Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neies zum Sträit ëm d‘Atomofkommes mam Iran
Neiegkeeten

Neies zum Sträit ëm d‘Atomofkommes mam Iran

D‘Invitatioun zum Gespréich, dat den US-President den Iraner zoukomme gelooss

CGFP: Konkret Fuerderungen zur Steierreform
Neiegkeeten

CGFP: Konkret Fuerderungen zur Steierreform

A senger Sëtzung vum Dënschdeg huet den CGFP-Nationalvirstand den Haushaltsentworf

D‘Flitterwoche sinn eriwwer
Neiegkeeten

D‘Flitterwoche sinn eriwwer

Den Donald Trump ass jo elo säit gefillten 10 Joer

Bildung a Verkéier: zentral Themen am CSV-Wahlprogramm

Bildung a Verkéier: zentral Themen am CSV-Wahlprogramm

Autobunnen, den Ausbau vum Tram, Vëlosweeër laanscht all nei Strooss. D‘Alphabet soll weider op däitsch geléiert ginn an d‘Lëtzebuergescht soll d‘Sprooch vun der Jugend ginn. Dat waren déi dräi Haaptthemen, déi d‘CSV gëschter bei der Virstellung vum Wahlprogramm ugeschwat huet.

E Wahlprogramm deen sech iwwer ganzer 14 Säiten zitt, a vun der Parteispëtzt virgestallt ginn ass. Vun allem wat de Claude Wiseler, de Marc Spautz an d‘Martine Hansen aus dem Wahlprogramm opgegraff hunn, hei dat wat eis Opmierksamkeet op sech gezunn huet:

Englesch schonn ab dem 7. Schouljoer

Fir d‘CSV wier et imminent wichteg, den Dialog tëscht den Enseignanten, de Schüler an den Elteren ze fërderen. D‘Schoul misst deemno méi participativ ginn. Wann ee sech dann och a Punkto Europaschoulen net um Prinzip stéiert, esou misst een sech hei awer emol ukucken, wéi grouss de Besoin tatsächlech ass, an noutfalls d‘Offer der Demande upassen.

Wat déi staatlech Schoule betrëfft, esou steet fir d‘CSV fest, datt een hei d‘Alphabet och weiderhin op däitsch léiert. Wat net verhënnert, datt een un der „Praxis“ vun den 3 Sprooche festhält, woubäi sech drop baséiert gëtt, datt d‘Léiere vu Sprooche méi um „verbalen“ muss ausgeriicht ginn. A well Englesch eng Kommunikatiounssprooch ass, soll se ab dem 7. Schouljoer enseignéiert ginn.

Zu der Autonomie vun den ëffentleche Schoulen, heescht et säitens den CSV-Kandidaten, datt hei eng Evaluatioun vun de ville Projete muss gemaach ginn. Zudeem dierft een déi Schoulen, déi an de sougenannt „schwierege Quartieren“ geleeë sinn, net mat hire Problemer eleng loossen. Si mussen entspriechend ënnerstëtzt a gefërdert ginn, fir sozial Brennpunkten ze verhënneren.

Pedagogesch Konzepter an digital Kompetenz

Der CSV ass et beim Volet Enseignement och wichteg, datt ee pedagogescht Konzept fir d‘Bildung zu de Medie gëtt. Dat setzt viraus, datt all Schüler vun Ufank un „digital Kompetenzen“ erhält. Dat engersäits fir eng besser Chancëgläichheet ze assuréieren, mee anersäits och fir ze léieren an der digitaler Welt verantwortlech ze handelen a respektvoll mat deenen „aneren“ ëmzegoen.

Fir datt dat geléngt brauch et motivéiert a gutt forméiert Enseignanten. Dovunner der méiglechst vill, firwat ee sech bei der CSV entscheet huet, dëse Beruff nees méi attraktiv ze gestalten. Fir unzefänken, soll den administrativen Opwand reduzéiert ginn, da mussen och d‘Nohëllefsstonne systematiséiert a gratis ginn. Iwwerhaapt misst de „soutien scolaire“ organiséiert ginn…

Wat déi sëlleche Reforme vum Educatiounsminister betrëfft, esou géif näischt anescht iwwreg bleiwen, wéi eng Evaluatioun vun alle Mesuren ze maachen, an do wou et ubruecht ass, entspriechend Upassunge virzehuelen. Esou wéi dat beispillsweis beim léiere vu Sproochen ab dem jéngsten Alter de Fall ass, wou no wëssenschaftlech fundéierte Methode gesicht gëtt.

Eng nei Verkéierspolitik ëmsetzen

Bei der CSV ass ee sech bewosst, datt esou wéi d‘Verkéierssituatioun sech zu Lëtzebuerg duerstellt, et net ka weidergoen, an et gëtt vun enger neier „Offensiv“ fir d‘Mobilitéit geschwat. Dofir mussen déi Haaptacteuren: de Bus, den Zuch an den Tram, mee och den Individualverkéier, kooperéieren.

Wat méi konkret de Volet „Tram“ betrëfft, esou sinn se an der CSV dovunner iwwerzeegt, datt dëse bis op Leideleng a Nidderaanwen muss verlängert ginn. Et sollt ee esouguer eng Verlängerung vum Tram bis op Contern an d‘Erweiderungspläng afléisse loossen. Wat de „séieren Tram“ tëscht der Stad an Esch-Uelzecht betrëfft, esou wier dës Iddi nach ëmmer „aktuell“.

Bei de Stroossen, vun deenen neier musse gebaut ginn, wier et sënnvoll, direkt beim Plangen och un d‘Vëlospisten ze denken, an ze integréieren. Zudeem bréicht d‘Land méi Contournementer, an d‘Lëscht vun der CSV ass entspriechend laang. D‘Autobunne missten hirersäits dräispureg ausgebaut ginn, woubäi dem Covoiturage an de Spëtzestonnen eng Spur kéint virbehale ginn.

mam Laure Schlesser

Illustratioun: D‘Alphabet soll zu Lëtzebuerg och weiderhin an däitscher Sprooch geléiert ginn. Fir Kanner mat Migratiounshannergrond oft net esou einfach.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Claude Wiseler, CSV-Wahlprogramm, Marc Spautz, Martine Hansen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel