Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Kollateralschued am Handelskrich: Harley-Davidson „Made in USA“
cave paintings dating method does the league dating app work

barbie dating games mafa

En éischt Affer vum Donald Trump sengem Handelskrich, den emblemateschen

gratis nederlandse dating app
cave paintings dating method does the league dating app work

Koplescht: Ass de Wiessel vum Wahlbezierk einfach esou méiglech?

Dës Fro steet am Raum. Den Dag vun de Gemengewahlen

Editorial: Pressehëllef – Broch mam Pabéier?
cave paintings dating method does the league dating app work

Editorial: Pressehëllef – Broch mam Pabéier?

Wann et ëm Pabéier geet, dann ass d’Lëtzebuerger Presselandschaft gutt

Blame! wäicht vum Virbild of – an dat ass gutt esou!

Blame! wäicht vum Virbild of – an dat ass gutt esou!

Vun deene villen Anime-Adaptéierungen, déi een sech am Joer 2017 erwaart hätt, hätt wuel kaum een op Blame! getippt. Dem Tsutome Nihei säin Debüt-Manga aus dem Joer 1998 e gewëssene Kultstatus genéisst, mee et gëllt net als dat accessibelst vu senge Wierker. Knights of Sidonia huet säin Numm allerdéngs am Mainstream esou wäit gefestegt, datt Netflix decidéiert huet, eng Ëmsetzung vun dësem Kult-Cyberpunk-Manga ze woen, deen esou vill Fans vir onëmsetzbar gehalen hunn.

Wéineg Dialog, vill Szenerie

Ee vun de Grënn firwat dëst geduecht ginn ass huet sécherlech domadder zesumme gehaangen, datt do net besonnesch vill Geschicht – oder Dialoge – an deenen zéng Bänn vum Manga ze fannen ass. Do hu mer de Killy, dee säit laanger Zäit an enger onendlecher an dauernd wuessender Staat, déi kaum bewunnt ass, no Mënsche sicht, déi en Netzwierkgen hunn. An all déi Aventuren, déi en am Manga erlieft, sinn dovunner gepräägt, datt se eenzel do stoe kënnen an eng Verknëppung schwiereg ass. Et ass méi eng Sammlung aus beandrocknde Szenerien an Action-Szenen, wéi e klassesche Plot.

De Film vollbréngt hei eng kleng Meeschterleeschtung: Et kondenséiert e puer klenger Handlungen aus dem Manga an eng Geschicht, wat vollkommen ouni Virkenntnesser ze genéissen ass. Gläichzäiteg gräift e genuch Verweiser a Personnagen aus dem Manga op, fir Fans ze begeeschteren. Dat hänkt och mat der Optik zesummen, déi et fäerdeg bréngt, déi monumental Architekturen aus dem Manga ze vermëttelen.

Den eigentleche Plot kéint, wéi Deeler vum Soundtrack, aus engem Western stamen: De Killy trëfft op en Duerf vun “Elektrofishers”, déi an enger klenger Communautéit liewen. Des Communautéit ass allerdéngs vum Erhéngere bedreet. De Killy entdeckt an engem vun de Reim ënnert dem Duerf eng aner Persoun, déi d’Léisung fir de Problem kéint hunn.

Stilvoll, awer ouni Déifgang

Wat duerno kënnt, ass eng deels rasant, awer och deels erstaunlech roueg Story, därer et leider u Komplexitéit maangelt. Dat ass nëmmen normal, huet de Film allerhand ze dinn, de Setting, also déi onendlech Staat, gräifbar ze maachen.

An dovunner lieft de Film, en ass haaptsächlech als eng atmosphäresch Stil-Übung ze genéissen. Mee soubal een ufänkt mat krazen, mierkt een, datt ënnert dem schéine Lack de Grond ze fannen ass, firwat Blame! bal 20 Joer gebraucht huet, fir adaptéiert ze ginn: D’Figuren hunn sech am Manga ni wesentlech weider entwéckelt, de Plot huet ni en Enn fonnt.

A genau dat fanne mer hei fir. Kee vun deene wesentleche Figuren huet e Charakterbou oder entwéckelt sech weider. Och wann den Duerf-Plot zumindest deelweis geléist gëtt, ass de Killy bei senger Missioun kee Schrëtt viru komm. Datt seng Missioun a seng Figur sou zentral opgesat ginn, steet am klore Kontrast zum Ausbleiwe vun engem Ofschloss.

Fir Fans ass dat bei wäitem kee Problem. Ween d’Virlag gären huet, wäert hei eng enorm Freed hunn. Dëst schonn eleng, well déi bekannte Figuren an dës Welt zum Liewen erwächt ginn. Eleng Detailer, wéi dem Killy seng Waff, där hier Muecht Bild an Toun iwwer geet, begeeschteren! An där Hisiicht ass de Film absolut gelongen!

Elo léisst sech spekuléieren, op et sech beim ongeschécklechem Schluss ëm Originalgetreiheet oder den Usaz fir en zweete Film handelt. Béides gläichzäiteg wier absolut plausibel. Mee an deem Fall muss een d’Fro stellen, op Blame! net méi interessant als eng Serie wier. Knight of Sidonia profitéiert dovunner, trotz relativ esotereschem Plot a Figuren. Wat hei bleift ass en Film, deen zwar gutt inzenéiert awer net ganz ronn ass. Mee op mannst steet en op eegene Been.

De Film ass op Netflix ze gesinn

 

Ähnlech Sujeten Anime, Blame, Kultur, Netflix
Nächsten Artikel Virrechten Artikel