Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wien näischt mécht, deen näischt brécht
Fail Neiegkeeten

Wien näischt mécht, deen näischt brécht

Eigentlech war dem Inneminister Dan Kersch (LSAP), säi Gesiichtsausdrock wéi

CSJ: Deene jonken eng reell Chance bidden
Fail Neiegkeeten

CSJ: Deene jonken eng reell Chance bidden

De „Conseil Supérieur de la Jeunesse“ (CSJ) hat rezent dem

Den SNES Classic Mini: Kleng, awer immens
Fail Neiegkeeten

Den SNES Classic Mini: Kleng, awer immens

Et war keng Iwwerraschung, wei Nintendo ugekënnegt huet, datt nom

dislike

Bildungsmonitor 2017: Lëtzebuerg schléit sech gutt – et kéint awer besser sinn!

Bildungsmonitor 2017: Lëtzebuerg schléit sech gutt – et kéint awer besser sinn!

Am Haus vun der europäescher Union um Krautmaart, ass um Freideg déi sechsten Editioun vum Bildungsmonitor virgestallt an erkläert ginn. De Monitoring am Beräich vun der Bildung an der Formatioun spillt eng wesentlech Roll bei den Objektiver déi sech d‘EU fir 2020 gesat huet.

Lëtzebuerg ass wuel gutt opgestallt, mee sollt nach en Effort maache fir sech och zukünftegen Erausfuerderung stellen ze kënnen. An dat ass dann u sech och den eigentleche Sënn vum Monitoring. Erauszefanne wou d‘Stäerkten an d‘Schwächte vun de Länner an der EU leien.

De Gedanken dohannert, ass et datt een vun deem anere soll kënne léieren an esou um Enn alleguerte profitéieren. Global betruecht schléit sech Lëtzebuerg also ganz gutt, mee et ass och hei den Detail deen den Ënnerscheet mécht. Woubäi een och beim Detail relativiséiere muss.

Absolut Zuele kënne just en Indiz sinn

Am Rapport vun der EU-Kommissioun an och an der Etüd vun der OECD, gëtt sech op déi sougenannten „absolut“ Zuele bezunn. Zuelen déi op der PISA-Etüd vun 2015 baséieren an schonn eleng dowéinst beschtefalls en Indiz kënne sinn. Al Zuelen a nei Erkenntnisser zesummebréngen, och do kann ee vun der Quadratur vum Krees schwätzen.

Trotzdeem weisen esouwuel de Rapport wéi och d‘Etüd op „Schwaachstellen“ hin, déi eng Erausfuerderung fir d‘Gesellschaft an d‘Regierung gläichermoosse sinn. Lëtzebuerg, dat erwisenermoossen en Awanderungsland ass, bedéngt duerch säi wirtschaftleche Wuesstem, muss bei der Bildung uecht dinn d‘Ongläichheeten an de Grëff ze kréien.

Chancëgläichheet bei der Bildung ass imminent wichteg fir d‘sozial Kohäsioun am Land. An déi u sech richteg gutt Resultater: den Taux vun den Diplomer am Superieur läit bei 54,6% (EU-Schnëtt 39,1%); de Beschäftegungstaux läit bei 89% (6 Punkten iwwer EU-Schnëtt); 96,6% vun de Kanner ginn an d‘Schoul an bei der Weiderbildung fir Erwuessener, dem Life-Long-Learning, sti mer zu Lëtzebuerg bei 16,8% (EU-Schnëtt 10,78%).

Gutt sech den Erausfuerderungen ze stellen

Wann déi genannten Zuele jo eigentlech e gutt Bild vum „Niveau“ bei der Educatioun vum Land zeechnen, esou muss een sech dann och deenen unhuelen, déi net esou „gutt“ sinn. Op et verpasste Chance sinn, e Réckstand bei der dynamescher Entwécklung vum Bildungssystem, wichteg ass et sech der Situatioun bewosst ze ginn an entspriechend Mesuren ze ergräifen.

Laut dem Monitoring géif den Taux beim „Schoulofbroch“ zu Lëtzebuerg bei nëmmen 5,5% leien (EU-Schnëtt 10,7%) wat jo alt nees méi ewéi gutt wier. An do läit dann och de Problem mat deenen „absoluten“ Zuelen. Tatsächlech, an hei dierf een den Zuele vum Educatiounsministère roueg gleewen, läit den Taux vun de Schoulofbriecher bei 13,5%, Tendenz steigend.

Deem muss zwéngend entgéintgewierkt ginn, wat jo aktuell och mat ënnerschiddleche Programmer versicht gëtt. Et sinn dat dann awer och Zuelen, déi eng Konsequenz sinn, déi unhand der PISA-Etüd vun 2015 däitlech ginn. 25% vun de Kanner bis 15 Joer hätten net déi Kompetenzen déi ze erwaarde wieren. Och d‘Widderhuele vun engem Schouljoer (Sëtzebleiwen) kann zum Schoulofbroch féieren.

BildungsmonitorEt soll een roueg bei aneren „ofknäipen“

Datt ee soll alles dru setze fir ze verhënneren, datt Kanner der Schoul de Réck dréinen, well déi sech do net betreit fillen, muss net extra erkläert ginn. Well awer de Bléck op déi eege Suergen awer oft d‘Siicht op d‘Léisung verspäert, ass ee gutt beroden, wéi et dann och aus dem Monitoring ervir geet, sech vun „Aneren“ inspiréieren ze loossen.

Enseignante mat engem gläiche soziokulturellen Hannergrond wéi d‘Schüler sinn eng reell existent Inspiratiounsquell. Irland huet mat sengem Programm fir „ënnerrepresentéiert“ Gruppen e grousse Schratt ni vir gemaach an der „gefillten“ Ongläichheet eppes entgéintgesat dat funktionéiert.

Apropos Ongläichheet. Holland huet am Bezuch op d‘PISA-Kompetenz, déi am mannsten duerch de sozioekonomesche Milieu vum Schüler beaflosste Resultater. Dat erkläert sech zum Deel duerch eng grouss Permeabilitéit. Statt „Sëtzebleiwen“, an deene Fächer wou de Schüler Schwächten huet, Mesuren ergräifen.

Beispillhaft ass Estland

Besonnesch ervirgehuewe ginn ass d‘Beispill vun Estland, an dat net well d‘Land grad d‘Presidence vun der EU huet. Vergläichbar, wéinst der demographescher Gréisst, mat Lëtzebuerg an och duerch de Wuesstem mat der Immigratioun konfrontéiert, ass laut OECD Estland dat EU-Land, wou et déi mannsten Ongläichheet gëtt.

Am Resumé also kann ee festhalen, datt sech Lëtzebuerg um europäeschen Niveau net ze schumme brauch wat d‘Bildung fir sech ugeet. Gedanke muss sech awer gemaach gi bei den Ongläichheeten, déi virun allem dann entstinn, wann duerch Immigratioun d‘Sprooch zu enger Hürd am Bildungsprozess gëtt. Och de sozioekonomeschen Ursprong vum Schüler dierf hei net zu Ongläichheet féieren.

Et dierft dann och verständlech sinn, datt de wirtschaftlechen Erfolleg vun engem Land, seng sozial Kohäsioun (dat friddlecht zesummeliewen) a seng Entwécklung, dovunner ofhänkt, wéi gutt de Schoul- a Bildungssystem ass. Schlecht maache mir et anscheinend net, mee besser kann een et ëmmer maachen.

Ähnlech Sujeten Bildungsmonitor, EU-Kommissioun, OECD, PISA, Schoul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel