Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen
International Money Neiegkeeten

10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen

Scho säit 2009 ass et d’Missioun vun der Fondatioun EME,

Policereform ass ficeléiert an domadder gëtt sech méi Sécherheet versprach
International Money Neiegkeeten

Policereform ass ficeléiert an domadder gëtt sech méi Sécherheet versprach

No enger Transitiounsphase vu gutt zwee Joer an dat onofhängeg

Den George A. Romero, erkläert
International Money Neiegkeeten

Den George A. Romero, erkläert

Den George A. Romero ass gëschter am Alter vu 77

money

De Bitcoin iwwerschreit d‘Barre vun 11.000 US-Dollar

De Bitcoin iwwerschreit d‘Barre vun 11.000 US-Dollar

Um Mëttwoch ass d‘Kryptowärung Bitcoin iwwert de Wäert vun 11.000 US-Dollar geklommen. Dat nodeems sech seng Valeur a manner wéi engem Joer verzéngfacht huet. Dat erwächt natierlech den Interessi vun den Investisseuren, mee et entsteet och de Risk vun enger Blos.

Dëst virtuellt Geld, dat sech t op spezialiséierten Internet-Plattforme keeft a verkeeft, hat d‘Barre vun 10.000 US-Dollar scho bei den éischten „Echangen“ an Asien passéiert. Esou d‘Matdeelung vun der Agence Bloomberg. Am Nomëtteg (15 Auer GMT) huet de Wäert vum Bitcoin 11.150 US-Dollar erreecht.

Nach Mëtt-Oktober konnt ee sech e Bitcoin fir ronn 5.000 US-Dollar leeschten, also zum hallwe Präis vum Mëttwoch. Dës Wäertsteigerung ass ëm esou méi spektakulär, datt de Wäert vum Bitcoin um Ufank vum Joer nach bei 1.000 US-Dollar geleeën huet

D‘Annonce huet dann och vir eng Erhéijung vu senger Valeur bäigedroen. D‘Unzuel vun de Bitcoin déi an Ëmlaf kënne bruecht ginn ass schliisslech begrenzt. Déi gesamt Kapitalisatioun vum Bitcoin sollt aktuell bei ronn 180 Milliarden US-Dollar, wann een den Donnéeë vum Internetsite „coinmarketcap.com“ vertraut, déi d‘Kapitalisatioun vun de Kryptowärungen op de Boursse verfollegt.

Zum Verglach: de Grupp Coca-Cola gëtt mat 195 Milliarden US-Dollar bewäert.

Ouni physesch Existenz, de Bitcoin, deen 2009 just e puer Cents wäert war wéi en an Ëmlaf bruecht ginn ass, stëtzt sech d‘Kryptowärung op de Paiement vun „Pair-to-Pair“ baséierend op der Blockchain-Technologie. Eng „legal“ Valeur huet de Bitcoin u sech net.

De Bitcoin gëtt dann och net vun enger Zentralbank oder enger Regierung geréiert, mee vun enger immenser Internet-Community. An trotz allem gëtt de Bitcoin mëttlerweil bei enger grousser Unzuel vun alldeeglechen Transaktiounen ugeholl.

Eng echt Alternativ oder Bedruch?

„Et ass ee ganz besonneschen Aktiva, dee per Definitioun spekulativ ass, ugesicht senger präislecher Evolutioun“, sot op CNBC de Vizepresident vun der europäescher Zentralbank, Vitor Constancio. An och wann hien enorm Fluktuatioune beim Bitcoin virausgesäit, esou gleeft de Constancio net, datt et sech op aner Mäert ausdehnt.

Mëtt-September hat de PDG vun der Bank JPMorgan, Jamie Dimon ugedeit, datt de Bitcoin e Bedruch wier, deen derzou bestëmmt wier ze implodéieren. Eng Meenung déi de Patron vum Credit Suisse, Tidjane Thiam deelt. Deen hat rezent deklaréiert, datt de Bitcoin d‘Definitioun selwer vun enger „Blos“ wier.

„Et ass eng Blos an et gëtt ganz vill Schaum. Dat wäert déi gréisste Blos vun eisem Liewe ginn“, warnt de Mike Novogratz, Gestionnaire vu spekulative Fongen, um Dënschdeg am Kader vun enger Konferenz zu de Kryptowärungen zu New York.

De Stephen Innes, Employé vumn Courtier Oanda zu Singapur, huet sengersäits viru „verréckten Zuele“ gewarnt an seet: „Ech fäerten datt Eenzelhändler op d‘Geleeënheet sprangen, ënnert dem Virwand, datt et éiweg funktionéiert. (…) Mir wëssen awer datt et esou einfach net ass“.

Fir d‘Chinesen eng illegal Wärung

Am September hat China den Echange vu Kryptowärungen op de chinesesche Plattforme verbueden. Si wëllen esou géint illegal Aktivitéite virgoen a gläichzäiteg déi potenziell Risiken andämmen déi säi Finanzsystem kéinte bedreeën. De chinesesche Verbuet hat fir e momentane „Chaos“ um Maart gesuergt, mee de Cours hat sech schnell erholl a seng Wäertsteigerung erëm opgeholl.

Fir seng Verdeedeger bitt de Bitcoin eng geséchert Alternativ zu den traditionellen Devisen. D‘Blockchain mécht d‘Transaktioune fälschungssécher, well fir eng Informatioun ze veränneren, misst ee simultan d‘Informatioun bei alle Notzer änneren.

Dat ass dann och eng Charakteristik déi ganz staark de Bankesecteur interesséiert, wou dëse System nei Horizonter géif opmaachen. Zudeem géif de System déi dematerialiséiert Transaktioune vereinfachen an vill Geld aspueren.

Op der Wallstreet huet d‘Bank Goldman-Sachs anscheinend elo och wëlles mam Bitcoin ze spekuléieren, datt fir seng Clienten. Dat zumindest hat eng Source der AFP Ufank Oktober zougedroen. De Rival JPMorgan huet sech och ganz „Op „ fir Kryptowärunge gewisen, esou laang wéi se propper kontrolléiert a reguléiert ginn.

„Ech mengen datt een nach ëmmer op enger Tendenz vun der Hausse ass“, kommentéiert der AFP géinteniwwer de Kay Van-Pertersen, dee fir d‘Saxo-Bank zu Singapur täteg ass. Hie gesäit viraus, datt de Bitcoin a sechs bis 18 Méint, e Wäert tëscht 50.000 an 100.000 US-Dollar erreeche kann.

Während eng ganz Partie Analysten e Wäertverloscht erwaarden, soen d‘Unhänger datt si dat ganzt Laangfristeg gesinn an och de Lancement vun Zäitverträg a Bitcoin vum Chicago Mercantile Exchange als nächste groussen „Test“ gesinn. „Wann de Bitcoin déi Hürd packt, gëtt et kee Grond, firwat de Wäert net sollt weider klammen“, esou de Greg McKenna vun AxiI géintiwwer der AFP.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Bitcoin, Kryptowärung, US-Dollar
Nächsten Artikel Virrechten Artikel