Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

STATEC: Fir Kanner vun 18 Méint muss een den héchste Budget aplangen
Neiegkeeten

STATEC: Fir Kanner vun 18 Méint muss een den héchste Budget aplangen

Wien e Bëbee kritt, dee muss e Mindestbudget vun 304

François Bausch: Sou hat hien et dach guer net gemengt…
Neiegkeeten

François Bausch: Sou hat hien et dach guer net gemengt…

Wollt de Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte François Bausch

Léisst sech d‘Jughurtsfabrick verhënneren?
Neiegkeeten

Léisst sech d‘Jughurtsfabrick verhënneren?

Wirtschaftswuesstem an Aarbechtsplaze sinn ee wichtege Sujet, besonnesch ugesiichts enger

Bildung: EU-Kommissioun mat Lëtzebuerg eigentlech zefridden

Bildung: EU-Kommissioun mat Lëtzebuerg eigentlech zefridden

D‘lescht Woch huet d‘EU-Kommissioun e Rapport verëffentlecht, dee sech der Bildung an der Formatioun an der EU ugeholl huet. Aus deem geet ervir, datt déi Ziler déi sech d‘Minister an de Memberlänner gesat haten, erreecht goufen. De Rapport weist awer op d‘Erausfuerderungen hin.

Wat Lëtzebuerg betrëfft, esou stellt d‘EU-Kommissioun fest, datt verschidden Ziler, déi ee sech fir 2020 gesat huet, elo schonn erreecht goufen. Bal all Kand geet an d‘Schoul (94,2%), d‘Zuel vun de Leit mat engem Héichschouldiplom läit iwwer 40% (52,7%), an den Taux vun de jonke Mënsche mat engem Diplom, déi och eng remuneréiert Beschäftegung hunn, läit elo och bei 90%.

Och am Beräich „Lifelong Learning“ steet sech Lëtzebuerg besser do wéi seng direkt Noperen. 2017 hu 17,2% vun den Erwuessenen eng weiderféierend Formatioun matgemaach. Dat läit däitlech iwwer EU-Duerchschnëtt. Wien dann elo awer mengt, Lëtzebuerg hätt sech zum Bildungsparadäis verwandelt, muss enttäuscht ginn. Am Rapport ginn och d‘Schwächte vun eisem System genannt.

Lëtzebuerg verbucht de gréissten Taux vu Schoulofbriecher an der Unioun (12,4%). Et gesäit beim fundamentale Wëssen och net wierklech gutt aus. Bezunn op de Rapport „PISA“ hapert et zolidd beim Liesen, dem Rechnen an de Wëssenschaften. Déi Jonk lëtzebuergesch Schüler (15 Joer) leien däitlech ënnert dem EU-Duerchschnëtt. Mee Lëtzebuerg huet Moossnamen ergraff…

Elo wou d‘Schoulen hir Programmer ausschaffe kënnen, an och autonom iwwert d‘Entwécklung vun der Schoul bestëmmen dierfen, soll séchergestallt ginn, datt e besseren an zilorientéierten Unterrecht fir eis Kanner gëtt. Eng „adaptéiert Schoul“ ass dee Moyen, mat deem Lëtzebuerg verhënnere wëll, datt et Schüler gëtt déi duerch de „Raster“ falen, an ofgehaange ginn.

„Sëtze bleiwen“ ass keng Optioun, esou de Rapport. Et ass net nëmme schlecht fir de betraffene Schüler, mee et kascht och nach masseg Geld. D‘OECD beziffert dat op 10% vum Educatioun-Budget, a geséich et léiwer, wann dëst Geld a besser Bildungsmethode gestach géif. Hinne schwieft eng individualiséiert Formatioun a Begleedung vir. Wou een d‘Leit dofir soll hierhuele soen se net.

Et geet dann och net duer ëmmer nees „Beispiller“ ze nennen, wéi Portugal oder Schweden. Zum enge léisst sech alles iwwerdroen, zum anere muss een domatter ufänken d‘Viraussetzungen dofir ze schafen. An dat ass zu Lëtzebuerg alles wéi net einfach. Déi iwwerduerchschnëttlech gemëschte Bevëlkerung, huet ganz aner Ufuerderungen, wéi eng homogen zesummegestallte Gesellschaft.

Mat engem dräisproochegen Enseignement, sinn d‘Erausfuerderunge fir d‘Schüler zu Lëtzebuerg ganz anescht gelagert wéi an deenen anere Länner vun der Unioun. Natierlech bleift et e Virdeel fir Lëtzebuerg sech op seng Méisproocheg ze beruffen, mee si muss och wiesentlech méi investéieren, fir jidderengem déi selwecht Bildungschancen ze erméiglechen. Mee mir sinn um gudde Wee…

Ähnlech Sujeten Bildung, EU-Kommissioun, PISA, Schoulwiesen, Schüler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel