Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress
Neiegkeeten

Et sollt ee Perséinleches virun der Dier loossen. Mat dëser

E grousse Liberalen huet eis verlooss
Neiegkeeten

E grousse Liberalen huet eis verlooss

Am Alter vun 92 Joer ass de Marcel Mart gestuerwen.

money
Merkel a Macron vertrieden zu Davos eng tugendhaft Globaliséierung
Neiegkeeten

Merkel a Macron vertrieden zu Davos eng tugendhaft Globaliséierung

Déi däitsch Kanzlerin ass nees zréck op der internationaler Bühn,

#BlackLivesMatter-Demo: Aktiv géint Policegewalt an Diskriminéierung

Fir den George, géint de Rassismus: Eppes iwwer 2.000 Leit hunn haut de Mëtteg virun der US-Ambassade zu Lëtzebuerg den Affer vu rassistesch motivéierter Policegewalt a fir méi Gerechtegkeet demonstréiert

#BlackLivesMatter-Demo: Aktiv géint Policegewalt an Diskriminéierung
© Martine de Lagardère / moien.lu

© Shari Pleimelding / moien.lu

Organiséiert vum nach jonke Mouvement „Lëtz Rise Up“ enger feministescher an anti-rassistescher Beweegung, hunn ee puer Dausend Leit zu Lëtzebuerg den Appell an de sozialen Netzwierker zum Protest virun der US-Ambassade gehéiert, an hu Stellung géint den institutionaliséierte Rassismus an d’Gewalt vun Polizisten géint Afroamerikaner am besonneschen, bezunn. Black Lives Matter!

Ab 13.30 Auer huet sech den Areal virun der Ambassade mat Leit gefëllt. Déi Jonk ware wuel kloer an de Iwwerzuel, mee all Altersklassen ware vertrueden. Politiker an Aktivisten waren do, datt awer net fir Statements ofzeginn, mee fir stëll de Protest ze ënnerstëtzen. Wesentlech méi Riedséileg do d’Jugend. Si wousst firwat a virun allem wéi wichteg et ass, de „Problem“ ze benennen.

Et ass hei sécher an éischter Linn drëms gaangen, de Virfall vu Minneapolis, bei dem den George Floyd vun engem Polizist, dee sengersäits vun dräi weidere Beamten ënnerstëtzt ginn ass, viru lafender Handykamera reegelrecht ëmbruecht gouf, ze veruerteelen. Mee Policegewalt a rassistesch motivéiert Iwwergrëff ass keen amerikanesche Monopol, Rassismus ass leider allgéigewäerteg.

Opgegraff

D’Armelle (17) ass aus Frankräich eriwwerkomm. Et huet erzielt datt et aus engem éischter méi konservativen Elterenhaus kënnt. „Mäi Papp huet net mat den Algerier, woubäi dat allerdéngs Fransousen sinn, an zwar zanter Generatiounen. Och si ginn vill éischter a méi streng vun der Police kontrolléiert, hunn et méi schwéier eng Aarbecht oder eng Wunneng ze fannen“. Déi jonk Fra ass komm, fir sech géint Gewalt an Haass an alle senge Formen ze erhiewen. „Mäi Papp wäert ech net méi iwwerzeegt kréien, mee eis Generatioun kann ech beaflossen wann ech mech mat allen anere fir eng méi gerecht asetzen“.

De José (21) ass Lëtzebuerger, seng Elteren sinn aus Cabo Verde agewandert an hunn eng kleng Epicerie. „Ech hunn dee grousse Privileeg hei zu Lëtzebuerg opgewuess ze sinn. Rassismus, jo dat gëtt et och hei am Land, mee et leeft villes méi verstoppt of. Gewalt muss net physesch sinn, wat et grad hei am Land net einfach mécht se ze denoncéieren. Oft sinn et déi kleng Bemierkungen wéi ‘Ey Schocko’ oder d’Banann déi der en ‘opmierksamen’ Aarbechtskolleg zum, an sengen Aen, Spaass, moies op de Büro leet. Drop agoen ass schwiereg, a séier muss ee sech géint déi ganz Ekipp zur Wier setzen. D’Argument ass ëmmer: eppes Humor muss een erdroen“.

© Shari Pleimelding / moien.lu

Fir d’Joëlle (47), Mamm vun dräi Kanner war et déi éischt Demo un där si ganz bewosst deelgeholl huet. „Ech war a mengem ganze Liewe ni mat Rassismus wierklech bewosst a Kontakt. Wéi ech dat vum George Floyd an den Noriichten gesinn hunn, mech domadder ausenaner gesat hunn, ass mir bewosst ginn, datt een dëse System nëmmen als Gesellschaft an zesumme nees gesonde kann. Et geet mir net ëm dësen Eenzelfall, mee de Fait, datt des besonnesch traureg Saach, déi ganz Welt an net nëmmen d’USA betrëfft. Mir mussen einfach besser ginn“.

Där Aussoen hu mir der méi gesammelt, a si weisen drop hin, datt de schrecklechen Dout, dee vu ganz domme Mënschen als „Faits Divers“ betruecht gëtt, ee globale Problem ass. Op et elo d’Gewalt géint Mënsche mat schwaarzer Haut ass, Palestinenser deenen een och dat leschte Stéck Land wëll ofknäppen, oder bei eis am Land den net „integréierungsfäege“ Portugis, respektiv de „respektlosen“ Heckefransous ass deen eis Sprooch net wëll schwätzen, Rassismus huet et iwwerall.

© Shari Pleimelding / moien.lu

„Et geet net duer géint de Rassismus ze sinn, et muss een antirassistesch sinn“, esou eng vun de wichtegen Aussoen vun der Organisatioun. „Esou wéi een eng Form vun Diskriminéierung matkritt muss een aktiv dogéint virgoen, sech eraushalen heescht et toleréieren, an dat dierf net sinn“, esou déi engagéiert Damm mam Megaphon. An Si huet Recht, wien ewech kuckt oder sech eraushält, bestätegt den Täter an denigréiert d’Affer. Dofir ass et un der Zäit sech fir eng Säit ze entscheeden.

De Rassismus wäert net iwwer Nuecht verschwannen wann zu Lëtzebuerg, wéi a ganz villen anere Stied an Europa an op der Welt dem George Floyd geduecht gëtt. Och d’Policegewalt wäert ni ganz verschwannen, well mir Mënsche sinn, déi an enger Communautéit opwuessen, déi oft hir ganz eege Reegelen huet an déi beaflossen eis laangfristeg. Rassismus a Gewalt an all senge Forme muss vum Bildungssystem a Fro gestallt ginn, Et musse Generatiounen entstoen déi sech deem verwieren.

Zu gudder Lescht hei nach eppes fir nozedenken. Och zu Lëtzebuerg bleiwe mir net verschount:

Richtung22 / Instagram

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Demo

Update 19 Auer. Den US-Ambassadeur J.Randolph Evans huet e kuerze Statement verëffentlecht, an deem hien sech fir de friddleche Protest bedankt. Gewisen huet hien sech awer net.

Ähnlech Sujeten #BlackLivesMatter, Demonstratioun, Diskriminatioun, DiskriminÖierung, géint Rassismus, George Floyd, I can't breathe, Lëtz Rise Up, Manifestatioun, Policegewalt, US-Ambassade
Nächsten Artikel Virrechten Artikel