Search

You may also like

Guardian/Luxguard – Et gëllt de Sozialplang ze verhënneren
Money Neiegkeeten WTF

Guardian/Luxguard – Et gëllt de Sozialplang ze verhënneren

Um Mëttwoch sinn d‘Personaldelegatioune vun de Luxguard Standuerter Diddeleng a

Februar ass en ausbalancéierte Mount bei Netflix
Money Neiegkeeten WTF

Februar ass en ausbalancéierte Mount bei Netflix

De Februar réckelt mi no. Dat heescht och, datt mer

PARITY EP-Release den 13. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik!
Money Neiegkeeten WTF

PARITY EP-Release den 13. Mäerz 2020 an der Kulturfabrik!

Fir déi jonk Lëtzebuerger Band Parity ass et ee weidere

moneysurprise

Bitcoin… den alternative Räichtum

Bitcoin… den alternative Räichtum

Wann s de näischt weess mat dengem Goss unzefänken, sech elo fir d‘Kryptowärung „Bitcoin“ ze entscheeden ass en denkbar schlechten Zäitpunkt. Woubäi dat jo nees eng perséinlech Decisioun ass a wann ee bedenkt, datt de Bitcoin gëschter 2. Januar op der Lëtzebuerger Plattform „Bitstamp“ mat 30.958 US-Dollar notéiert war, kéint ee sech schwéier dinn.

Ëmmerhin huet virun enger Woch de Bitcoin nach knapp iwwer 25.000 US-Dollar geleeën. Woubäi et wichteg ass drop hinzeweisen, datt de Bitcoin am Januar 2020 bei 8.000 US-Dollar ugesidelt war a wärend der Pandemie zimmlech Plomme gelooss hat. Elo dann eng „Reprise“ an eng déi sech och weise léisst. E gudde Grond sech hannert dësem „Wiesselspill vun de Gefiller“ ëmzekucken.

Mat ee vun de wichtegste Grënn, firwat de Bitcoin-Wäert deraart duerch de Plafong geet, ass de Fait datt ëmmer gréisser Investitiounsfongen – wéi beispillsweis d‘Pensiounsfongen – sech fir déi gréissten Digitalwärung interesséieren. De Bitcoin kann sech jo och op ee Maartundeel vun zolitte 70% beruffen, an ass domadder weltwäit féierend. An dee schéint sech och net ophalen ze loossen

Am Hierscht huet d‘Relance vum Bitcoin endgülteg seng Friichte gedroen. Ab September huet de Bitcoin deeglech u Wäert zougeholl (+190%) an huet bei iwwer 20.000 US-Dollar geleeën. Elo also nach emol ee Sprong vu bal 70%. Uecht gedoen: et gëtt keen zentrale Bitcoinhandel, firwat déi hei genannten Zuelen anerwäerts ofweeche kënnen. Trotzdeem ass d‘Progressioun bemierkenswäert.

Unhand den aktuellen Zuele kann een nach festhalen, datt d‘Maartkapitaliséierung vum Bitcoin bei ronn 550 Milliarden US-Dollar unzesidelen ass. Dat dës Wärung „gutt“ ass, wëllen och aner Acteure verständlech maachen. De Bezueldéngscht „Paypal“ wëll senge Clienten d‘Méiglechkeet araume mat Bitcoin ze bezuelen. A wann elo och Länner de Bitcoin als Bezuelmëttel unerkennen…

Illustratioun: © André François McKenzie / unsplash

Related topics Bitcoin, Bitstamp, Investitioun, Kryptowärung, Risikokapital
Next post Previous post