Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Amerikaner um elektresche Stull
dating site called eharmony

En Amerikaner um elektresche Stull

En Amerikaner, deen et virgezunn huet duerch en déidlechen elektresche

dating framework - edition enterprise
dating site called eharmony

gregg sulkin britt robertson dating

D‘Eisebunn (CFL) ass – wéi de Minister fir Verkéiersonsécherheet a

Bolsonaro verbitt d‘Feier
dating site called eharmony

Bolsonaro verbitt d‘Feier

Nom Drock vun der internationaler Communautéit an der „Interventioun“ vu

Biissen a Google… e Projet mat Héichten an Déiften

Elo steet et dann endlech fest, de Reklassement vun den Terrainen ass validéiert

Biissen a Google… e Projet mat Héichten an Déiften

Den Datenzenter vu Google, deen sech d‘Regierung gewënscht, vun den Awunner kritesch gesinn a vum Mouvement Ecologique veruerteelt gëtt, war gëschter de Sujet vun der Gemengerotssëtzung zu Biissen. Mat fënnef Enthalungen ass de Reklassement duerchgedréckt ginn.

Fir d‘Biergerinitiativ vu Biissen ass et eng politesch Farce. De Reklassement vun de 35 Ha Terrain um Rouscht, hat schliisslech och an der CSV-Majoritéit seng Géigner. Esou haten d‘Conseillèrë Cindy Barros a Christian Hoscheid am Virfeld hir Oppositioun zum Projet bekannt gemaach. Déi lokal Partei „Är Leit“ hat dofir ugekënnegt sech aus der Diskussioun eraus- a beim Vott ze enthalen.

Domatter stoungen nëmmen nach véier Stëmme fir de Projet am Raum an esouguer dat war net wierklech sécher. D‘Conseillère Joëlle Fagny (CSV) ass wuel net géint de Projet, huet anersäits awer esou hir Problemer mat der Transparenz vu Google. Datt elo en US-Konzern enger „klenger“ Conseillère zu Lëtzebuerg seng Pläng géif verroden, wou net emol d‘Regierung Bescheed weess…

Am Zweiwel huet sech d‘Conseillère dann hannert de Buergermeeschter, Jos Schummer gestallt, an esou ass dësen ëmstriddene Projet no aler Lëtzebuerger Traditioun, mat béide Fäischt an der Täsch, mat véier vun eelef Stëmmen ugeholl ginn. De Buergermeeschter a seng Sonnerzon „Datazenter“ hunn allerdéngs kee Réckhalt bei den Awunner. Mee den Awunner versteet jo och näischt vu Politik.

Wann een net drastécht

Fir de Jos Schummer handelt sech bei dësem „Gedeessems“ ëm weider näischt wéi eng einfach Modifikatioun vum PAG. A Modifikatioune beim PAG géifen üblecherweis virgeholl ouni datt ee wéist wat um concernéierten Terrain realiséiert gëtt. Punktuell Ännerungen um PAG sinn an de Gemengen eppes Alldeegleches.

Gutt, mee eng Entreprise wéi Google op 35 Ha ass jo awer wuel net esou alldeeglech wéi et de Buergermeeschter elo versicht duerzestellen. Woubäi dem Jos Schummer gutt ze halen ass, datt d‘Conseillèrë wéi de Schäfferot, mat de Vertrieder vu Google Kontakt haten. E Kontakt wéi se nëmmen Amerikaner ronn bréngen: frëndlech verlugen a wirtschaftlech arrogant.

Dat heescht et dierf een hinnen all méiglech Fro stellen, mee si gesinn sech net an der Flicht op d‘Froen och ze äntweren. Do hätt ee sech dann zumindest aus de Reie vun der CSV eppes méi „Jicken“ erwaart. Déi vun „Är Leit“ sinn vun der Regierung enttäuscht a fannen datt hinnen de Projet operzwonge ginn ass. Wann een esou „fillt“ sollt ee sech beim Vott net enthalen…

Nach sinn Amerikaner net do

Mee „Är Leit“ huet ee sech enthale fir besser Fuerderungen un d‘Regierung ze stellen. No dësem Vott dierft et komplizéiert gi kredibel Fuerderungen ze stellen. Déi zoustänneg Ministèren dierften iwwert esou eng Ausso häerzlech gelaacht hunn. Si hu jiddefalls net den Androck gemaach de Message vun der Biergerbeweegung verstanen ze hunn.

Woubäi nach ze bemierken ass, datt net emol mat Sécherheet behaapt ka ginn, datt den Datazenter vu Google iwwerhaapt gebaut wäert ginn. De Buergermeeschter vu Biissen, kann sech jiddefalls net drop behaapten an am Wirtschaftsministère berifft ee sech op Diskretioun. Et bleift ee sech trei, d‘Wirtschaft fuerdert an d‘Politik mécht de Kotau. Vläicht eppes ze vill, fir 300 Aarbechtsplazen…

Ähnlech Sujeten Biergerinitiativ, Biissen, Google
Nächsten Artikel Virrechten Artikel