Aarbechtsmaart: Nei Modalitéite fir d‘Kuerzaarbecht
Um Donneschdeg hunn d‘Ministere Fayot (Wirtschaft) a Kersch (Aarbecht), am
Um Donneschdeg hunn d‘Ministere Fayot (Wirtschaft) a Kersch (Aarbecht), am
An der Mëttegstonn war d‘Leit aus dem Bankesecteur vun der
Generell gëllt d’Päerd als doucet an intelligent Déier, stécht reegelrecht
En Dënschdeg huet eisen Héichschoulminister, de Marc Hansen, op déi traditionell Pressekonferenz iwwert déi akademesch Rentrée 2018/2019 gelueden.
De Minister huet dobäi de Bilan vun de Studiëbäihëllefe vum vergaangene Joer presentéiert an Zuele vum Enseignement Superieur vun 2017/2018 zu Lëtzebuerg erkläert.
31.174 Studenten hunn eng Demande fir Studiëbäihëllefen agereecht. Dovu sinn 18.853 Ufroe vun usässegen Studenten an 12.321 Demandë vun Non-Residenten. Ronn 117,4 Milliounen Euro sinn a Form vun der Bourse accordéiert ginn an 199,1 Milliounen Euro als Prêt.
Am vergaangene Schouljoer war dat beléiftste Studiëland Däitschland (4.525 Studenten), direkt hannendrun kënnt Lëtzebuerg (3.723 Studenten) an Belsch (3.479 Studenten).Wéi och déi Joren virdru sinn déi gewielten auslännesch Stied fir ze studéieren zimlech no um Grand-Duché, mat Bréissel als meescht besichte Stad (1.287 Studenten).
A Saache Studierichtung bleift Ekonomie op éischter Platz fir Lëtzebuerger Studenten. 12.734 Studenten hunn sech fir de Bachelor ageschriwwe, 4.233 Studente fir de Master an 302 fir den Doktertitel.
De Marc Hansen huet uschléissend Zuele vun de Formatioune vum sougenannte BTS (brevet technicien supérieur) presentéiert. An de 25 ugebuedene Formatioune goufen am Joer 2017/2018 genau 763 Aschreiwunge gezielt.
Op der Universitéit zu Lëtzebuerg waren 6.416 Studente vun 122 verschiddenen Nationalitéiten ageschriwwe. Am Vergläich zou den dräi leschte Joren ass dëse Montant gläich bliwwe.