Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Marc Hansen am Business Club France-Luxembourg
International Kultur Money

De Marc Hansen am Business Club France-Luxembourg

Um 11. Mäerz 2019 ass den delegéierte Minister fir d’Digitaliséierung,

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann
International Kultur Money

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann

Enger um Donneschdeg verëffentlechter Etüd no, waren 2015 weltwäit 36

No der Fermeture vum Jeudi: de Sozialplang läit um Dësch
International Kultur Money

No der Fermeture vum Jeudi: de Sozialplang läit um Dësch

Wéi bosseg et ass, wann deng Gewerkschaft als Aktionär indirekt

money

Black Panther knackt den Jackpot bei senger Sortie an den USA

Black Panther knackt den Jackpot bei senger Sortie an den USA

De Super-Held „Black Panther“ huet all Pronostic iwwertraff, a gräift sech déi éischt Plaz vum nordamerikanesche „Box Office“ direkt bei senger Sortie. Dat zumindest beleeën déi um Dënschdeg verëffentlecht Zuele vun der spezialiséierter Firma „Exhibitor Relation“.

Den 18. Film vum Marvel-Cinematic-Universe um laange Weekend vun de Presidenten, net manner wéi 242,2 Milliounen US-Dollar agespillt.  Domatter huet dëse Film, déi schonn eigentlech kolossal Erwaardunge vun de Prognostiker, ëm villes iwwertraff. D’Kritike sinn duerchgoend positiv.

Et ass den éischte Marvel-Cinematic-Universe-Film, deen engem schwaarze Super-Held dediéiert ass. En huet de leschte Rekord, gehale vun Deadpool, deen et op engem „Presidents-Day“ ginn huet, ëm 90 Milliounen US-Dollar verbessert. Deadpool koum 2016 eraus an hat 152 Milliounen US-Dollar ageholl.

De leschten Opus vun de Marvel Studios, engem Subsidär vun Disney, ass vum afroamerikanesche Realisateur Ryan Coogler gedréit ginn. Dobäi kënnt eng Equipe u charismatesche Schauspiller: den Chadwick Boseman, d’Oscar-Gewënnerin Lupita Nyiong‘o, d’Angela Basset an den Forest Whitaker.

Aner Filmer waren dee Weekend wäit ofgeschloen

E gutt Resultat fir sech verbuche, kann och den Animatiounsfilm „Peter Rabbit“. An dësem besonnesch fir de jonke Public gemaachte Film ginn d‘Aventure vum bekannte Personnage erzielt, deen déi britesch Auteure Beatrix Potter (1866-1943) 1902 als „The Tale of Peter Rabbit“ zum liewen erwächt huet. Dëse Film hält sech op der zweeter Plaz a spillt a véier Deeg ëmmerhin nach 54,4 Milliounen an.

Déi erotesch Romanze „Fifty Shades Freed“ fält vun der éischter op déi drëtt Plaz, mat 19,4 Milliounen US-Dollar a véier Deeg, an 78,6 Millioune säit senger Sortie op der Leinwand. Et ass déi drëtt a lescht Episod vun den eroteschen Aventure vum Anastasia Steel an dem Christian Grey.

Jumanji: Welcome to the Jungle“ ka säin Erfolleg behaapten a steet aktuell op der véierter Plaz. Dëse Soft-Reboot vum Film vu 1995, mat ënnert aneren dem Dwayne „The Rock“ Johnson en enger Haaptroll huet iwwert de Weekend 10 Milliounen US-Dollar agespillt. Iwwert déi lescht 9 Wochen sinn et der dann awer ëmmerhin 379,7 Milliounen.

Dem Clint Eastwood säi Film „The 15:17 to Paris“, an deem dat verhënnert Attentat op en Thalys am Joer 2015 rekonstruéiert ginn ass, rutscht vun der drëtter Plaz op déi fënneft, mat awer nach 8,9 Milliounen US-Dollar iwwert déi véier Deeg, an 26,7 Milliounen an zwou Wochen.

Déi weider „Laureate“ vum Box Office op dësem besonnesche Weekend sinn:

  • op Plaz 6: „The Greatest Showman“ mam Hugh Jackman. Hei gëtt d‘Geschicht vum Magier P.T. Barnum erzielt. Iwwert de Weekend sinn 6,5 Milliounen US-Dollar erakomm, op 9 Woche sinn et dann awer 155,9;
  • op Plaz 7: “Early Man“ en Animatiounsfilm iwwert en Hielemënsch, bréngt bei senger Sortie ganzer 4,3 Milliounen US-Dollar an;
  • op Plaz 8: „Maze Runner: The Death Cure“ verbucht eng Rentrée vun 3,2 Milliounen US-Dollar. A véier Woche sinn 54,7 Milliounen zesummekomm;
  • op Plaz 9: Eppes fir d‘Fangemeinschaft vum Horror: „Winchester“ mam Helen Mirren erziilt um laange Weekend 2,6 Milliounen US-Dollar, an 22,2 Milliounen iwwer dräi Wochen;
  • op Plaz 10: dem Steven Spielberg seng Pentagon Papers, am original „The Post“, mam Tom Hanks an dem Meryl Streep. Do sinn iwwert véier Deeg nach 2,4 Milliounen US-Dollar zesummekomm, an 77 Milliounen a 9 Wochen.

mat AFP

Opmaacherfoto: Marvel Studios

Ähnlech Sujeten Black Panther, Box Office, Film, Kino, Marvel, Marvel Cinematic Universe
Nächsten Artikel Virrechten Artikel