Search

You may also like

Empfang vum Gesangsgrupp CASA op der Stater Gemeng
Neiegkeeten

Empfang vum Gesangsgrupp CASA op der Stater Gemeng

De 24. Januar, huet de Gesangsgrupp CASA (Centro de Apoio

Een éischten Tëschebilan fir de CGDIS
Neiegkeeten

Een éischten Tëschebilan fir de CGDIS

Vergaangene Freideg huet d’Inneministesch Taina Bofferding, zesumme mat de berodenden

Nordkorea: Offiziell nach keen Infektiounsfall
Neiegkeeten

Nordkorea: Offiziell nach keen Infektiounsfall

Datt säitens dem Regime vu Pyonyang bis haut keen eenzegen

Black Friday – Eiser aller Sécherheet muss garantéiert ginn!

Black Friday – Eiser aller Sécherheet muss garantéiert ginn!

De Syndikat Commerce vum OGBL erënnert drun, datt sech um Black Friday, deen un dësem Freideg stattfënnt, besonnesch un déi sanitär Moossnamen an de Geschäfter muss gehale ginn.

D’Gewerkschaft mécht drop opmierksam, datt an de leschte Wochen nees vill méi Clienten an de Lëtzebuerger Butteker waren. Grad um Black Friday, un deenen d’Clienten mat spezielle Promotiounen ugezu solle ginn, soll Uecht gedoe ginn.

Huet e Geschäft méi wéi 400 m2 ass d’Zuel vu Persounen op 1 Client pro 10 m2 limitéiert. Fir dës Moossnam ze garantéieren muss bei der Entrée an der Sortie kontrolléiert ginn. Natierlech muss wéi gewinnt d’Mask obligatoresch Mond an Nues bedecken an och d’Sécherheetspersonal muss sech un d’Distanz halen.

De Syndikat Commerce vum OGBL ënnersträicht, datt den Employeur d’Sécherheet an d’Gesondheet vu sengem Personal garantéiere muss a lancéiert en Appell un all Entreprisen, fir d’Salariéen an d’Clienten beschtméiglech wärend dëser sanitärer Kris ze schützen.

Den offizielle Message vum OGBL kënnt Dir HEI noliesen.

Related topics Black Friday, Client, Commerce, Distanz, Gesondheet, OGBL, sanitär Moossnamen, Sécherheet
Next post Previous post