Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!
Kultur Neiegkeeten

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!

Et ginn net grad wéineg Buslinnen am Land. Mee wéi

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Beréngung
Kultur Neiegkeeten

E staarkt Benevolat am Naturschutz – Beréngung

Beim ABC vun der Natur treffe mir op de Buschtaf

14 Juli: Alles op de Vëlo!
Kultur Neiegkeeten

14 Juli: Alles op de Vëlo!

De Mouvement Ecologique (MeCo) a seng regional Sektioun „Miersch an

Black Timeless International Tattoo Convention vum 18. bis den 20. September

Black Timeless International Tattoo Convention vum 18. bis den 20. September

Et kënnt nees ee Stuerm op eis duer: Um nächste Weekend fënnt déi 9. Editioun vun der internationaler Tattoo Conventioun, déi The Storm Events dës Kéier ënnert de Motto „Black Timeless“ gesat hunn, an der Luxexpo The Box statt. Zuelräich renomméiert Tattoo-Artisten, Aussteller, Shows, Workshops a Concoursen erwaarden Iech.

U ganzer 3 Deeg wäerten international Tattoo-Artisten hiert Kënnen live ënnert Beweis stellen an den een oder aneren Visiteur mat engem neie Motiv verschéineren. Nieft den 150 Tattoo Kënschtler, si ronn 50 Aussteller mat originellen an héichwäertege Produiten op der Plaz. Divers Shows, 6 Food Trucks an eng Rëtsch un Highlights lueden ob en Erliefnis vun der Kierpermodifikatioun an.

Besonnesch freeën sech The Strom Events iwwert d’Presenz vun engem Artist aus dem Adikt Ink, deen traditionell asiatesch Tätowéierung mat der iwwert 3000 Joer aler Sak Yant Technik. Ma,och Autopolis wäert op der Plaz sinn a seng streng limitéiert Fiat Abarth Modeller virstellen.

Och am Beräich vun der Ethik an dem Verantwortungsbewosstsinn huet dës Tattoo Convention eppes ze bidden. Zesumme mat der internationaler Kosmetikmark LUSH wäert een och Sea Shepherd, déi sech aktiv fir de Mieresschutz weltwäit asetzen, begréissen dierfen, sech beroden an informéiere loossen a souguer d’Produiten kafen.

Als Special Guest sinn dat nternationaalt Covergirl Cynthia Offishall, de berühmte Stylist Fred Kyrel, d’Dänzerin Miss Anne Thropy an d’Modell Femke Fatale agelueden.

Zu gudder Lescht erwaart Iech eng Schatzsich, bei där et dorëm geet déi verstoppte gëlle Fläsch ze fannen. Cadeauen mat engem Gesamtwäert vun 3.000 € gi verloust.

E puer Upassungen

Fir Black Timeless nach méi zougänglech an attraktiv ze gestalten ass den Entréespräis fir déi gesamt Dauer vun der Tattoo Convention vun 20 op 15 € erofgesat ginn. Zudeem gëllen déi bekannt Hygiènes- a Gesondheetsmesuren.

„Mir hunn d’Chance zu Lëtzebuerg no an no eis Aktivitéiten nees ophuelen ze kënnen, sinn eis awer voll a ganz bewosst, datt dëst net iwwerall de Fall ass. Eise Publikum wëll nees Kultur a Spaass erliewen a mir wäerten alles Méigleches maachen, fir datt hinnen dëse Wonsch ënnert der Anhalung vun de strikten Sécherheets a Gesondheetsmoossnamen erméigleche kënnen“, sou de Scylla Pierce, CEO vun The Storm Events

Weider Informatiounen

Ëffnungszäiten:

  • Freides, den 18. September 2020: Vun 13:00 bis 22:00 Auer
  • Samschdes, den 19. September 2020: vun 11:00 bis 22:00 Auer
  • Sonndes, den 20. September 2020: vun 11:00 bis 19:00 Auer

Plaz:

  • Luxexpo The Box, Hal 2 an 3

Organisatioun:

  • The Storm Events

Weider Detailer ginn et op www.thestorm.lu, op Facebook an Instagram, sou wéi um Blog www.thestormiscoming.lu.

Ähnlech Sujeten Adikt Ink, Autopolis, Black Timeless, Cynthia Offishall, Femke Fatale, Fred Kyrel, International Tattoo Convention, LUSH, Luxexpo The Box, Miss Anne Thropy, Scylla Pierce, Sea Shepherd Lëtzebuerg asbl, The Storm Events
Nächsten Artikel Virrechten Artikel