Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Streik am Frankräich bréngt e schwaarzen Dënschdeg
https://moien.lu/dating-a-sagittarius-man-tips/ Stories

best dating pills

Nom Warnschoss vum 22. Mäerz geet et haut am Frankräich

https://moien.lu/pressure-switch-hook-up/
https://moien.lu/dating-a-sagittarius-man-tips/ Stories

Chamberwahlen: den CNFL appelléiert fir e besseren Equiliber

De Lëtzebuerger Nationalrot vun de Fraen (CNFL), hat gläich den

Mediatioun tëscht SLEG a Regierung mat Propose ouni Alternativ ofgeschloss
https://moien.lu/dating-a-sagittarius-man-tips/ Stories

Mediatioun tëscht SLEG a Regierung mat Propose ouni Alternativ ofgeschloss

Um Méindeg hat d‘Gewerkschaft vun den graduéierten Educateuren (SLEG) seng

Bio a Vegan – De Funk-Bricher verbënnt Ideologien

Bio a Vegan – De Funk-Bricher verbënnt Ideologien

Et muss een et deene Käerjenger loossen, si hunn et drop wann et gëllt dem Konsument Gehéier ze schenken. Bio-Béier ass den Ament e Produkt dat sech de Client nawell gären zu Gemitt zitt, an esou hu séi bei Bofferding net laang gefackelt, an einfach nach eng Schëpp drop geluecht. Sinn hunn net nëmmen d‘Mark „FunkBricher“ reaniméiert, nee si hunn e Vegan-Kompatibel gemaach.

De FunkBricher ass e bio-vegane Béier, deen elo säit September um nationale Maart erhältlech ass, a scho bal keng Reklamm méi brauch, esou gutt ass en. Et ass natierlech keng „Klengegkeet“ esou e Béier, deen een zu de Pils zielt, hierzestellen. Et brauch ee notamment all déi Bio-Zertifikater fir den Happ an d‘Malz. An natierlech gi keng animalesch Nieweprodukter benotzt.

Elo huet esou en Opwand och säi Präis. De Malz zum Beispill ass iwwer dräimol esou deier, wéi de konventionell ugebaute Malz. Woubäi – ganz ënnert eis – de FunkBricher eppes Leckeres ass, an een es jo net all Dag drénke muss. An et kritt e absolut Premium-Produkt fir säi Geld. Mat 5,5% Alkoholgehalt, läit eppes iwwert dem klassesche Pils, an huet eng liicht an agreabel Happ-Nout.

Funk-Bricher

Nee et ass keng Kierch, och wann dës Hall helleg ass. Hei gëtt Lëtzebuerger Gold gelagert, an dat net emol einfach esou an d‘Welt gesat. © Martine de Lagardère/moien.lu

E kuerze Bléck op d‘Geschicht

Wann ee sech op d‘Brauerei FunkBricher aus dem Gronn (Stad Lëtzebuerg) berifft, esou muss ee wëssen, datt déi 1764 vum Thomas Wagner a senger Fra Margareta Koerperich gegrënnt ginn ass. Ëm 1780 huet de Fils Johan Linden d‘Brauerei an der Plaetisgaass iwwerholl. 1808 hunn sech de Henri Funck an d‘Anne-Kathrin Linden, d‘Jo-Wuert ginn.

Si Kafen tëscht 1830 an 1904 d‘Gierwereien am Gronn op, an 1907 hat d‘Brauerei Henri Funck, déi mëttlerweil vum Mathias Funk geleet gëtt, hire Sëtz op 6 Plaetisgaass installéiert. Mat Erfolleg, well schonn 1916 gëtt d‘Brauerei zum Haff-Liwwerant. Bis an d‘40er Jore war si am Besëtz vun der Famill Funk. 1949 geet se an de Besëtz vun der Brasserie Georges Lentz-Flohr iwwer.

Bis an 70er Joren hunn se sech um Maart gehalen, iert se dann 1975 mat der Brauerei Bofferding fusionéiert hunn. Während op der „aler Adress“ Amazon säin Onwiesen dreift, ass déi renomméiert Mark vun de Käerjenger nees zum liewen erwächt ginn. Dat ganz mam Seriö deen ee vun der Brauerei Bofferding gewinnt ass. Zudeem ass hinne mam FunkBricher e perfekte Pils gelongen

Foto: Also nach besser kann ee sech de Funk-Bricher nëmmen am Glas virstellen, datt ee virun d‘Nues gestallt kritt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Adventskalenner, artisanale Béier, Bofferding, Craft Beers, Funk-Bricher, Pils
Nächsten Artikel Virrechten Artikel