Gaza: Nei israelesch Loftschléi géint Positioune vun der Hamas
An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg, huet
An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg, huet
Sech weiderbilden, e liewe laang, dat mécht net nëmme Sënn,
[onionbuzz quiz-id=45][/onionbuzz] Et gëtt kaum eng Stad am Land, déi
Gréisser Opreegung an der Haaptstad um Donneschdegmueren: an der Uewerstad hunn géint 10 Auer de Moien, zwee Brigange mat enger Camionnette d‘Bijouterie Goerens an der Phillippsgaass iwwerfall. D‘Gauner, esou d‘Police, sollen sech mat Vëloen aus dem Stepps gemaach hunn. Béid Gängster wiere 1,80 grouss a Schwaarz gekleet, esou eng éischt d‘Persounebeschreiwung.
Säitens der groussherzoglecher Police ass déi fir esou Fäll virgesi Prozedur declenchéiert ginn. Och den Helikopter huet sech un der Sich no de flüchtege Brigange bedeelegt. Op dës „Recherche“ elo schonn erfollegräich war, ass zur Stonn nach net gewosst. Aenzeie solle beriicht hunn, datt den Iwwerfall mat enger am Frankräich immatrikuléierter Chantier-Camionnette gemaach gouf.
Martine de Lagardère/moien.lu
Déi wier ganzer dräimol géint d‘Vitrine gerannt. Déi schéngt awer duergehalen ze hunn. E weideren Zeie wëll och eng bewaffent Persoun gesinn hunn. Déi Informatioun konnten d‘Polizisten op der Plaz net confirméieren. Fir de Bijoutier si mat dëser Aktioun awer och nees eekeleg Erënnerungen erwächt. Virun zwee Joer, am Mäerz 2018 hat et schonn emol en Iwwerfall op dëst Geschäft ginn.
Foto: Martine de Lagardère/moien.lu