Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ULC: Eng nei Broschür zum Locatiounskontrakt
Erkläert International

ULC: Eng nei Broschür zum Locatiounskontrakt

An der neier Broschür sollen essentiell Froen, souwuel vum Locataire,

money
Der STATEC hire Bléck op d‘Solden
Erkläert International

Der STATEC hire Bléck op d‘Solden

De Verbraucherpräisindex ass am Juli géintiwwer dem Juni ëm 0,5%

Covid19: Europa an d‘USA streiden ëm Medikament
Erkläert International

Covid19: Europa an d‘USA streiden ëm Medikament

D‘Medikament „Remdesivir“ vu „Gilead Sciences“ gouf ursprénglech wéinst senge virostateschen

Nobelpräis: Wann d’biologesch Auer aus dem Rhythmus kënnt, erkläert

Nobelpräis: Wann d’biologesch Auer aus dem Rhythmus kënnt, erkläert

Déi „biologesch Auer“, an d’Liicht gesat vum Nobelpräis fir Medezin, kontrolléiert e sëlleche biologesch Mechanismen déi, wann se sech verstellen, Fettleiwegkeet, Kriibs an aner gesondheetlech Problemer kënnen ervirruffen.

Dëse Kontrollzenter, synchroniséiert eis Schlof- a Waachzyklen, eisen Appetit, d’Produktioun vu verschidden Hormoner an esouguer eis Kierpertemperatur.

Dräi amerikanesch Fuerscher, déi um Méindeg den Nobelpräis fir Medezin kruten, hunn erausfonnt wéi dëse Prozess funktionéiert wann alles „gutt“ leeft. Si hunn d’Genen identifizéiert déi den Zyklen erlaben sech an eisen Zellen ze installéieren a beschreiwen d’Roll vum Liicht fir se ze synchroniséieren.

Mee an der Realitéit mësshandele mir ganz oft dës biologesch Auer et déi natierlech Besoinen déi domatter zesummenhänken, erkläert der AFP de Russel Foster, e Professer spezialiséiert an de zirkadianesche Rhythmen (déi wou sech iwwer 24 Stonnen ofspillen) vun der Universitéit zu Oxford.

Mëssbraucht

„D’Auer funktionéiert net gutt well mir se stänneg mëssbrauchen. Dat duerch eise Liewensrhythmus dee mir haut hunn a mat eisem Stonneplang schlecht hantéieren“, seet dozou d’Joëlle Adrien, Direktesch vum franséischen INSERM (Institut national de la santé et de la recherche médicale) a Presidentin vum INSV (Nationaalt Institut fir de Schlof an d’Wuechtsamkeet).

Déi grouss Ofstänn hunn dann och Konsequenzen, déi vum enger Verännerung vum Verhale bis zur Fettleiwegkeet oder Kriibs kënne féieren. Dat hunn d’Etüde bei Nuets- a Schichtaarbechter erginn. Schonn 2007 hat den CIRC (Internationale Kriibsfuerschungszenter) eng Agence vun der OMS (Weltgesondheetsorganisatioun) d’Verännerung vun den zirkadianesche Rhythmen als Kriibserreegend agestuuft.

Dorausser ergëtt sech d’Schlussfolgerung, datt de mënschleche Kierper sech ni wierklech un versate Stonnepläng upasst, am Rapport zum natierleche Rhythmus deen duerch d’Dagesliicht gereegelt gëtt. „Et gëtt kee Medikament dat et géif erlaben d’Auer ze synchroniséieren, se virzestellen oder nogoen ze loossen“, warnt de Claude Gronfier, Neurobiologist um INSERM

Dat falscht Liewen

Wann ee sech zwéngt wakereg ze bleiwen, féiert dat zu enger héije Produktioun vum Stresshormon „Cortisol“ dënn eigentlech ofschwächt wann d’Nuecht ufänkt. Dëse Mechanissem erlaabt et eis Wuechtsamkeet ze erhalen, mee huet kee gudden Afloss op eisen Immunsystem a kann op laang Siicht Krankheete wéi Kriibs fërderen.

Dëse Liewensrhythmus féiert och dozou, datt mir ausserhalb den „normale“ Stonnen iessen. Zu engem Zäitpunkt wou de Metabolismus méi lues leeft an d’Kalorien sech éischter a Fett verwandelen, statt verbrannt ze ginn.

„De kardiologesche Rhythmus erhéicht sech, de Bluttdrock an den Niveau vum Insulin klammen“ dat zu enger ongewinnter Zäit, an „äre Kierper ass dofir net gemaach“ resuméiert fir d’AFP den Hugh Piggins, Professer fir Neurowëssenschaften op der Universitéit zu Manchester.

Impulsiv Reaktioun

Och kuerzfristeg kann eng Stéierung vum Schlof-/Waachzyklus, wéi dat beispillsweis bei der Zäitverschibung de Fall ass, schwéier Auswierkungen hunn. Huelt zum Beispill e Fluch Lëtzebuerg – Los Angeles: dir gitt néng Stonnen an der Zäit zréck, är Schlof- an Iesszäite ginn op d’Kopp gestallt.

D’Resultat: interagéiere fält engem schwéier, d’Empathie hëlt of, et fält engem schwéier sech op komplex Handlungen anzestellen, esouguer d’Erënnerung ass gestéiert. An esou engem Zoustant kënne Mënschen „extrem impulsiv Reaktiounen hunn, wéi duerch eng rout Luucht fueren a si net méi amstand d’Konsequenze vun hiren Handlungen ze bemoossen“, esou den Pr. Foster.

Et ass och eng Verbindung hiergestallt ginn, tëscht der biologescher Auer an den Depressiounen, bipolar a kognitiv Onrou, de Verhalt an esouguer verschidden neurologesch Krankheeten. An dësem Fuerschungsberäich, der Chronobiologie, studéieren d’Wëssenschaftler och wéi d’Zäit zu där een e Medikament hëlt op d’Wierkung an Niewewierkungen Afloss huet.

„Mir sinn un engem Stadium ukomm, wou mir kënnen ufänken dat Wëssen ze notze fir ze verstoe wat geschitt wann dës Systemer schlecht funktionéieren an, wat nach méi wichteg ass, nei therapeutesch Mesuren entwéckelen“, ënnersträicht den Pr. Foster.

mam Amélie Baubeau an dem Joshua Melvin/AFP

Ähnlech Sujeten biologesch Auer, Medezin, Nobelpräis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel