Search

You may also like

De Rapport vun der Ombudsfra war och scho besser
Kultur Neiegkeeten

De Rapport vun der Ombudsfra war och scho besser

An hirem Rapport geet d‘Ombudsfra Claudia Monti net grad zäertlech

Sénkkëschtebotzert: Propper a sécher schaffen ass Gold wäert
Kultur Neiegkeeten

Sénkkëschtebotzert: Propper a sécher schaffen ass Gold wäert

Esch-Uelzecht – Um haitege Freideg war d‘Stëmmung am „Service Canalisation“

Méi Steiergerechtegkeet elo!
Kultur Neiegkeeten

Méi Steiergerechtegkeet elo!

Obwuel d‘Coronavirus-Kris alles anescht wéi iwwerstanen ass, gëtt eppes däitlech:

Black Timeless – En artistesche Weekend op der internationaler Tattoo Convention

Leschte Weekend gouf nees zougestach – ok, esou schlëmm wéi et dee Saz eriwwerbréngt, war et dann och net. Déi pickeg Affär war nämlech op fräiwëlleger Basis a géint Bezuelung. Dir wësst nach ëmmer net ëm wat et geet? Ma, vun e Freideg bis e Sonndeg huet d’International Tattoo Convention ënnert dem Numm „Black Timeless“ all déi Persounen op de Kierchbierg gezunn, déi Tënt ënnert d’Haut kréie wollten, sech déi Saach mam Tätowéieren emol ukucken oder och e lëschtege Weekend verbrénge wollten.

Ganzer 300 Artisten goufen ugekënnegt, ëm 150 hunn et tatsächlech an d’Luxexpo The Box gepackt. Ob spontan Decisioun oder mat Rendez-Vous konnte sech op der Tattoo Convention, déi vun The Storm Events organiséiert ginn ass, couragéiert Visiteuren mat dauerhafte Motiver verschéinere loossen – dës Konscht geet nämlech ënnert d’Haut.

Ma, ob d’Wierk gelongen ass, konnt all Dag géint der Owend bei de Concoursen bestätegt ginn. Dofir, datt dëse Contest anonym a mat enger onofhängeger Jury stattfanne sollt, hu mir et op alle Fall suspekt fonnt, datt um Freideg d’Majoritéit vun de Präisser un Adikt Ink, offizielle Partner vun der Tattoo Convention gaangen ass. Domat kritiséiere mir op kee Fall d’Aarbecht vun hiren Tätowéierer – déi ass nämlech top – an awer waren och eenzegaarteg a fantastesch Wierker mat dobäi, déi e Präis verdéngt hätten.

Ob Nofro bei enger Artistin aus Frankräich, wat de Stand kascht, ware mir liicht schockéiert. Hire perséinleche Beräich, deen ëm 1,50 Meter breet war an d’Längt vun enger Lieg an engem Dësch hat, huet iwwer 450 € kascht. Aner Conventions, wou si bis elo deelgeholl huet, hätten tëscht 150 an 300 € gefrot, dofir awer och wéinstens dat Duebelt u Plaz gebueden.

Elo awer zu de positiven Aspekter. D’Artisten an Aussteller hu mat Talent, Kreativitéit an och Originalitéit iwwerzeegt. D’Hygiènesmesure goufen zu all Ament vu Visiteur a Kënschtler agehalen. Déi verschidde Shows – dorënner Bauchdanz, Burlesque-Optrëtter an unzéiend Ablécker an d’Konscht vum Shibari (vläicht besser bekannt als artistesche Bondage) – huet ee gäre nogekuckt, wann och oft d’Fra a plakeg Haut am Virdergrond stoungen.

Nieft dem Stand vu LUSH a Sea Shepherd konnt een eenzegaarteg Kreatiounen a Kreaturen, Kappbedeckungen, Bijouen, Kleedung an aner speziell dekorativ Artikele fannen. Duerch d’Hale verdeelt stoungen déi streng limitéiert Modeller vum Fiat Abarth vun Autopolis ausgestallt a wann den Honger een iwwerkomm ass, konnt dësen och duerch eng Auswiel u Foodtruck gestëllt ginn.

Am grousse Ganze ware mir iwwerzeegt vun der Tattoo Convention a ware frou, datt dëst Evenement – wann och méi spéit wéi eigentlech ausgemaach – stattfannen duerft. E bësse Péng brauche mir dach all, oder net?

Uewe fannt Dir e puer Andréck vun der Internationaler Tattoo Convention „Black Timeless“  © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Adikt Ink, Artisten, Aussteller, Bauchdanz, Black Timeless, Bondage, Burlesque, International Tattoo Convention, Kënschtler, Konscht, LUSH, Luxexpo The Box, Maïwenn Caligari, Péng, Sea Shepherd Lëtzebuerg asbl, Shibari, Tätowéieren, Tënt, The Storm Events
Next post Previous post