Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

6. MakerFest – Digital Kreativitéit fir jiddwereen!
Neiegkeeten

6. MakerFest – Digital Kreativitéit fir jiddwereen!

Et ass ewell déi 6. Editioun vum MakerFest, déi um

Wat bréngt Netflix eis am Januar?
Neiegkeeten

Wat bréngt Netflix eis am Januar?

En neie Mount ass ugebrach! Dat heescht, datt mer eis

De Wunnengsbauministère an de Bureau vum Syvicol
Neiegkeeten

De Wunnengsbauministère an de Bureau vum Syvicol

Gëschter huet d’Wunnensbauministesch Sam Tanson d’Representante vum Syvicol empfaangen. Thema

Ee positive Bilan fir 2019 beim Konsumenteschutz

Ee positive Bilan fir 2019 beim Konsumenteschutz

Zënter senger Kreatioun Enn 2018 këmmert sech de Ministère fir Konsumenteschutz ëm d’Realisatioun vu verschiddene Projeten, déi d’Liewensmëttelsécherheet an de juristesche Schutz vum Konsument, wéi och déi noutwennegen Informatiounsoffer garantéiere sollen. Ma, elo gouf den Bilan fir 2019 gezunn.

Esou wäit et fir de Ministère fir Konsumenteschutz (MPC) méiglech ass, mussen d’Qualitéit, wéi och de Respekt vun den Normen a Reglementer vu Produiten a Servicer, déi de Client proposéiert kritt, garantéiert ginn. Wärend d’Norme konstant weiderentwéckelt ginn ass et um Ministère, fir déi noutwenneg Informatiounen ze liwweren, sou datt de Client säi Choix treffe kann. Mat senger schützender an opklärender Aufgab steet den nohaltege Konsum, passend zum nationale Plang zur nohalteger Entwécklung, am Virdergrond.

Konsumenteschutz

(v.l.n.r.) Paulette Lenert, Ministesch fir Konsumenteschutz; Ian Tewes, Éischte Conseiller vun der Regierung beim Ministère fir Konsumenteschutz © MPC

Kuckt den MPS op dat vergaangent Joer zeréck, esou stellen si fest, datt eng grouss Partie vun de Projeten, déi am Koalitiounsprogramm virgesi waren, och lancéiert goufen.

  • Sammelkloen: Aktuell gëtt un engem Gesetzesprojet geschafft, fir d’Ëmsetzung vun de Rechter vum Konsument ze vereinfachen. De Virprojet ass momentan an der Virberodung, soll awer am éischte Semester 2020 dem Regierungsrot iwwermëttelt ginn. Parallel dozou huet den MPC un de Verhandlungen zu enger Direktiv fir d’Aktiounen am EU-Rot deelgeholl, woubäi een Accord am November 2019 fonnt konnt ginn.

  • Liewensmëttelkontrollen: Duerch d’Neistrukturéierung vun de Liewensmëttelkontrollen an den domat verbonnenen Aktivitéite soll dem Konsument d’Versuergung mat gesonden a qualitativ héichwäertege Liewensmëttel garantéiert ginn. Déi éischt Etapp gouf um 12. Februar gemeeschtert, wou de Regierungsrot d’Gesetz zur Schafung vun enger spezieller Verwaltung, déi verschidden Instanzen zur Kontroll vun der Liewensmëttelsécherheet, ugeholl huet.

  • Groussherzoglecht Reglement 2017/2394: Am Kader vun der grenziwwerschreidender Kooperatioun tëscht nationalen Autoritéiten, déi sech fir d’Ëmsetzung vun de Gesetzer zum Konsumenteschutz asetzen, huet den MPC een groussherzoglecht Reglement opgestallt, bei deem déi verschidde Prozedure fir online Testkeef, déi een och ënnert falscher Identitéit (Mystery Shopping) gemaach kéint ginn, festgeluecht ginn. Enn Januar ass d’Reglementatioun 2017/2394 a Kraaft getrueden.

  • Nutriscore: De System vum Nutriscore gëtt mëttlerweil bei allen Nopeschlänner vu Lëtzebuerg recommandéiert. Doduerch, datt d’Majoritéit vun de Liewensmëttel op den nationalen Terrain importéiert muss ginn, gëtt dem Konsument esou ee besseren Iwwerbléck zum Produit gebueden. Momentan entwéckelt de Ministère ee groussherzoglecht Reglement fir de Lëtzebuerger Produzenten d’Notzung vum Nutriscore unzeroden. Donieft wäert eng Campagne lancéiert ginn, fir dem Konsument déi noutwenneg Erklärungen zum Nutriscore a senger Interpretatioun ze liwweren. Kann esou wierklech eng besser Ernierung garantéiert ginn?
Ähnlech Sujeten Bilan 2019, Groussherzoglecht Reglement, Liewensmëttelkontrollen, Liewensmëttelsécherheet, Ministère fir Konsumenteschutz, Nutriscore, Paulette Lenert, Qualitéit, Sammelklo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel