrechten Artikel