Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Golanhéichten ënner beschoss
Neiegkeeten

Golanhéichten ënner beschoss

D‘IDF huet seng Loftwaff op verschidde militäresch Ziler lassgelooss. De

Iwwerfall op de Ritz zu Paräis: Brigange klauen d’Bijouen
Neiegkeeten

Iwwerfall op de Ritz zu Paräis: Brigange klauen d’Bijouen

Se ware maskéiert, mat Aaxte bewaffent an hu fir „iwwer

Barrièrefräiheet fir all ëffentlech Plazen!
Neiegkeeten

Barrièrefräiheet fir all ëffentlech Plazen!

Gëschter huet d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) de Gesetzprojet zur Barrièrefräiheet,

Een Architekt fir d’Lëtzebuerger Bio-Landwirtschaft

PAN-Bio 2025: Alles méi bio, alles méi regional, alles vill méi besser gutt

Een Architekt fir d’Lëtzebuerger Bio-Landwirtschaft

Eise Bezuch zu Liewensmëttel an zur Ëmwelt muss sech änneren. Dofir ass de Landwirtschaftsministère ëmsou méi houfreg, datt d’Demande no biologesche Produite kontinuéierlech klëmmt. Mam nationale biologeschen Aktiounsplang PAN-Bio 2025 wëll een elo ambitiéis Schrëtter a Saache biologesch Landwirtschaft maachen.

Kuckt een déi jäerlech Ausgabe pro Awunner fir biologesch ugebaute Produite, da läit Lëtzebuerg um europäeschen Niveau – direkt hannert Dänemark, der Schwäiz an Éisträich – ganz wäit fir. Ma, trotzdeem befënnt sech eist Land mat just 4,6 % biologesch kultivéierter Fläch ënnert der europäescher Moyenne. Am Ganzen ziele mir momentan 148 Bio-Produzenten, déi sech an 88 Baueren, 15 Geméisgäertner, 15 Wäibaueren, 11 Uebstbaueren an 19 Beienziichter opdeelen. Dobäi kommen nach 164 Acteuren, déi d’Produiten transforméieren, verdeelen a verkafen.

Wat huet de Landwirtschaftsministère wëlles?

Zil vum PAN-Bio 2025 ass et déi biologesch Landwirtschaft a seng Produiten ze fërderen. Lëtzebuerg soll bis zum Joer 2025 ganzer 20 % biologesch kultivéiert Fläch zielen. Dobäi gliddert ee sech net nëmmen an de PAC post 2020, wéi och an de Green Deal vun der EU-Kommissioun, mee och an d’Moossname vum PNDD, PNEC an d’Direktive fir Vullen a Liewensraim an.

Fir déi national biologesch Landwirtschaft aktiv ze entwéckelen an ze fërderen, huet een de Plang op 4 Haaptachsen opgebaut:

  1. Déi aktuell Lag analyséieren;
  2. D’Visibilitéit vum Secteur bei de verschiddene Bevëlkerungsgruppe vergréisseren;
  3. D’Attraktivitéit vun der biologescher Aart a Weis fir ze produzéiere fërderen;
  4. Déi verschidde Schrëtt (vun der Produktioun bis Verkaf) entwéckelen, strukturéieren an esou d’Produktioun an d’Demande opbauen.

Den Ëmstig kascht natierlech. D’Enveloppe mat de Sue soll ab elo progressiv vun 2 op 11,4 Milliounen Euro bis 2025 gesteigert ginn. Wien sech entscheet an Zukunft bio unzebauen, dee gëtt an der ganzer Iwwergangsphas vun engem multidisziplinäre Rot begleet a ka vun enger Primm profitéieren.

Domat net genuch

Datt d’Landwirtschaft just ee vu ville Schrëtt zu enger méi gesonder a regionaler Ernierung ass, huet de Ministère och unerkannt. Aus dësem Grond hänkt ee sech och un d’Restauratioun: Zil ass et, datt och an dësem Secteur zu 50 % op zu Lëtzebuerg ugebaut Produiten zeréckgegraff gëtt. Dovunner sollen 2/5 Bio, 3/5 lokal produzéiert sinn. Ee Bilan dozou kënnt an 2 Joer.

Zu gudder Lescht gëtt ervirgehuewen, datt de PAN-Bio 2025 just ee vun diversen Elementer vu Landwirtschaft+ ass. Den Aktiounsplang gliddert sech an eng ganz Ketten u Moossnamen an, dorënner Programmer fir d’Biodiversitéit, d’Verbuet vum Glyohosat oder och d’Reduktioun vu Pestiziden.

Weider Detailer fannt Dir am nationalen Aktiounsplang zur biologescher Landwirtschaft PAN-Bio 2025.

Opmaacherbild: Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung © Landwirtschaftsministère

Ähnlech Sujeten 20 %, Biologesch Landwirtschaft, Green Deal, Nationalen Aktiounsplang, PAN-Bio 2025, PNDD, PNEC, Regional Produiten, Restauratioun, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel