Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Quiz: Wéi gutt kenns du eis Geschicht?
https://moien.lu/dating-4-you/ https://moien.lu/secret-dating-app-login/

kutchi dating uk

date idea dating site
https://moien.lu/dating-4-you/ https://moien.lu/secret-dating-app-login/

Twitter: US-President net als Tester zougelooss

Ee vun de „big users“ bei Twitter ass net beim

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht
https://moien.lu/dating-4-you/ https://moien.lu/secret-dating-app-login/

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht

Déi ganz Nuecht mat waarde verbruecht, verschanzt a voller Suerg,

money

BIL an „The Office“ verdéiwe Partnerschaft

Wa Banken de Start-ups en Daach iwwert dem Kapp ubidden

BIL an „The Office“ verdéiwe Partnerschaft

Zanter 2017 hunn d‘BIL an „The Office“ esou eppes wéi eng Partnerschaft, an déi gëtt elo net nëmme weidergefouert, mee och nach ausgebaut. Sënn an Zweck vum Partenariat: d‘Entwécklung vum „Ekosystem fir Entreprisen“ ënnerstëtzen.

Nodeems 2017 den éischte „Co-Working Space“ vun „The Office“ um Belair seng Dieren opgemaach huet, huet d‘Generaldirektesch Gosia Kramer en zweeten, méi grousse „Raum“ fir kollaboratiivt Schaffen onwäit dem Stadzentrum ageriicht. An dësem „Space“ huet d‘BIL eege Raimlechkeeten, wou bis zu dräi „Start-ups“ fir e begrenzten Zäitraum (maximal sechs Méint) opgeholl kënne ginn.

Laut dem Communiqué vun der BIL, géif sech d‘Bank mat Haut an Hoer hannert d‘Star-ups stellen, fir hinnen déi gréisstméiglech Hëllef zoukommen ze loossen. D‘BIL déi vu sech behaapt am Alldag mat Grënner vun Entreprisen ze schaffen, verweist op d‘Problemer, déi dës nei Acteure vun der Wirtschaft begéinen. Ee vun de gréissten: e Büro fanne wou de Loyer bezuelbar ass. Mat „The Office“ kann ee Léisungen ubidden.

Et ass eng kuerzfristeg Hëllef, déi drop ausgeluecht ass, enger Entreprise beim Start ënnert d‘Äerm ze gräifen. Esou wéi si dat beispillsweis mat „StarTalers“, eng vun den éischte Start-ups déi vun den neie Raimlechkeete profitéieren dierfen, elo gemaach hunn. „StarTalers“ ass natierlech eng Firma déi am Finanzwiesen aktiv ass, a besonnesch um Geld vun de Fraen interesséiert ass, déi a Projeten déi hinne geleeë sinn, investéiere sollen.

Andeems d‘BIL „StarTalers“ dës Infrastrukturen zur Verfügung stellt, iwwert dëse Wee dës Entreprise och a seng „Communautéit“ agliddert, wéi och mat de „Partner“ vernetzt, sollt si wiesentlech méi séier wuessen a sech wirtschaftlech emanzipéieren. D‘BIL huet selwer keng wirtschaftlech Hannergedanken, mee bitt de Start-ups dëse Service aus renger sozialer an ekonomescher Verantwortung un.

StarTalers ass gegrënnt gi vum Gaëlle Haag an dem Thierry Smets a gesäit sech als de „Beschte Finanzielle Frënd“ (BFF) vun de Fraen – also deene mat genuch Geld – a ka schonn op eng Rei Succèse verweisen. Esou huet kierzlech „d‘Société de la Bourse de Luxembourg“ 520.000 Euro Kapital (19. November) an dës Start-up investéiert. Als weider Investore sinn ze ernimmen: „Business Angels“ an de belsche „Seeder Fund“ (Gehéiert zu Venture Capital).

Foto: © BIL

Ähnlech Sujeten BIL, Business Angels, Luxembourg Stock Exchange, Seeder Fund, Start-up Natioun, StarTalers, The Office
Nächsten Artikel Virrechten Artikel