Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Feier zu Téiteng – 5 Persounen iwwert Liederen gerett
Auto Neiegkeeten

Feier zu Téiteng – 5 Persounen iwwert Liederen gerett

Wéi de CGDIS matdeelt ass et um 11:00 Auer de

Härebierg: 19 fräiwëlleg Zaldoten ginn hiert Verspriechen of
Auto Neiegkeeten

Härebierg: 19 fräiwëlleg Zaldoten ginn hiert Verspriechen of

Um vergaangene Freideg hunn zu Dikrech 19 fräiwëlleg Zaldoten hiert

Venezuela: de Marsch op Caracas
Auto Neiegkeeten

Venezuela: de Marsch op Caracas

Während am Venezuela „de Stroum ausgefall ass“, wat jee no

Bip&Go: Den ACL informéiert iwwert Ännerungen beim Verkaf

Bip&Go: Den ACL informéiert iwwert Ännerungen beim Verkaf

De Lëtzebuerger Automobilclub ACL huet säi Fonctionnement beim Verkaf vun de Badgen vum Telepeage Bip&Go ugepasst. De Service bitt eng sougenannt Peagebox fir Europa (Frankräich, Spuenien, Portugal an Italien) un.

Persounen, déi fir d’éischt Kéier de Badge Bip&Go abonnéiere wëllen sollen iwwert d’Telefonsnummer 45 00 45-1 ee Rendez-vous beim ACL huelen. Wie schonn ee Badge huet a seng Formule ännere wëll, dee kann d’Ännerunge ganz einfach op der Säit bipandgo.com am Beräich „espace abonné“ duerchféieren.

Ass de Badge just fir Frankräich valabel, wëll een awer Spuenien, Italien oder Portugal dobäi setzen, da soll ee sech ënnert bipandgo.com mam „espace client“ verbannen an eng Demande areechen. Dës Demarche gëllt och, wann een Frankräich, Spuenien a Portugal schonn drop huet, Italien awer nach bäisetze wëll. Soubal d’Demande traitéiert ass kritt Dir en neie Badge Heem geschéckt a musst den ale Badge zeréck un den ACL schécken. En direkten Echange kann een och direkt zu Metz (87 avenue Général Metman) maachen.

Clienten, déi e Badge fir Frankräich a Spuenien hunn, kënnen de Peage fir Portugal selwer am „espace abonnés“ bäifügen. Fir weider Informationen soll een www.acl.lu/bipandgo besichen, oder sech direkt un den ACL wennen (Mail acl@acl.lu oder Telefon 45 00 45-1).

Ähnlech Sujeten ACL, Automobilclub, Bip&Go, bipandgo, Frankräich, Italien, Peage, Portugal, Spuenien, Vakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel